Equinoxe

Vu Wikipedia
Den Himmelsequator (englesch celestial equator) steet ëm ~23.5° schréi zum Plang vun der Ekliptik. D'Schnëttpunkter sinn d'Equinoxen.

Ënner Equinoxe versteet een déi béid Konstellatiounen an deenen d'Sonn all Joer wärend hirer visueller Beweegung laanscht der Ekliptik iwwer den Himmelsequator geet.

Déi zwéi Punkte vun der Ekliptik déi sech op der Himmelskugel vis-à-vis leien, am Moment an deem d'Sonn an den Equinoxen ass, sinn d'Equinoxepunkten, déi den Ufank oder d'Enn vun enger astronomescher Joreszäit markéieren:

  • Den Astronomesche Fréijoersufank ass den Duerchgank duerch de Fréijoerspunkt.
  • Den Astronomeschen Hierschtufank ass den Duerchgank duerch den Hierschtpunkt.

De mëttelsten Equinoxepunkt nennt een och Géigepunkt a Wopunkt.

Als Equinoxe bezeechnet een och:

1) de mëttelste Fréijoerspunkt selwer,
2) d'Lag vum Fréijoerspunkt (Positiounsdonneeën) zu engem bestëmmten Zäitpunkt, souwéi
3) deen Zäitpunkt, fir deen d'Lag vum Fréijoerspunkt festgestallt gëtt.

An deene Bedeitunge spillt de Begrëff vun der Equinoxe eng wichteg Roll bei der Definitioun vun astronomesche Koordinatesystemer, déi de verännerleche Fréijoerspunkt als Koordinaten-Nullpunkt gebrauchen.

Well en op laang Zäit seng Positioun verännert, gëtt en als Equinoxe vum Datum oder als Standardequinoxe mat engem Zäitbezuch notéiert.

Fréijoersequinoxe[änneren | Quelltext änneren]

No dem Gregorianesche Kalenner fält d'Fréijoersequinoxe an der mëtteleuropäescher Zäitzon am 21. Joerhonnert op den 19., 20. oder 21. Mäerz, ofhängeg vun der Lag vum Joer zum nächste Schaltjoer.

Fréijoersequinoxe
2003 21. Mäerz 02:00 MEZ
2004 20. Mäerz 07:47 MEZ
2005 20. Mäerz 13:33 MEZ
2006 20. Mäerz 19:25 MEZ
2007 21. Mäerz 01:07 MEZ
2008 20. Mäerz 06:48 MEZ

Fir vill Naturvëlker war an ass d'Fréijoersequinoxe eent vun den zentrale Fester vum Joer.

Hierschtequinoxe[änneren | Quelltext änneren]

No dem Gregorianesche Kalenner fält d'Hierschtequinoxe an der mëtteleuropäescher Zäitzon am 21. Joerhonnert op den 22. oder 23. September, ofhängeg vun der Lag vum Joer zum nächste Schaltjoer.

Hierschtequinoxe
2003 23. September 12:47 MESZ
2004 22. September 18:30 MESZ
2005 23. September 00:23 MESZ
2006 23. September 06:03 MESZ
2007 23. September 11:51 MESZ
2008 22. September 17:44 MESZ

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Equinox – Biller, Videoen oder Audiodateien