Alpha

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De griichesche Buschtaf Alpha

Alpha (algriichesch, haitegt Griichesch; Majuskel Α, Minuskel α) ass den éischte Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet den numeresche Wäert vun 1.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ofstamung

D'Zeeche geet op de phenizesche Buschtaf alef zeréck, deen ursprénglech e Stéierkapp duergestallt huet. Wann een e groussen Alpha op de Kapp stellt oder e klengen ëm 90 Grad géint den Auerzärersënn dréint, kann ee nach gutt e Stéierkapp erkennen.

Aus demselwechten Zeechen hu sech den hebräeschen aleph an den arabeschen alif entwéckelt, aus dem griichesche Buschtaf de laténgeschen A an doraus och de kyrilleschen A.

[änneren] Alpha = Ufank, Eent

Den Alpha ass den éischte Buschtaf vum griicheschen Alphabet, dofir steet Alpha fir „Ufank“, nach méi symbolesch fir „Geescht“ (ëmgangsproochlech och dat „Héchst“, „Gréisst“, „Bescht“)

  1. Beta ass den zweete Buschtaf, doduerch kënnt d'Wuert Alphabet
  2. Omega ass de leschte Buschtaf: D'Riedensart »den A an O« (eigentlech: »den Ἄλφα an den Ὠμέγα«) bedeit „Ufank an Enn“, „Alles“, „Gott“. Och d'Riedensart »en A fir en O virmaachen« „d'Tatsaache verdréinen“ bezitt sech dorop.

Alpha ass och d'Zuel Eent vum griicheschen Zifferesystem, doraus leede sech Fachausdréck of:

  • Sou schwätzt een a Ranguerdnunge vum Alpha-Déier als dem ranghéchsten oder Leetdéier, an entspriechend vum Omega-Déier fir déi rangniddregst Stuf.
  • An der Software-Entwécklung ass d'Alpha-Versioun eng éischt laffäheg Programmversioun.

[änneren] Alpha als Formelzeechen

[änneren] Um Spaweck

Commons: Alpha – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen