Delta

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De griichesche Buschtaf „Delta“

Den Delta (griichesch, Groussbuschtaf: Δ, Klengbuschtaf: δ) ass de véierte Buschtaf am griicheschen Alphabet.

Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

D'Zeeche kënnt vum phenizesche Buschtafdaleth“.

Delta am Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

An der algriichescher Sprooch representéiert den Delta als δ’ d'Zuel 4 an als ,δ 4.000. Wéinst der Form vum Groussbuschtaf Δ gëtt zanter dem Herodot deen Deel vun Ënneregypten, deen tëscht den zwéin Niläerm läit, als Nildelta bezeechent, sou wéi och bei engem Flossdelta allgemeng.

An de Grondlage vun der Mathematik

Een ëmgekéiert groussen Delta ∇ gëtt als Nabla bezeechent. Keen Delta ass d'Symbol \triangle (TeX triangle), mat deem een Dräieck bezeechent gëtt.

An ugewandter Mathematik, Wëssenschaften an Technik