Kappa

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De griichesche Buschtaf „Kappa“

De Kappa (griichesche Neutrum, Majuskel Κ, Minuskel κ oder ϰ) ass den 10. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom mileseschen Prinzip e numeresche Wäert vun 20.

Gebrauch vum Kappa [änneren]

An der Physik gëtt d'Symbol \kappa fir verschidde physikaldsch Gréisste gebraucht. Et ass op enger Säit d'Formelzeechen fir d'elektresch Leetfäegkeet, fir d'kinematesch Viskositéit an zum aneren d'Formelzeeche vun der Kompressibilitéit. Heiansdo gëtt och d'Formelzeeche fir d'Isentropenexponent \kappa gebraucht.

D'Mathematik gebraucht d'Symbol fir d'Bezeechnung vun der Krëmmung.

An der Psychologie gëtt d'Symbol fir Cohens Kappa als Mooss vun der Inter-Rater-Iwwerastëmmung genotzt.

An der Medezin gi bei Monoklonaler Gammopathie (Plasmozytom a Virstufen) d'Paraproteinnen (inkomplett Immunglobulinnen) fir d'Differenzéierung a Miessung a Kappa- an Lambda-Proteinnen agedeelt.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Kappa – Biller, Videoen oder Audiodateien