Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 27. Oktober ass den 300. Dag (301. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1662: Franco-engleschen Traité bei deem Dunkerque u Frankräich verkaaft gëtt.
- 1793: Frankräich: Krich an der Vendée: Schluecht vun Entrammes.
- 1795: D'USA a Spuenien ënnerschreiwen de Kontrakt vun San Lorenzo deen eng fräi Navigatioun um Mississippi garantéiert.
- 1904: USA: Éischt Faart vun der New Yorker Metro no véier Joer Bauzäit.
- 1920: D'Alliéiert decidéieren datt, laut dem Traité vu Versailles, aus Danzeg (haut: Gdańsk) d'Fräi Staat Danzeg gëtt. D'Stad gëtt onofhängeg a kritt eng Zollunioun mat Polen.
- 1932: An Italien gëtt déi éischt Autobunnsstreck, tëschent Milano an Torino, fir de Verkéier fräiginn.
- 1947: Lëtzebuerg gëtt Member an der UNESCO.
- 1956: Am Traité vu Lëtzebuerg gëtt festgehalen, datt d'Saarland den 1.1.1957 Däitschland bäitriede géif.
- 1963: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Esch-Uelzecht 3:3 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean Hemmerling, Paul May an Henri Klein geschoss.[1]
- 1971: Kongo: Aus der Demokratescher Republik Kongo gëtt d'Republik Zaire (bis 1997).
- 1971: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Podgorica, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972, 0:0 géint Jugoslawien.[2]
- 1993: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Budapest, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994, 0:1 géint Ungarn.[3]
- 1999: Armenien: Bei enger terroristescher Attack op d'armeenescht Parlament kommen de Regierungschef Wasgen Sarkisjan a siwen aner Politiker ëm d'Liewen.
- 2002: Australien: Déi vun der Bëllegfluchgesellschaft Quantas Airways (Australien) gegrënnten Australian Airlines mécht hir éischt Flich.
- 2003: USA: D'Bank of America keeft déi amerikanesch Regionalbank FleetBoston fir 47 Milliarden Dollar. Dorausser gëtt déi zweetgréisst amerikanesch Finanzfirma.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
- 1728: James Cook, briteschen Entdecker a Séifuerer.
- 1749: François Heldenstein, lëtzebuergeschen Apdikter a Gemengepolitiker.
- 1881: Nicolas Didier, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Pedagog an Historiker.
- 1888: Richard Eichberg, Filmregisseur.
- 1903: Marcel Frick, lëtzebuergesche Journalist.
- 1907: Franz Haupert, lëtzebuergeschen Turner.
- 1914: Dylan Thomas, britesche Schrëftsteller.
- 1927: Thomas Nipperdey, däitschen Historiker.
- 1932: Roy Lichtenstein, amerikaneschen Moler an Graphiker, en Haaptvertrieder vum Pop-Art.
- 1932: Sylvia Plath, amerikanesch Schrëftstellerin.
- 1937: Jim Hoffstetter, lëtzebuergesche Foussballspiller a Sportsjournalist.
- 1939: John Cleese, briteschen Filmschauspiller, Grënnungsmember vun der Komikertrupp Monty Python.
- 1942: Philip Catherine, belsch-briteschen Jazzgitarist.
- 1945: Luiz Inácio Lula da Silva, brasilianesche Politiker.
- 1967: Maurice Molitor, lëtzebuergesche Journalist an Televisiouns-Presentateur.
- 1970: Jonathan Stroud, britesche Schrëftsteller.
- 1449: Ulugh Beg, iranesche Sultan, Astronom a Mathematiker.
- 1899: Nicolas Steffen-Pierret, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1905: Ralph Copeland, briteschen Astronom.
- 1965: Edouard Oster, lëtzebuergesche e Professer, Lycéesdirekter an Historiker.
- 1975: Rex Stout, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1977: James M. Cain, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1990: Ugo Tognazzi, italiéineschen Filmschauspiller.
- 1990: Jacques Demy, franséische Filmregisseur.
- 2010: Néstor Kirchner, argentinesche Politiker, Staatspresident.