Astrophysik

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Astrophysik beschäftegt sech mat de physikalesche Grondlagen vun der Erfuerschung vun Himmelserscheinungen. D'Wëssensgebidder vun der Astrophysik an der Astronomie kann een net strikt vuneneen trennen, si betounen allerdéngs verschidden Aspekter: klassescherweis beschäftegt d'Astronomie sech mat der Observatioun, Miessung a Vermiessung vun Himmelsobjeten (Cluster, Quasaren, Galaxien, astronomesch Niwwelen, Neutronestären, Pulsaren, Stären, Planéiten, Mounden, Koméiten, asw.) a mat der Interpretatioun vun de Miessdaten, déi duerch Observatiounen erfaasst ginn, souwéi vun hirer Distanz, Positioun asw.. Deem géintiwwer beschäftegt sech d'Astrophysik mat de physikalesche Prozesser, déi déi spezifesch observéiert Himmelserscheinungen provozéieren.

Klassesch Deelgebidder vun der Astrophysik[änneren | Quelltext änneren]

Theoretesch Astrophysik[änneren | Quelltext änneren]

D'theoretesch Astrophysik versicht, unhand vu Modeller, Himmelserscheinungen virauszesoen oder nozemaachen. Vill astrophysikalesch Prozesser loosse sech duerch partiell Differentialgläichunge beschreiwen, fir déi nëmmen an speziellen Situatiounen eng exakt analytesch Léisung fonnt ka ginn. Eng wäit verbreet Method an der Astrophysik sinn dofir numeresch Berechnungen (Numerik) a Simulatiounen, déi mat engem normale PC (2005) Deeg bis Wochen dauere géifen. An der Praxis gëtt dofir dacks op Supercomputer oder Cluster zréckgegraff. Duerch Observatiounen gëtt versicht fir d'Resultater ze bestätegen.

Visuell Astrophysik[änneren | Quelltext änneren]

Déi wichtegst Method ass dobäi d'Spektralanalys vun der elektromagnetescher Stralung, woubäi sech den Observatiounsberäich vun de Radiowellen (Radioastronomie) bis zu héich energetesche Gammastralen iwwer ongeféier 17 Zéngterpotenzen streckt. Vun der Äerd aus kënnen ausser siichtbarem Liicht d'Frequenzberäicher vu Radiowellen an e puer Deeler vum Infraroutberäich gekuckt ginn. De gréissten Deel vum infraroude Liicht, ultraviolettem Liicht, souwéi der Röntgenstralung a Gammastralung kënnen nëmmen vu Satellitten aus observéiert ginn, well d'Atmosphär vun der Äerd als Filter wierkt.

Klassifizéiert een d'Stären no Spektralklassen a Liichtkraaftklassen, kënne si an een Hertzsprung-Russell-Diagramm (HRD) agedroe ginn. D'Positioun am HRD leet bal all physikalesch Eegeschafte vun de Stäre fest.

Fir d'Distanzbestëmmung kann een de Faarwen-Hellegkeets-Diagramm (FHD) benotzen.

Nieft eenzelne Stäre gi virun allem d'Galaxien an d'Galaxiëkéip observéiert. Heifir ginn äerdgebonnen Teleskopen - dacks och zu Clustern zesummegeschallt - an Weltraumteleskopen wéi z. B. den Hubble benotzt. Dacks ginn och Satellitte mat Detektoren an Teleskopen, z. B. HEGRA, gestart. Donieft interesséieren sech d'Astrophysiker och fir de kosmeschen Stralungshannergrond.

Verhältnes vun der Astrophysik zu aneren Deelgebidder vun der Physik[änneren | Quelltext änneren]

Am Géigesaz zu allen aneren Deelgebidder vun der Physik, kennt d'Astrophysik keng Laborexperimenter. D'Genauegkeet, déi eventuell bei Miessungen an der Kärphysik erreecht gëtt, ass an der Astrophysik systematesch ausgeschloss. Stéiereffekte kënne kaum ëmgangen ginn. Tatsächlech kann awer d'Raumfaart als experimentell Astronomie verstane ginn an deenen hir Missiounen als Feldexperiment: D'Méiglechkeet, Teleskopen am Weltraum ze stationéieren, stellt schonn en däitleche Fortschrëtt duer.
D'Problematik vun den Echtzäitmiessungen ass duerch d'astronomesch Distanzen tëscht Äerd an de Objeten dogéint onméiglech ze vernoléissegen .

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Astrophysik – Biller, Videoen oder Audiodateien