Omikron
Den Omikron (griichescht Neutrum, „klengen O“, kuerz gesprach, [vergläicht och Omega]; Majuskel Ο, Minuskel ο) ass de 15. Buschtaf vum griichescht Alphabet an hat bei den ale Griichen no dem milesescht Prinzip en numeresche Wäert vu 70.
[änneren] Urspronk
D’Zeechen kënnt vum phönizesche Konsonant Ajin, deem d’Griichen de Vokalwäert „o“ ginn hun. Et ass ee vun de wéinege Buschtawen, bei deem d’Griichen de semitesche Buschtafnumm net iwwerholl hunn. Spéider hunn d’Griichen hir Alphabet ëm e puer Zousazbuschtawe vergréissert, vun deenen de leschte, den Omega (griichesch: groussen O) war. Aus dem Omikron huet sech iwwer d’etruskesch Schrëft dat latäinescht O entwéckelt, bei deem dann de griichesche Buschtawenumm ewech gefall ass.
[änneren] Gebrauch vum Omikron
An der Mathematik gouf e groussen Omikron vum Paul Bachmann 1892 fir d’Beschreiwung vun der Gréisstenuerdnung enger Funktioun gebraucht. Haut ass dës Notatioun ënnert dem Numm Landau-Symbol bekannt a gëtt haut normalerweis als latäinescht O verstanen.
Alpha Αα · Beta Ββ · Gamma Γγ · Delta Δδ · Epsilon Εε · Zeta Ζζ · Eta Ηη · Theta Θθ · Iota Ιι · Kappa Κκ · Lambda Λλ · My Μμ · Ny Νν · Xi Ξξ · Omikron Οο · Pi Ππ · Rho Ρρ · Sigma Σσς · Tau Ττ · Ypsilon Υυ · Phi Φφ · Chi Χχ · Psi Ψψ · Omega Ωω
Aner, net klassesch Buschtawen: Digamma Ϝϝ · Stigma Ϛϛ · Heta Ͱͱ · San Ϻϻ · Scho Ϸϸ · Koppa Ϙϙ · Sampi Ͳͳ