Inklinatioun (Astronomie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
A – Objet
B – Zentralobjet
C – Referenzgläich
D – Orbitalgläich
i – Inklinatioun

D'Inklinatioun oder Bunnschréiegt vun engem Himmelskierper ass an der Himmelsmechanik de Wénkel tëschent sengem Orbitalplang an engem Referenzplang.

D'Bunnschréiegt ass eent vun den sechs Bunnelementer vun de klassesche Bunnbestëmmungen a gëtt bal ëmmer mat i (fir „Inklinatioun“) bezeechnet. Zesumme mat dem Argument vum Knuet definéiert si d'Positioun vum Orbitalplang am Raum.

  • D'Schréiegt vun enger Exoplanéitebunn gëtt géigeniwwer der direkter Siichtlinn (woubäi Inklinatioun=0° heesche géif, datt mär d'System direkt vun uewe kucken, de Bunnpol also op d'Plaz vum Observateur weist, an d'Inklinatioun=90° heesche géif, datt mär d'Bunngläich direkt vun der Kant gesinn.)[1]

Am Fall vu Keplerbunnen (nëmmen zwéi Kierper am Vakuum) ass se konstant an den Orbitalplang bleift a senger Ausriichtung ënnert de Fixstäre stabil. Bei gravitative Stéierungen duerch drëtt Kierper kritt d'Argument vum Knuet kleng, deelweis periodesch Ännerungen. Dofir gëtt d'Bunnelement als eng Rei vun oskuléierenden Termen par rapport zu enger Epoch uginn, also als zu engem bestëmmten Zäitpunkt gëlteg Näherungsléisung.

Referenz [änneren]

  1. Zitat (vervollstännegt) aus: Astrolexikon: Inklination http://www.planeten.ch/?lexikon=Inklination

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie