Temperatur
| Physikalesch Gréisst | |||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Numm | Thermodynamesch Temperatur | ||||||||||||
| Formelzeeche vun der Gréisst | (nëmme fir Angaben a Kelvin) |
||||||||||||
| Formelzeeche vun der Dimensioun | θ | ||||||||||||
|
|||||||||||||
D'Temperatur ass eng physikalesch Zoustandsgréisst. Wann zwéi Systemer ënnerschiddlech Temperaturen hunn, fléisst Wäermt vum System mat der heijer Temperatur an de System mat der niddreger Temperatur. Zwéi Systemer mat derselwechter Temperatur sinn am thermesche Gläichgewiicht.
Thermodynamesch ass d'Temperatur definéiert als d'Ännerung vun der bannenzegter Energie, no der Entropie bei festem Volume a Stoffmeng.
Op molekularem Niveau ass d'Temperatur en Equivalent fir d'gemëttelt kinetesch Energie (
) vun de Molekülen. Fir de Billard-Kugel Modell gëllt d'Bezéiung:
Inhaltsverzeechnes |
Temperatur-Skalen an Eenheeten [änneren]
Grad Celsius [änneren]
Bei der Definitioun vun der Grad Celsius (
) Skala ass den Temperaturberäich tëschent dem Gefréierpunkt an dem Kachpunkt vum Waasser bei atmosphäreschem Drock (
) an honnert Eenheeten ënnerdeelt ginn. Dobäi ass de Gefréierpunkt vum Waasser als Nullpunkt festgeluecht ginn an dem Kachpunkt de Wäert 100 zougedeelt ginn. Fir Temperaturen an der Grad Celsius Skala gëtt meeschtens d'Formelzeechen
oder
geholl.
Kelvin [änneren]
D'Andeelung vun der Kelvin (
) Skala ass déiselwecht wéi déi vun der Grad Celsius Skala an nom William Thomson, 1. Baron Kelvin genannt. Hei ass awer den Nullpunkt op déi thermodynamesch déifst méiglech Temperatur (
) geluecht ginn. Fir Temperaturen an der Kelvin Skala gëtt d'Formelzeechen
gebraucht. D'Ëmrechnung vun
an
ass deementspriechend:
Temperaturen an der Kelvin Skala ginn och dacks thermodynamesch Temperatur oder absolut Temperatur genannt.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Temperatur – Biller, Videoen oder Audiodateien |

