Zentralbank

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Zentralbank ass eng offiziell Insitutioun déi op nationalem Niveau oder um Niveau vu méi Länner (beispillsweis d'Zon vum Euro) aktiv ass an déi fir d'Emissioun vun der Währung an d'Oprechterhalung vun hirer Stabilitéit zoustänneg ass.

Si kann onofhängeg sinn wéi d'Europäesch Zentralbank oder, wéi de Federal Reserve System an den USA, den nationalen Autoritéiten ënnerstallt sinn.

Zu Lëtzebuerg besteet zanter 1998 eng Zentralbank, ënner dem offiziellen Numm Banque centrale du Luxembourg. Si gouf duerch d'Gesetzer vum 22. Abrëll 1998 a vum 23. Dezember 1998 geschaf, zur selwechter Zäit wéi d'Europäesch Zentralbank.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Noutebanke waren ursprénglech Geschäftsbanken, déi Banknouten erausginn hunn. Dëst ware Quittunge fir Mënzgeld, wat vun de Noutebanke versuergt ginn ass. D'Quittunge goufen als Zuelungsmëttel benotzt. Si goufen de Propriétairen d'Recht, vun enger dozou verpflichter Bank zu all Zäit d'Suen a Form vu Mënzen zréckzekréien.

Doraus huet sech d'Fuerderung un d'Noutebanken entwéckelt, d'Banknouten déi si erausginn hunn, duerch Bestänn, fir d'éischt a Mënzen, spéider an Edelmetaller (Gold, Sëlwer) ofzesécheren, ze decken. Mat der Zäit ass awer de Montant vum Pabeiergeld méi héich ginn, wéi de Montant deen d'Banken u Mënzen an Edelmetaller haten. Dofir mussen haut a ville Länner d'Banknouten och net méi duerch de Goldbestand vun de Noutebanken ofgeséchert sinn (Ophiewung vun der Golddeckungspflicht).

Zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert sinn d'Staaten dozou iwwergaangen, d'Recht fir Schäiner erausgezinn vun hire verschiddene Banken ewechzehuelen, an dës Aufgab enger zentraler Noutebank, der Zentralbank vum Land, z'iwwerdroen. Dës versuergt hirersäits d'Geschäftsbanke iwwer Kreditter mat Schäiner. En éischte Versuch gouf et schonn am 18. Joerhonnert a Frankräich mam System vum John Law.

Mat der Errichtung vun den Zentralbanke war och dacks eng Zentraliséierung vum Geldwiesen an d'Schafung vun enger eenheetlecher Währung verbonnen. Bis dohin haten déi eenzel Noutebanke villfach hir eege Währung erausginn. Dozou zwee Beispiller:

  • 1907 gouf d'Schwäizer Nationalbank gegrënnt, an de Frang als nei Währung agefouert, amplaz vun de ville kantonalen Noutebanke mat eegene regionale Währungen.
  • 1998 gouf d'Europäesch Zentralbank gegrënnt, mam Euro als nei europäesch Währung amplaz vun den Zentralbanken an de jeeweilege Länner mat eegener Währung.

Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

D'méiglech Aufgabeberäicher vun enger Zentralbank sinn

  • d'Festleeën an d'Ausféiere vun der Geldpolitik,
  • d'Festleeën an d'Ausféiere vun der Währungspolitik,
  • d'Sécherung vun de Wäertreserven (Suen, Gold, Devisen),
  • d'Emissioun vu Geldschäiner a Mënzen,
  • d'Féierung vun Zentralbankkonten fir den Zuelungsverkéier vun de Geschäftsbanken ënnerenaner,
  • d'Opsiicht vum Banken- a Finanzsekteur
  • d'Garantie oder Fërderung vun engem Zuelungsverkéier dee funktionéiert.

Jee no Währungsraum ënnerscheede sech dës Aufgaben.

Zentralbankbilanz[änneren | Quelltext änneren]

Aktiva:

Passiva

  • Boergeldëmlaf (C)
  • Geschäftsbanken
    • Alagen op Girokonten a Mindestreserven
    • Alagfazilität
  • Alage vun auslänneschen Institutiounen
  • Alage vum Staat
  • Aner Passiva

Afloss vum Staat[änneren | Quelltext änneren]

D'Zentralbank gëtt an den eenzelne Wäherungsräim an ënnerschiddlechem Mooss vun de Regierungen an Interessigruppe beaflosst. D'Länner vun der Europäescher Unioun hu missen am Virfeld vun der Währungsunioun hir Zentralbanken an d'rechtlech an d'faktesch Onofhängegkeet entloossen. Am Zentralbankstatut vun der EU ass d'Onofhängegkeet vun der EZB garantéiert, och wann et zu Konflikter féiere kann, well d'Membere vum Presidium vun der EZB duerch den Europäesche Rot beruff ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]