Grad Celsius

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Een Thermometer, lénks Grad Celsius, riets Fahrenheit

De Grad Celsius ass eng Moosseenheet vun der Temperatur. D'Celsius-Skala gouf 1742 duerch de schweedeschen Astronom Anders Celsius agefouert, no deem d'Eenheet 1948 och genannt ginn ass.

D'Celsius-Temperaturskala huet als Fixpunkten d'Temperature vum Gefréier- a Kachpunkt vum Waasser bei Normaldrock, d. h. engem Loftdrock vun 1013,25 hPa.

Dës Temperature gi mat engem Quecksëlwerthermometer gemooss an den Deel tëscht dem Gefréierpunkt an dem Kachpunkt, an eng Skala vun 100 gläichlaangen Ofschnëtter agedeelt. Ee sou en Deel gëtt Grad genannt. Deemno ass de Kachpunkt bei 100 Grad, de Gefréierpunkt bei 0.

Formelzeeche fir thermodynamesch Temperaturen an Celsius-Temperaturen[änneren | Quelltext änneren]

Als Formelzeeche fir d'Celsius-Temperatur ass d'Zeechen (seelen och ) (Theta), an no DIN 1345 vum Dezember 1993 de klengen t gebräichlech an normgerecht.

Falsch ass dogéint de Gebrauch vum groussen „T“.

De groussen T gëtt fir d'absolut Temperatur an der Kelvin-Skala gebraucht.

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Zuelewäerter vun enger Celsius-Temperatur an der entspriechender thermodynamescher Temperatur gëllt follgend Bezéiung:

Temperaturdifferenz[änneren | Quelltext änneren]

D'Temperaturdifferenz ass den Ënnerscheed an der Temperatur vun zwéi Miesspunkten , déi sech an der Zäit an/oder raimlecher Positioun ënnerscheeden.

D'Zuelewäerter vun Temperatur-Differenze stëmme beim Gebrauch vun der Eenheet Kelvin oder Grad Celsius iwwereneen:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grad Celsius – Biller, Videoen oder Audiodateien