Griichescht Alphabet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'griichescht Alphabet ass d'Schrëft, an déier d'griichesch Sprooch zënter dem 9. Joerhonnert v. Chr. geschriwwe gëtt. Déi griichesch Schrëft ass eng Weiderentwécklung vun der phenizescher Schrëft. Si war déi éischt Alphabetschrëft am engere Sënn. Vum griicheschen Alphabet stamen ë. a. dat laténgescht, kyrillescht a koptescht Alphabet of. Dat griichescht Alphabet huet haut 24 Buschstawen, déi genee wéi am latäineschen Alphabet als Majuskel (Groussbuschtawen) a Minuskel (Klengbuschtawen) virkommen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Zeechen

[änneren] Klassesch Zeechen

Zeechen Var.1 Numm2
(algr. Schreiwung)
neigr. Numm
(neigr. Schreiwung)
Altgr. Transkriptioun Neugr. Transkriptioun Bemierkung
Α, α Alpha álfa (άλφα) a
Β, β ϐ Beta víta (βήτα) b
Γ, γ Gamma gám(m)a (γάμ(μ)α) g
Δ, δ Delta délta (δέλτα) d
Ε, ε ϵ Epsilon épsilon (έψιλον) e e
Ζ, ζ Zeta zíta (ζήτα) z z
Η, η Eta íta (ήτα) ē i
Θ, θ ϑ Theta thíta (θήτα) th th
Ι, ι Iota ióta (ιώτα) i i
Κ, κ ϰ Kappa káp(p)a (κάπ(π)α) k k
Λ, λ Lambda lámda (λάμδα) l l
Μ, μ My mi (μι) m m
Ν, ν Ny ni (νι) n n
Ξ, ξ Xi xi (ξι) x x
Ο, ο Omikron ómikron (όμικρον) o o, fält ewech vir ι
Π, π ϖ Pi pi (πι) p p, μπ = (m)b 5
Ρ, ρ ϱ Rho ro (ρω) r(h) r
Σ, σ ς 6, C7 Sigma sígma (σίγμα) s s
Τ, τ   Tau taf (ταυ) t t, ντ = (n)d 5
Υ, υ Ypsilon ýpsilon (ύψιλον) y
bei αυ, ευ, ου: u
y, nom Vokal v oder f
Φ, φ ϕ Phi fi (φι) ph f
Χ, χ Chi chi (χι) ch ch
Ψ, ψ Psi psi (ψι) ps ps
Ω, ω Omega oméga (ωμέγα) ō o
Fréiform vum griicheschen Alphabet. Archeologescht Nationalmuseum, Athen

[änneren] Netklassesch Zeechen

Zeechen Var.1 Numm2
Altgr.
Transkriptioun
Altgr.
Aussprooch3
Bemierkung
Ϝ, ϝ Ͷ, ͷ Digamma (Wau) w Archäesche Buschtaf a spéider Zuelzeechen fir 6
Ϛ, ϛ Stigma     Mëttelalterlech Ligatur fir στ an als Zuelzeechen Ersaz fir Ϝ
Ͱ, ͱ Heta h Historesch Variant vun Eta als Konsonant
Ϻ, ϻ San s Archaesche Buschtaf, alternativ zu Sigma
Ϙ, ϙ Ϟ, ϟ Koppa q Archaesche Buschtaf a spéider Zuelzeechen fir 90
Ͳ, ͳ Ϡ, ϡ Sampi ss Ionesche Buschtaf, spéider Zuelzeechen fir 900

1) Alternativ Glyphe fir de Buschtaf
2) Numm vum Buschtaf an däitscher Transkriptioun
3) Rekonstruéiert Aussprooch am 5. Joerhonnert v. Chr.; kuckt och Algriichesch Phonologie
4) Déi neigriichesch Transkriptioun gëtt net eenheetlech gebraucht. Déi hei gebrauchten Transkriptioun riicht sech no déier an der Wikipedia gebrauchten Nummkonventioun Neigriichesch.
5) net viru stëmmlose Konsonante; den n oder m fält nëmme beim Wuertufank ewech.
6) nëmmen an ëmmer um Wuertenn, ausser et et kënnt en Apostroph (Beispill: μέσα kann zu μες oder μεσ' verkierzt ginn.)
7) Die C-ähnlech Form vum Sigma gëtt am kierchleche Kontext nach regelméisseg gebraucht.

[änneren] Friem Zeechen

Zeechen Numm2
Friem
Transkriptioun
Friem
Aussprooch3
Bemierkung
Ϸ, ϸ Scho, San š Zousätzleche Buschtaf am Baktresch (Netgriichesch)

[änneren] Buschtawenimm

D'Bezeechnunge vun de Buschtawen hunn am Griichesche keng Bedeitung. Si goufen gréisstendeels aus dem Phönizeschen iwwerholl. Do bezeechnen d'Buschtawenimm Begrëffer, deenen no dem akrophonesche Prinzip e Lautwert zougeuerdert gouf. Beispillsweis bedeit aleph „Ochs“ an beth „Haus“.

D'Nimm vun e puer Vokale ginn op d'byzantinesch Zäit zeréck. Hir Bezeechnungen a klassescher Zäit ënnerscheede sech deels, z. B. goufen d'Buschtawen Omikron an Omega einfach [oː] an [ɔː] genannt. Erréicht wou d'Aussprooch vu béide Stëmmen zesummegefall sinn, huet een d'Buschtawen ënnerscheed duerch d'Nimmzousäz mikrón an méga (Omikron bedeit „klengen O“, Omega „groussen O“). Ähnlech verhält et sech bei den Nimm Epsilon („einfachen E“) an Ypsilon („einfachen Y“), déi fir d'Ënnerscheedung zu de gläichkléngende Buschtawekombinatioune ει an οι agefouert goufen.

[änneren] Literatur

  • Johannes Bergerhausen, Siri Poarangan: decodeunicode: Die Schriftzeichen der Welt Hermann Schmidt, Mainz, 2011, ISBN 978-3-87439-813-8
  • B. B. Powell: Homer and the Origin of the Greek Alphabet. Cambridge 1991. (engl.)
  • Stanislav Segert: Altaramäische Schrift und die Anfänge des griechischen Alphabets. In: Klio 41 (1963), 38–57.
  • Andreas Willi: Polytonesch Κάδμος ἀνέθηχε. Zur Vermittlung der Alphabetschrift nach Griechenland. In: Museum Helveticum 62 (2005), 162–171.
  • Florian Coulmas: The Blackwell Encyclopedia of Writing Systems. Blackwell Publishers, Oxford 1997. ISBN 0-631-21481-X (engl.)
  • Bernard Comrie, Stephen Matthews und Maria Polinksy (Hrsg.): Bildatlas der Sprachen. Bechtermünz Verlag, Augsburg 1998. ISBN 3-8289-0707-5.
  • Handbuch der Altertumswissenschaft 1,4

[änneren] Um Spaweck

Commons: Griichescht Alphabet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen