Plejaden (Astronomie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Plejaden (Siwestäre), och Atlantiden oder Atlantiaden genannt, sinn en oppene Stärekoup, déi mam bloussen A ka gutt gesi ginn. Den däitsche Numm vun de Plejaden ass Siebengestirn, Siwe Schwësteren a Kluck. Am Messier-Katalog huet hien Bezeechnung M45. Si sinn en Deel vun eiser Galaxis, der Mëllechstrooss.

Well d'Plejaden scho laang virun der Erfindung vum Teleskop als Stäregrupp bekannt war, ginn traditionell och dacks nëmmen déi hellsten Haaptstären als Plejade bezeechent. A munche Kulturen an historeschen Duerstellungen ginn nëmme sechs Stären zu de Plejaden gerechent. De Grond dofir ass de verännerleche Stär Pleione. Seng Visuell Magnitude variéiert lues, awer onregelméisseg tëschent där vum Taygeta an Celaeno, sou datt de Pleione heiansdo eréischt da ka gesi ginn, wann de Celaeno och schonn erkannt gëtt. Mat bloussem A sinn dofir, jee no Siichtbedingungen, sechs bis néng Stären ze gesinn.

D'Plejade si vu Mëtt September bis Enn Abrëll um nërdleche Stärenhimmel ze gesinn.

De Stärekoup läit ronn 430 Liichtjoer vun der Äerd ewech am Stärebild Stéier, ëmfaasst op d'mannst 1.200 Stären an ass ronn 125 Millioune Joer al.

Am NGC-Katalog sinn d’Plejaden net opgelëscht, dobäi gëtt et am Beräich vun de Plejaden vill Reflexiounsniwwele mat eegenen NGC-Nummeren. Dozou gehéieren de Maja-Niwwel NGC 1432 an de Merope-Niwwel NGC 1435. Nëmme 36 Bousekonnen oder 0,06 Liichtjoer vum Merope ewech ass de Barnards Merope Niwwel, e besonnesch helle Knuet bannenzeg vum NGC 1435 mat der eegener Katalogbezeechnung IC 349.

Déi zwéin hellste Stären an de Plejade sinn no Gestalte vun der griichescher Mythologie benannt, dem Titan Atlas, senger Fra Plejone sowéi hire 7 Diechter Alkyone, Asterope, Celaeno, Elektra, Maja, Merope an Taygete. D'Plejaden, déi zu den Nymphen zielen, hunn den Dionysos an den Zeus groussgezunn. Der Mythologie no goufen se vum Orion verfollegt. Den Zeus huet si als Stärebild op den Himmel versat, awer och hei gi si vum Orion verfollegt, deem säi Stärebild ronn 30° südwestlech vun de Plejaden steet.

De japaneschen Numm vun de Plejaden ass Subaru. D'Markenzeechen vum Autohirsteller mam selwechtem Numm weist dofir sechs Stären op ähnleche Positiounen.

All 18,6 Joer kënnen d’Plejaden iwwer e längeren Zäitraum vum Mound bedeckt ginn. Eng nei Serie huet 2005 ugefaangen an hält 2009 op. Zu Lëtzebuerg sinn folgend Plejadenbedeckungen an deenen nächste Joren ze gesinn:

27. Januar 2007 (18:15 Auer MEZ), 24. Februar 2007 (00:45 Auer MEZ), 7. August 2007 (01:30 Auer MESZ), 28. Oktober 2007 (01:00 Auer MESZ), 21. Dezember 2007 (22:45 Auer MEZ), 12. Mäerz 2008 (19:15 Auer MEZ), 23. August 2008 (vu Mëtternuecht mat Moundopgang), 20. September 2008 (05:00 Auer MESZ), 13. November 2008 (19:15 Auer MEZ), 7. Januar 2009 (18:30 Auer MEZ), 18. Juli 2009 (03:15 Auer MESZ), 7. Oktober 2009 (23:45 Auer MESZ, ganz no derbäi) an den 29. Dezember 2009 (03:15 Auer MEZ).

Dono muss bis zum Joer 2024 gewaart ginn, bis de Mound nees Kurs op d'Plejadestären hëlt.

[änneren] Déi hellst Stären an de Plejaden

Numm Nummer no Flamsteed Visuell Magnitude
Alkyone 25 2,86
Atlas 27 3,62
Electra 17 3,70
Maja 20 3,87
Merope 23 4,16
Taygeta 19 4,29
Pleione 28 4,8–5,5
Celaeno 16 5,45
Asterope 21 an 22 5,76 an 6,43
18 5,65

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Commons: Plejaden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen