Stärekoup

Vu Wikipedia
Oppene Stärekoup Messier 37 am Stärebild Gemini. Bilddetail zirka 20 × 24
Kugelstärekoup Messier 80

E Stärekoup ass e Gebitt mat enger héijer Dicht vu Stären am Verglach zum Nopeschberäich. D'Däitlechkeet vun hirer Konzentratioun géintiwwer dem Stär-Hannergrond kann awer ganz verschidde sinn. D'Stäre vun engem Koup gehéiere meeschtens an deem Sënn zesummen, datt si och zesummen entstane sinn. Et ënnerscheet een Oppe Stärekéip a Kugelstärekéip. Stärekéip si wichteg fir d'Erfuerschung vun der Stärenentwécklung, well all Stären en änlechen Alter hunn. Ausserdeem sinn s'a bal der selwechter Distanz zu eis, wouduerch d'Interpretatioun vu Miessunge méi sécher gëtt.

Oppene Stärekoup[änneren | Quelltext änneren]

Haaptartikel: Oppene Stärekoup

Oppe Stärekéip stellen éischter eng louss Usammlung vu Stären duer, déi aus grousse Matièrewolleken (Gas a Stëbs) zesummen entstane sinn. Trotzdeem léise si sech meeschtens mat der Zäit op, well hir Eegebeweegungen eppes verschidde sinn. Dofir si vill oppe Stärekéip "astronomesch jonk" Objete vun engem Alter bis zu e puer honnert Millioune Joer. Si hunn nach vill jonk, masseräich Stären, déi duerch hir héich Temperatur virun allem am wäiss-bloe Liicht stralen. Ee vun de bekanntsten oppene Stärekéip sinn d'Plejaden.

Kugelstärekoup[änneren | Quelltext änneren]

Haaptartikel: Kugelstärekoup

Bei den haaptsächlech stäreräiche Kugelstärekéip geet een dacks och vun engem kollektiven Entstoe vun de Stären aus. Wéinst der Gravitatioun bleiwen d'Stären unenee gebonnen. Kugelstärekéip sinn op grouss Distanze ronderëm d'Galaxien a si méi al wéi d'oppe Stärekéip, si sinn Deel vum Halo. Den Alter vu ville Kugelstärekéip läit an der Gréisstenuerdnung vun 10 Milliarde Joer (d'Universum ass 12-15 Mrd. Joer al). Den hellsten an domat och de bekanntste Kugelstärekoup ass den M 13.

Stärenassociatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Haaptartikel: Stärenassociatioun

Eng drëtt Grupp sinn d'Stärenassociatiounen, och Beweegungskéip oder Stärestréim genannt. Si sinn änlech wéi d'Oppe Stärekéip an hunn meeschtens jonk hell Stären, déi, wéi et schéngt, sech zesummen op ee Fluchtpunkt (Vertex) zoubeweegen. Zu hinnen gehéieren d'Hyaden, deenen hir Stäreverdeelung zu der Entdeckung vum Hertzsprung-Russell-Diagramm bäigedroen hunn

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stärekéip – Biller, Videoen oder Audiodateien