Deklinatioun (Astronomie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Deklinatioun gëtt an der Astronomie als eng Koordinat bei de Positiounsdonneeën vun Himmelsobjete gebraucht. Si entsprécht der Projektioun vum Breedekrees vun der Äerd op eng (imaginär) Himmelskugel. D'Deklinatioun gëtt soumat de Wénkelofstand vun engem Objet vum Himmelsequator un. Wäerter nërdlech vum Equator si positiv, Wäerter südlech dovu sinn negativ. Als Symbol gëtt an der Astronomie de Buschtaf δ benotzt.
D'Deklinatioun hänkt enk mat der astronomescher Héicht zesummen, ass awer onofhängeg vun Observatiounsplaz an -zäitpunkt. Um Nordpol ass d'Deklinatioun mat der maximaler Héicht identesch.