Sigma
De griichesche Buschtaf Sigma (griichescht Neutrum ass den 18. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet no dem mileseschen Prinzip e numeresche Wäert vun 200.
Urspronk[änneren]
D'Phenizescht Alphabet hat véier Buschtawe fir Zëschlaut. D'Griichen haten der zwéin dovu fir hir S-Lauten iwwerholl, déi awer ni gläichzäiteg an engem vun den ënnerschiddleche algriicheschen Alphabete virkoumen. De Buschtaf Samech gouf am ioneschen Alphabet als X mat dem Lautwäert ksi gebraucht. Säin Numm awer gouf a liicht ofgewandelter Form op de phenizesche Buschtaf „Sin“ iwwerdroen, deen elo am Griichesche Sigma heescht.
Vum griichesche Sigma leede sech souwuel de kopteschen a kyrilleschen С (iwwer déi am byzantinesche Räich verbreete Form vum Sigma, deen dem C geglach huet), wéi och de laténgeschen S (iwwer d'gewéinlech Majuskel) of.
Gebrauch vum Sigma[änneren]
- als klenge Sigma σ
- am Qualitéitsmanagement Six Sigma (3,4 Feeler pro enger Millioun Feelerméiglechkeeten)
- an der Physik
- fir d'Uewerflächespannung
- fir d'Fléissspannung
- fir d'Stefan-Boltzmann-Konstant
- fir d'spezifesch elektresch Leetfähegkee vun engem Material
- fir d'Pauli-Matriz
- fir de Wierkungsquerschnëtt
- an der Mechanik fir d'Spannung
- an der Wierkstoffwëssen
- eng zimlech steif Phas am Fe-Cr-System
- d'Zuchspannung
- an der Informatik
- fir d'Bezeechnung vun der Selektioun an der relationaler Algebra
- fir d'Bezeechnung vun der Selektivitéit enger Datebankoffro
- an der Mathematik
- an der Statistik fir d'Standardofwäichung vun der Grondgesamtheet
- an der mathemateischer Zuelentheorie fir eng Deelerzomm
- an der Chimie
- fir d'Benennung vun enger Orbital-Bannung
- fir d'Benennung vum Sigma-Komplex
- als Zeechen fir d'Volumenkonzentratioun
- an der Biologie
- fir e Protein, dat duerch Bannung un d'RNA-Polymeras fir d'Initiatioun vun der Transkriptioun noutwendeg ass (kuckt Sigma-Fakter )
- an der Phonologie
- fir eng Silb
- an der Mikroökonomie
- als Zeechen fir d'Substitutiounselastizitéit
- als grousse Sigma Σ
- Bezeechner an der Physik fir en Σ-Baryon.
- Symbol an der Mathematik fir d'Zomm oder Signatur.
- Symbol an der Statistik fir d'Kovarianzmatrix
- Symbol an der Theoretescher Informatik fir en Alphabet
- An der Astronomie ass Sigma d'Vitesse, mat där sech d'Stären am baussenzege Rand vun enger Galaxis beweegen.
- als Wuert Sigma
- Gebrauch an der Ökologie a Vegetatiounswëssen: Sigma-Soziologie (Synsoziologie) , d. h. d'Erfaassung vu Vegetatiounskomplexe
- Kuerzbezeechnung an der Medezin fir den S-fërmeg verlafenden Deel vum Déckdaarm (Colon sigmoideum).
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Sigma – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Alpha Αα · Beta Ββ · Gamma Γγ · Delta Δδ · Epsilon Εε · Zeta Ζζ · Eta Ηη · Theta Θθ · Iota Ιι · Kappa Κκ · Lambda Λλ · My Μμ · Ny Νν · Xi Ξξ · Omikron Οο · Pi Ππ · Rho Ρρ · Sigma Σσς · Tau Ττ · Ypsilon Υυ · Phi Φφ · Chi Χχ · Psi Ψψ · Omega Ωω
Aner, net klassesch Buschtawen: Digamma Ϝϝ · Stigma Ϛϛ · Heta Ͱͱ · San Ϻϻ · Scho Ϸϸ · Koppa Ϙϙ · Sampi Ͳͳ