Himmelsequator
Den Himmelsequator ass de Grousskrees op der geduechter Himmelskugel, op deem um se vum Plang vum Äerdequator geschnidde gëtt. Anescht ausgedréckt: wann een an de Mëttelpunkt vun enger gliesener Äerdkugel eng Luuchtt stellt, ass den Himmelsequator d'Projektioun vum Äerdequator. Hien deelt d'Himmelskugel an eng Nord- an an eng Südhallschent.
Well d'Äerdachs géigeniwwer vum Niveau vum Sonnesystem gebéit ass, schneit den Himmelsequator d'Ekliptik – de schäinbare Niveau vun der Ëmlafbunn vun der Sonn ëm d'Äerd – an engem Wénkel vun 23,44° (Schréicht vun der Ekliptik). Déi béid Schnëttpunkte gi Fréijoerspunkt oder Hierschtpunkt genannt, well en an hinnen d'Projektioun vun der Sonn un déi schäinbar Himmelskugel, bei den Equinoxen am Fréijoer oder am Hierscht fënnt.
Plazen um Himmelsequator hunn am equatoriale Koordinatesystem d'Deklinatioun 0°, eng Poldistanz vun 90° an hir Rektaszensioun gëtt vum Fréijoerspunkt aus gemooss.
Well d'Äerdachs eng Prezessiounsbewegung mécht, ännert sech am Laf vun der Zäit och den Himmelsequator.
Literatur [änneren]
- Joachim Herrmann: dtv-Atlas Astronomie. Dtv, Mäerz 2005. ISBN 3423032677
| Commons: Equator – Biller, Videoen oder Audiodateien |