Positiounswénkel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Positiounswénkel aß eng Richtungsangab um Himmel, bezunn op d’Richtung zum Himmelsnordpol.

Ënnert Positiounswénkel versteet den Astronom eng Richtungsangab am Equatoriale Koordinatesystem (Rektaszensioun an Deklinatioun), déi sech op d'Richtung zum Himmels-Nordpol bezitt.

Inhaltsverzeechnes

Definitioun [änneren]

De Positiounswénkel vun engem Objet 2, bezunn op den Objet 1, ass dee Wénkel, deen tëscht der Verbindungslinn déi vum Objet 1 op den Objet 2 fortgeet, an där déi vum Objet 2 op den Himmelsnordpol weist. Hie gëtt vu Nord iwwer Ost (also géint den Auerzäresënn) a vun 0° bis 360° gezielt.

Berechnung [änneren]

Déi genannte Verbindungslinne sinn ëmmer Grousskrees-Ofschnëtter vun der Himmelskugel. Betruecht een dat duerch Objet 1, Objet 2 an den Himmelsnordpol gezeechent sphärescht Dräieck, sou léisst sech mat Hëllef vu Formele aus der sphärescher Trigonometrie eng Formel fir den an Objet 1 uleienden Dräieckswénkel ofleeden.

Hunnn d'Objeten 1 an 2 déi equatorial Koordinaten α1, δ1 resp. α2, δ2, sou kann de Positiounswénkel vum Objet 1 zum Objet 2 berechent ginn duerch[1]

P = \arctan\left(\frac{\sin(\alpha_1 - \alpha_2)}{\cos(\delta_2) \tan(\delta_1) - \sin(\delta_2) \cos(\alpha_1 - \alpha_2)} \right)

Am Fall, wou béid Rektaszensiounen gläich sinn, ass de Positiounswénkel 0. Wann de Nenner vum Broch negativ ass, mussen bei d'Resultat 180° addéiert ginn, fir de Wénkel an de korrekte Beräich tëschent 90° an 270° ze bréngen.

Uwendungen [änneren]

De Positiounswénkel déngt zu der Beschreiwung vun der relativer Lag vun zwéin Objeten oder vu Beweegungsrichtungen um Stärenhimmel a gëtt virun allem fir folgend Date gebraucht:

Beispiller [änneren]

  • Déi béid hënnescht „Këschtestäre“ vum grousse Won, Stärebild Ursa Major weise bekanntlech zum Polarstär. Den ieweschte „Këschtestär“, alpha UMa, huet d'Koordinaten α1 = 165,93° an δ1 = 61,75°. Deen ëneschte Këschtestär, beta UMa, huet d'Koordinate α2 = 165,46° an δ2 = 56.38°. De Positiounswénkel vum alpha geméiss beta UMa huet dofir 2,4°; d'Verbindungslinn weist wéi erwaart bal genee no Norden a weist nëmme ganz wéineg no Osten. Ëmgekéiert steet beta geméiss alpha UMa op engem Positiounswénkel vu 182,8°.
  • All Fixstäre beweege sech am Zuch vun der deeglecher visueller Ëmdréiung vun der Himmelskugel genee a Richtung vun engem Positiounswénkel vun 270°.
  • De Stär Algieba ass en Duebelstär. Säi Begleeder steet géigewäerteg an engem Ofstand vu 4,4Bousekonne vum Haaptstär an op engem Positiounswénkel vun 125 Grad.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Referenzen [änneren]

  1. J. Meeus: Astronomical Algorithms. 2nd ed., Willmann-Bell, Richmond 1998, ISBN 0-943396-61-1, Kap. 17