Kyrillescht Alphabet

Vu Wikipedia
Länner an Europa, an deenen dat kyrillescht dat eenzegt offiziellt Alphabet ass (däischterrout) an an deenen et nieft dem laténgeschen Alphabet ko-offiziell ass (hellrout). An deene gesträifte Länner gëtt et e puer offiziell Sproochen, vun deenen der eng oder e puer net am kyrilleschen Alphabet geschriwwe ginn.

D'Kyrillescht Alphabet oder d'Kyrilliza ass eng Buschtaweschrëft, déi a ville, virun allem ost- a südslawesche Sproochen an Europa an an Asien benotzt gëtt.

Si gouf am Alslaweschen an duerno am Kiercheslaweschen als Schrëftform benotzt. Nom 10. Joerhonnert huet et dat Glagolitescht Alphabet lues a lues ofgeléist a gouf d'allgemeng Schrëft vun den orthodoxe Slawen.

Den Numm vum Alphabet kënnt vum Slawenapostel Kyrill, awer et war de Kliment Ochridski den d'Kyrilliza entwéckelt huet. D'kyrillesch Buschtawe baséieren op der griichescher Unzialschrëft, mä fir spezifesch slawesch Phonemer gouf op glagolitesch Buschtawen zréckgegraff.

Kyrillesch Buschtawen[änneren | Quelltext änneren]

Hei ënnen ass eng Tabell mat alle kyrillesche Buschtawen opgelëscht. Se enthält dat ursprénglecht Alphabet wéi et an der Kiercheslawescher an Alslawescher Sproch benotzt gouf.

Buschtaf Numm Ausprooch Zuelwäert
а азъ (As) a 1
б бѹкы (Buki) b
в вѣдѣ (Wede) w 2
г глаголи (Glagoli) g 3
д добро (Dobro) d 4
е, є ѥстъ (Jest) je, e 5
ж живѣтє (Shiwete) j wéi Jean
ѕ ѕѣло (Dselo) ds 6
з зємлꙗ (Semlja) s stëmmhaft wéi Sënn 7
иже (Ishe) i 10
і, ꙇ и, ижеи (I, Ishei) i 8
ћ дєрвъ, ћѣрвь (Derw, G'erw) g' wéi am englesche Wuert "coagulate"
к како (Kako) k 20
л людиѥ (Ljudije) l 30
м мыслите (Myslite) m 40
н нашь (Nasch) n 50
о онъ (On) o 70
п покои (Pokoi) p 80
р рьци (Rzy) r 100
с слово (Slowo) s stëmmlos wéi iessen 200
т тврьдо (Twerdo) t 300
ѵ, у ижица (Ishiza) i 400
ѹ ѹкъ (Uk) u 400
оникъ (Onik) u
ф фрьтъ (Fert) f 500
х хѣръ (Cher) ch wéi Baach 600
ѡ отъ (Ot) o 800
ц ци (Zi) z 900
ч чрьвь (Tscherw) tsch 90
ш ша (Scha) sch
щ шта (Schta) scht
ъ ѥръ (Jer) haart Zeechen
ы, ъи, ꙑ, ъꙇ ѥры (Jery) y
ь ѥрь (Jer) mëllt Zeechen
ѣ ꙗть (Jat) je, jä
ю ю (Ju) ju
ѭ юс большой йотированный (Grousse jotéierte Jus) ion wéi am Franséischen "espion"
ѧ, ꙙ,  юс малый (Klenge Jus) in wéi am Franséischen "fin" 900
ѫ юс большой (Grousse Jus) on wéi am Franséischen "bon"
ѩ юс малый йотированный (Klenge jotéierte Jus) ien wéi am Franséischen "le sien"
а йотированное (Jotéierten a) ja
ѥ е йотированное (Jotéierten e) je
ѯ кси (Ksi) ks 60
ѱ пси (Psi) ps 700
ѳ фита (Fita) f, t 9
ҁ коппа (Koppa) ҁ gouf nëmmen als Zuel benotzt 90

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]