Eta
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Buschtaf Eta. Fir d'Ofkierzung mam selwechten Numm, kuckt w.e.g. ETA. |
Den Eta (griicheschen Neutrum, Majuskel Η, Minuskel η) ass de 7. Buschtaf vum Griicheschen Alphabet an huet nom mileseschem Prinzip en numeresche Wäert vun 8.
Urspronk[änneren]
D'H-Zeeche gouf fir d'éischt als „heta“ iwwerholl a spéider zum „eta“ verännert. Well elo fir de Laut „H“ en Zeechen gefeelt huet, gouf de Buschtaf „H“ an der Mëtt vertikal getrennt an déi béid Hallschente gebraucht.
Am haitege Griicheschen gëtt Eta wéi i ausgeschwat.
Eta am Gebrauch[änneren]
- An der Analys gëtt de klengen Eta gären als „Partner“ zum laténgeschen klengen Y gebraucht, z. B.
. - An der Elementardeelchephysik bezeechent de klengen Eta den η-Meson.
- An der Héichenergiephysik bezeechent de klengen Eta d'Pseudorapiditéit, eng Koordinat an Experimenter mat héichenergeteschen Deelchestralen.
- An der Stréimungsléier bezeechent de klengen Eta (η) d'dynamesch Viskositéit.
- Am technesche Beräich steet de klengen Eta (η) fir de Wierkungsgrad.
- An der Vollekswirtschaftsléier steet de klengen Eta (η) fir Elastizitéit.
- An der Geotechnik (Bauingenieurswiesen) steet de klengen Eta (η) fir de globale Sécherheetsbäiwäert.
- Am Seegelfluch steet de klengen Eta (η) fir d'Gleitzuel.
- An der Meteorologie steet de klengen Eta (η) fir d'absolut Vorticity.
- An der Mathematik ginn zwou verschidden Funktiounen als Eta-Funktioun bezeechent: d'Eta-Funktioun vum Dirichlet an d'Eta-Funktioun vum Dedekind
Alpha Αα · Beta Ββ · Gamma Γγ · Delta Δδ · Epsilon Εε · Zeta Ζζ · Eta Ηη · Theta Θθ · Iota Ιι · Kappa Κκ · Lambda Λλ · My Μμ · Ny Νν · Xi Ξξ · Omikron Οο · Pi Ππ · Rho Ρρ · Sigma Σσς · Tau Ττ · Ypsilon Υυ · Phi Φφ · Chi Χχ · Psi Ψψ · Omega Ωω
Aner, net klassesch Buschtawen: Digamma Ϝϝ · Stigma Ϛϛ · Heta Ͱͱ · San Ϻϻ · Scho Ϸϸ · Koppa Ϙϙ · Sampi Ͳͳ

.