Equatoriaalt Koordinatesystem
D'equatoriaalt Koordinatesystem ass eent vun de geozentresche Koordinatesystemer, déi an der sphärescher Astronomie gebraucht ginn. Et rotéiert entweder mat der Himmelskugel (System dat rotéiert) oder ass un de Meridian gebonnen (uertsfest System).
Am Géigesaz zum ekliptikale Koordinatesystem, dat als Bezuch dee vun der Ekliptik (schäinbar Joresbunn vun der Sonn um Himmel) beschriwwene Plang huet, gëtt de Plang vum Himmelsequator gebraucht.
Beschreiwung [änneren]
D'Positioun vun engem Objet um Himmel gëtt duerch zwou Koordinaten uginn:
System dat rotéiert:
- Deklinatioun
(Wénkelofstand vum Equatorialplang) - Rektaszensioun
(Wénkelofstand vum Fréijoerspunkt)
De Fréijoerspunkt verréckelt sech duerch d'Prezessioun lues géint de Stärenhimmel, wat ze beuechten ass.
Uertsfest System:
- Deklinatioun
(Wénkelofstand vum Equatorialplang) - Stonnewénkel
(Wénkelofstand vom Meridian)
D'Virzeeche vun der Deklinatioun trennt d'Himmelskugel an d'Nord- a Südhemisphär.
Kuckt och [änneren]
D'Ëmrechnung tëschent de verschiddenen astronomesche Koordinatesystemer ass am Haaptartikel Astronomesch Koordinatesystemer beschriwwen.
(Wénkelofstand vum Equatorialplang)
(Wénkelofstand vum
(Wénkelofstand vom Meridian)