Theta
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Theta (griichesche Neutrum, Majuskel Θ, Minuskel θ oder ϑ) ass den 8. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numerische Wäert vu 9.
De Buschtaf gëtt wéi e schaarfen th aus der englescher Sprooch ausgeschwat.
Theta am Gebrauch [änneren]
- An der Physik
- ass de klengen Theta θ d'Zeeche fir Temperatur.
- ass de klengen Theta θ d'Zeeche fir de Verdréiwénkel
- ass de groussen Theta Θ d'Zeeche fir d'magnéitesch Duerchflutung souwéi fir den Inertiemoment.
- De Kontaktwénkel bei Phasegrenzen.
- An der Meteorologie
- ass de klengen Theta d'Zeeche fir d'potentiell Temperatur.
- An der Mathematik
- ass de klengen Theta d'Koordinat vum Azimutwénkel an de sphäresche Polarkoordinaten.
- ass de klengen Theta d'Zeeche fir de Wénkel vun enger Fläch.
- ass de groussen Theta ee vun de Landau-Symboler.
- ginn e puer Funktiounen als Theta-Funktioun bezeechent.
- An der Neurologie/Neuropsychologie
- bezeechent de klengen Theta θ eng bestëmmt Frequenz am Elektroenzephalogramm (EEG).
- An der Vollékswirtschaftsléier
- bezeechent de klengen Theta de Reservesaz, deen e Finanzinstitut opgrond gesetzlecher Grondlagen hale muss.
- An der Populatiounsgenetik
- bezeechent de klengen Theta d'genetesch Differenzéierung tëschent Populatiounen (analog zu Wrights FST).
- An der Podologie
- bezeechent de groussen Theta de volumetresche Waassergehalt.

- bezeechent de groussen Theta de volumetresche Waassergehalt.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Theta – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Alpha Αα · Beta Ββ · Gamma Γγ · Delta Δδ · Epsilon Εε · Zeta Ζζ · Eta Ηη · Theta Θθ · Iota Ιι · Kappa Κκ · Lambda Λλ · My Μμ · Ny Νν · Xi Ξξ · Omikron Οο · Pi Ππ · Rho Ρρ · Sigma Σσς · Tau Ττ · Ypsilon Υυ · Phi Φφ · Chi Χχ · Psi Ψψ · Omega Ωω
Aner, net klassesch Buschtawen: Digamma Ϝϝ · Stigma Ϛϛ · Heta Ͱͱ · San Ϻϻ · Scho Ϸϸ · Koppa Ϙϙ · Sampi Ͳͳ

