1998
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1993 | 1994 | 1995 | 1996 | 1997 | 1998 | 1999 | 2000 | 2001 | 2002 | 2003
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1998.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
[änneren] Europa
- 20. Januar: De Václav Havel gëtt als President vun der Tschechescher Republik erëmgewielt.
- 28. Februar: Ufank vun den Ausernanersetzungen am Kosovo, bei deenen et 2.000 Doudeger ginn, 250.000 Leit si viru serbesche Milizen a Police an Albanien fortgelaf (bis Mäerz).
- 10. Abrëll : Zu Belfast an Nordirland gëtt de Good Friday Agreement ënnerschriwwen, deen en allgemenge Friddensplang fir Nordirland festleet.
- 1. Mee : Den Europäesche Conseil leet déi 11 Länner fest, déi dem Euro 1999 bäitriede sollen an nomminéiert de Wim Duisenberg zum President vun der Europäescher Zentralbank.
- 1. Juni: D'Europäesch Zentralbank hëlt hir Funktiounen op.
- 13. Juni: Frankräich féiert d'35-Stonne-Woch an.
- 27. September : Dem däitsche Kanzler Helmut Kohl seng Partei, d'CDU (35%) verléiert bei de Wale fir de Bundestag; d'SPD kritt mam Gerhard Schröder als Spëtzekandidat, 41%.
- 9. Oktober : Dem Romano Prodi seng Regierung demissionéiert.
- 27. Oktober: De Gerhard Schröder gëtt däitsche Kanzler.
[änneren] Lëtzebuerg
- 4. Mäerz: Den Ierfgroussherzog Henri gëtt 'Lieutenant représentant'.
- 1. Juni: D'Lëtzebuerger Zentralbank, Nofolger vum 'Institut Monétaire Luxembourgeois', kuerz IML, gëtt gegrennt.
[änneren] Afrika
- 12. Mee : Ufank vun engem Grenzkrich tëscht Ethiopien an Eritrea.
- 7. August : Attentater géint uS-amerikanesch Ariichtungen am Kenya an an Tansania.
- 6. Dezember : Den Omar Bongo gëtt als President vum Gabon erëmgewielt.
[änneren] Amerika
[änneren] USA
- 11. September: De Rapport iwwert d'Affär Monica Lewinski gëtt am Internet verbreet.
- 8. Oktober: Eng Impeachment-Prozedur gëtt géint den amerikanesche President Bill Clinton, am Kader vun der Lewinski-Affär, ageleet.
- 3. Novemeber : Legislaivwalen an de Vereenegte Staaten.
[änneren] Südamerika
[änneren] Asien
- 4. Mäerz : D'nationalistesch Hindu-Partei gewënnt d'Walen an Indien.
- 17. Mäerz: De Zhu Rongji gëtt amplaz vum Li Peng chinesesche Premierminister.
- 23. Mäerz: De Boris Jelzin ernennt de Sergej Kirienko zum russesche Premierminster amplaz vum Viktor Tschernomyrdin.
- 21. Mee: Den indonesesche President Suharto demissionéiert, e gëtt ersat duerch de Jusuf Habibie.
- 13. Juli: Demissioun vum japanesche Premierminister Ryutaro Hashimoto.
- 5. September : De Kim Jong-il gëtt ieweschte Leader vun der Republik Nordkorea.
- 11. September: Den Ewgeni Primakow gëtt Premierminister a Russland.
[änneren] Ozeanien & Pazifik
[änneren] Arabesch Welt
[änneren] Konscht & Kultur
[änneren] Molerei
[änneren] Literatur
- Lëtzebuerg
- Servais-Präis: José Ensch fir Dans les cages du vent.
[änneren] Musek
[änneren] Wëssenschaft & Technik
[änneren] Economie
- 7. Mee: D'Fusioun tëscht Daimler-Benz a Chrysler gëtt bekannt ginn.
- 5. Juni: Volkswagen iwwerhëlt Rolls-Royce.
- 23. Dezember : Fusioun vu Matra (Frankräich), GEC (Vereenegt Kinnekräich), DASA/Daimler-Chrysler Aerospace (Däitschland) a Finmeccanica (Italien).
- Dezember: Fusioun vun Exxon a Mobil.
[änneren] Sport
- 12. Juli: D'Nationaléquipe aus Frankräich gewënnt mat 3:0 géint déi aus Brasilien d'Final vun der Foussball-Weltmeeschterschaft zu Paräis.
[änneren] Gebuer
[änneren] Gestuerwen
- 5. Januar: Junior Wells, US-amerikanesche Blues-Museker (Mondharmonika).
- 23. Januar: Camille Frieden, lëtzebuergeschen Architekt an Auteur.
- 8. Februar: Halldór Laxness, islännesche Schrëftsteller.
- 11. Februar: Jean Igel, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 25. Februar: François Visine, Grënner vun der Fondation du Mérite Européen.
- 28. Februar: Elsy Jacobs, lëtzebuergesch Cyclistin a méimoleg Stroosse-Weltmeeschtesch.
- 1. Mäerz: Sabina Sesselmann, däitsch Schauspillerin.
- 8. Mäerz: Peter Nilson, schwedeschen Astronom an Autor.
- 15. Abrëll: Pol Pot, kambodschanesche Politiker, "Brudder Nr. 1" vun de Roude Khmer.
- 21. Abrëll: Jean-François Lyotard, franséische Philosoph a Literaturtheoretiker.
- 23. Abrëll: Konstantinos Karamanlis, griichesche Politiker.
- 14. Mee: Frank Sinatra, US-amerikanesche Schauspiller, Sänger an Entertainer.
- 13. Juni: Lúcio Costa, brasilianeschen Architekt an Urbanist.
- 23. Juni: Maureen O'Sullivan, Schauspillerin.
- 14. Juli: Ferdy Reiff, lëtzebuergeschen Theaterschauspiller.
- 22. Juli: Antonio Saura, spuenesche Moler.
- 9. August: Reinhard Hess, däitsche Kierchemoler.
- 15. August: Joseph Flies, lëtzebuergesche Soziolog, Historiker a Geeschtlechen.
- 15. August: Todor Jiwkow, bulgaresche Politiker a Staatschef.
- 6. September: Akira Kurosawa, japanesche Regisseur.
- 26. September: Betty Carter, US-amerikanesch Jazz-Sängerin.
- 26. September: Henri Rinnen, lëtzebuergesche Sprooch- a Vigelfuerscher.
- 30. September: Emile Krieps, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Resistenzler, Berufsoffizéier a Politiker.
- 12. Oktober: Bernhard Minetti, däitsche Schauspiller.
- 4. November: Emmanuel Bulz, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 8. November: Jean Marais, franséische Schauspiller.
- 17. November: Ida Faber-Hoesdorff, lëtzebuergesch Molerin.
- 19. November: Alan J. Pakula, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 14. Dezember: Vittorio Cottafavi, italienesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 24. November: John Chadwick, britesche Philolog a Paleograph.
- 6. Dezember : César Baldaccini, franséische Sculpteur.
| Commons: 1998 – Biller, Videoen oder Audiodateien |