Pi (Buschtaf)
De Pi (griichescht Neutrum, Majuskel Π, Minuskel π) ass de 16. Buschtaf vum griicheschen Alphabet.
De Buschtaf Pi hat bei de Griichen als Ziffer no dem mileseschen Prinzip de Wäert 80.
Urspronk [änneren]
D'Variant-Form vum Minuskel ϖ (oder och
) war bei de Byzantiner déi üblech Schreifweis. Si fënnt sech och an de fréieste Dréck. Béid Formen,
an
, waren zënter dem Mëttelalter nieweneneen gebräichlech, och haut gëtt nach
a griichesche Schreifschrëfte gebraucht. Als gedréckte Letter ass si awer aus der normaler griichescher Schrëft verschwonnen. Haut ass säin Asazberäich op Mathematik, Physik, Astronomie an Technik begrenzt a stellt do en eegestännegt Zeechen.
Gebrauch vum Pi [änneren]
- An der Biologie bezeechent π en osmotescht Potential.
- An der Physik bezeechent π
- e Meson, kuckt Pion,
- e Spannungstensor.
- An der Mathematik
- bezeechent
d'Kreeszuel, - gëtt
oft als Formelzeechen fir Permutatioune gebraucht, - bezeechent
d'lemniskatesch Konstant (als Analogon zum Krees), - kennzeechent d'Produktzeechen Π d'Multiplikatioun vu ville mathemateschen Objete,
- bezeechent
(x) d'Primzuelfunktioun.
- bezeechent
- an der Chimie als Pi-Bannung an Pi-Komplex
- An der Polyamory-Flagge steet de π fir den Ufanksbuschtaf „P“ an Polyamory.
- An der Vollekswirtschaftsléier bezeechent π d'Inflatiounsrat.
- An der Betribswirtschaftsléier gëtt π oft als Bezeechnung fir de Gewënn gebraucht.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Pi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Alpha Αα · Beta Ββ · Gamma Γγ · Delta Δδ · Epsilon Εε · Zeta Ζζ · Eta Ηη · Theta Θθ · Iota Ιι · Kappa Κκ · Lambda Λλ · My Μμ · Ny Νν · Xi Ξξ · Omikron Οο · Pi Ππ · Rho Ρρ · Sigma Σσς · Tau Ττ · Ypsilon Υυ · Phi Φφ · Chi Χχ · Psi Ψψ · Omega Ωω
Aner, net klassesch Buschtawen: Digamma Ϝϝ · Stigma Ϛϛ · Heta Ͱͱ · San Ϻϻ · Scho Ϸϸ · Koppa Ϙϙ · Sampi Ͳͳ
d'