Inflatioun
D'Wuert Inflatioun, am Lëtzebuergeschen och Präisdeierecht genannt, kënnt hier vun opblosen (Engl.: inflate).
D'Inflatioun zeechent sech duerch eng allgemeng Hausse vun de Präisser, während enger gewësser Period, aus. Den Index vun de Konsumpräisser erlaabt et, d'Präisevolutioun vun engem Wueren- an Déngschtleeschtungskuerf ze miessen. Seng Zesummestellung soll representativ si fir d'Ausgabe vun engem duerchschnëttleche Stot. Jee nodeem wéi d'Konsumgewunnechten am Laf vun der Zäit änneren, gëtt d'Kompositioun ugepasst.
Auswirkungen [änneren]
D'Inflatioun bedeit e Verloscht vun der Kafkraaft. De Verbraucher kann net méi déiselwecht Quantitéit vu Wueren an Déngschtleeschtunge mat derselwechter Paie wéi virdrun, kafen. Logescherweis gëtt da manner konsuméiert oder deen Eenzelene spuert manner.
D'Belsch a Lëtzebuerg sinn déi zwee eenzeg Länner op der Welt, déi an dësem Fall eng automatesch Upassung vum Aarbechtsloun hunn. Allerdéngs geschitt dat mat enger gewëssener Verspéidung.
Wann d'Inflatioun ze vill klëmmt, erhéijen d'Zentralbanke gär d'Leetzënsen. Doduerch hëlt d'Geld erëm u Wäert zou, well d'Placementer méi rémunéréiert ginn. D'Haaptzil vun der Europäescher Zentralbank ass d'Stabilitéit vun de Präisser. Fir dat ze realiséieren muss si ganz genee d'Evolution vun der Inflatioun am A behalen.