Astrophysiker

Vu Wikipedia

Astrophysiker si Fuerscher, déi sech mam Gebrauch vu physikalesche Methode bei Problemer oder bei der Erfuerschung vum Kosmos beschäftegen.

Astrophysiker hunn typescherweis ee Studium a Physik absolvéiert a sech da weider spezialiséiert. Well d'Astrophysik e Fachgebitt duerstellt, dat bal nëmmen an Universitéiten a Fuerschungsinstituter geléiert gëtt, sinn Astrophysiker meeschtens promovéiert Physiker.

Den Iwwergank tëscht Astrophysiker an Astronomen ass geleefeg.

D'Astrophysiker fannt dir an der Lëscht vun Astronomen.