Alphabet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mam Artikel Alphabet an der Sproochwëssenschaft. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Alphabet (Homonymie).

D'Alphabet (aalgr. ἀλφάβητος alphábētos) ass eng Zuel vun Zeechen, fir Wierder vun enger Sprooch schrëftlech duerzestellen. Den Numm Alphabet kënnt vun denen zwee éischte Buschtawe vum griicheschen Schreifsystem: Alpha – α a Beta – β.

Dat modernt laténgescht Alphabet huet 26 Zeechen. Dëst sinn a grousse Buschtawen A, B, C, D, E, F, G, H, I, J, K, L, M, N, O, P, Q, R, S, T, U, V, W, X, Y, Z; an a klenge Buschtawen: a, b, c, d, e, f, g, h, i, j, k, l, m, n, o, p, q, r, s, t, u, v, w, x, y, z;

D'Nimm vun de Buschtawe sinn lännerspezifesch. Esou kënnen a verschiddene Sproochen nach dat eent oder anert Zeechen dobäi kommen, wéi z.B. d'Buschtawe fir Ëmlauten oder Betounungen ze schreiwen oder ze markéieren.

E puer Beispiller:

  • Am Däitschen: Ä, ä, Ü, ü, Ö, ö
  • Am Franséischen: É, é, È, è, Î, î, Ã, â, À, à
  • Am Lëtzebuergeschen: Ë, ë
  • Am Spueneschen: ñ, ó
Perséinlech Tools