1977
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1972 | 1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981 | 1982
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1977
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 5. Januar: D'Charta 77 gëtt an der Tschechoslowakei publizéiert.
- 15. Juni: Éischt demokratesch Walen zënter 1936 a Spuenien.
- 5. September-19. Oktober: En RAF-Kommando entféiert an ermuert den däitsche Patronats-President Hanns Martin Schleyer.
- 10. September: Lescht Hiriichtung mat der Guillotine a Frankräich.
- 13.-17. Oktober: Entféierung vum Lufthansa-FligerLandshut op Mogadischu a Befreiung duerch d'GSG9.
- 14. Oktober: Amnestie-Gesetz a Spuenien, politesch Flüchtlinge kënnen nees hannescht.
- uechtert Joer: an Italien maache 1.600 Attentater am Ganzen 31 Doudeger.
Lëtzebuerg [änneren]
- 3. Abrëll: Fir d'éischte Kéier féiert Lëtzebuerg d'Summerzäit an.
- 3. Juni: D'Sidor zu Leideleng fänk u mat schaffen.
- 6. November: 4000 Leit demonstréieren zu Diddeleng fir d'Erhale vun den Aarbechtsplazen an der Forge du Sud.
Afrika [änneren]
- 27. Juni: Dschibuti gëtt onofhängeg.
- 4. Dezember: De Jean Bedel Bokassa léisst sech zum Keeser vun der Zentralafrikanischer Republik kréinen.
- Den UN-Sécherheetsrot verhänkt e Waffenembargo iwwer Südafrika.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 20. Januar: Den Jimmy Carter trëtt säin Amt als President vun den USA un.
Südamerika [änneren]
Asien [änneren]
- 5. Juli: D'Arméi stierzt d'Regierung Bhutto a bréngt déi biergerkrichsänlech Zoustänn a Pakistan op en Enn. De Generol Muhammed Ziaul Haq ergräift d'Muecht.
- D'Indira Gandhi verléiert an Indien Parlamentswahlen.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Noen Osten an Arabesch Welt [änneren]
- 17. Mee: De Menahem Begin gëtt Premierminister an Israel.
- 14. August: Déi israelesch Gesetzer gëllen och an der Gasa-Sträif an am Westjordanland.
- 19. November: Den egyptesche President Anwar El-Saddat mécht eng offizeill Rees an Israel an erkennt domatter den israelesche Staat un. Ried virun der Knesset.
Konscht & Kultur [änneren]
- 31. Januar: De Centre Georges-Pompidou zu Paräis gëtt ageweit.
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
- 7. Mee: D'Marie Myriam gewënnt fir Frankräich mam Lidd L’oiseau et l’enfant den 22. Eurovision Song Contest zu London.
- Grënnung vun der EAV (Erste Allgemeine Verunsicherung) an Éisträich.
- Grënnung vun den Dire Straits.
- Plakken
- I Robot vun Alan Parsons Project.
- Trans -Europe Express vu Kraftwerk.
- News of the World vu Queen.
- Animals vu Pink Floyd.
- Never Mind The Bollocks Here's The... vun de Sex Pistols.
Kino [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 30. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu London, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:5 géint England.[1]
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Sion 0:3 géint Schwäiz.[2]
- 26. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:1 géint Finnland.[3]
- 21. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, 0:1 géint Schwäiz.[4]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:2 géint England.[5]
- 3. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Roum, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:3 géint Italien.[6]
Gebuer [änneren]
- 4. Januar: David Millar, schottesche professionelle Vëlossportler.
- 13. Januar: Orlando Bloom, englesche Schauspiller.
- 24. Januar: Michelle Hunziker, Schwäizer Moderatorin, Sängerin a Fotomodell.
- 28. Januar: Takuma Satō, F1-Pilot.
- 2. Februar: Shakira, kolumbianesch Pop-Sängerin.
- 8. Februar: David Farrell, Bassist vun der Band Linkin Park.
- 11. Februar: Mike Shinoda, MC vun der Band Linkin Park.
- 14. Februar: Cadel Evans, australesche professionelle Vëlossportler.
- 26. Februar: Rainer von Vielen, däitsche Museker
- 3. Mäerz: Luc Decker, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 3. Mäerz: Stéphanie Kovacs, lëtzebuergesch Historikerin.
- 14. Mäerz: Ida Corr, dänesch Popsängerin.
- 14. Mäerz: Joseph Hahn, DJ vun der Band Linkin Park.
- 2. Abrëll: Michael Fassbender, iresch-däitsche Schauspiller.
- 6. Abrëll: Christian Weier, lëtzebuergesche Reider.
- 13. Abrëll: Tadej Valjavec, slowenesche professionelle Vëlossportler.
- 14. Abrëll: Sarah Michelle Gellar, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. Mee: Nick Heidfeld, F1-Pilot.
- 11. Mee: Janne Ahonen, finnesche Skisprénger.
- 16. Mee: Ronny Ackermann, däitsche Schileefer.
- 31. Mee: Marc Bertemes, lëtzebuergesche Moler.
- 1. Juni: Guy Rosen, lëtzebuergeschen Danzsportler.
- 16. Juni: Sascha Wagener, lëtzebuergesche Politiker
- 19. Juni: Maria Cioncan, rumänesch Liichtathletin.
- 19. Juni: Catherine Lorent, lëtzebuergesch Molerin.
- 27. Juni: Raúl, spuenesche Foussballspiller.
- 1. Juli: Claudia Passeri, italienesch Graphikdesignerin.
- 1. Juli: Liv Tyler, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 5. Juli: Nicolas Kiefer, däitschen Tennisspiller.
- 13. Juli: Daniel Pannrucker, lëtzebuergesche Medien-Entreprener.
- 14. Juli: Nilceu Aparecido Santos, brasilianesche professionelle Vëlossportler.
- 18. Juli: Alexander Sergejewitsch Morosewitsch, russesche Schachgroussmeeschter.
- 22. Juli: Danielle Scheuer, lëtzebuergesch Multimediakënschtlerin.
- 25. Juli: Gordon Braun, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 3. August: Kristina Köhler, däitsch Politikerin a Bundesministesch.
- 17. August: Thierry Henry, franséische Fussballspiller.
- 20. August: Stéphane Gillet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. August: Diego Corrales, amerikanesche Boxer.
- 17. September: Juan Antonio Flecha, spuenesche Vëlossportler.
- 24. September: Frank Fahrenhorst, däitsche Foussballspiller.
- 26. September: Kevin Muhlen, lëtzebuergesche Konschthistoriker.
- 29. September: Debelah Morgan, US-amerikanesch Pop- an R&B-Sängerin.
- 30. September: Jules Werner, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 15. Oktober: David Trezeguet, franséische Foussballspiller.
- 5. November: Christian Poos, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 10. November: Brittany Murphy, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. November: Max Jacoby, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 26. November: Corinne Goetz, lëtzebuergesch Molerin.
- 26. November: Ivan Basso, italienesche professionelle Vëlossportler
- 1. Dezember: Brad Delson, Gittarist vun der Band Linkin Park.
- 10. Dezember: Anna Kim, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 23. Dezember: Thierry Origer (Theolog), lëtzebuergeschen Theolog an Organist
- 31. Dezember: Psy, südkoreanesche Rapper.
- Betty Fontaine, lëtzebuergesch Geschäfstfra.
- Tom Lucas, lëtzebuergesche Fotograf.
- Sam Tanson, lëtzebuergesch Politikerin.
Gestuerwen [änneren]
- Eugène Vées, Jazz-Gitarist a Banjospiller.
- 2. Januar: Erroll Garner, US-amerikaneschen Jazz-Pianist.
- 3. Januar: Tom Gries, US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.
- 6. Januar: Paul Reichling, lëtzebuergesche Moler.
- 8. Januar: François Heck, lëtzebuergesche Vëlossportler, Pistard.
- 10. Januar: Günther Stoll, däitsche Schauspiller.
- 12. Januar: Henri-Georges Clouzot, Filmregisseur.
- 14. Januar: Anais Nin, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 18. Januar: Carl Zuckmayer, däitsche Schrëftsteller.
- 23. Januar: Pierre Kellner, lëtzebuergesche Sportsjournalist.
- 15. Abrëll: Robert Stumper, lëtzebuergesche Chemiker, Zoolog a Naturwëssenschaftler.
- 28. Abrëll: Josef Herberger, däitsche Fussballtrainer (Das Wunder von Bern).
- 5. Mee: Ludwig Erhard, däitsche Politiker a Bundeskanzler.
- 10. Mee: Joan Crawford, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 4. Juni: Ray Philippe, lëtzebuergesche Boxer.
- 4. Juni: Roberto Rossellini, italienesche Filmregisseur.
- 16. Juni: Wernher von Braun, däitsch-amerikanesche Rakéitenkonstrukteur.
- 17. Juni: Aloyse Bové, lëtzebuergesche Moler a Bannenarchitekt.
- 22. Juni: Jacqueline Audry, franséisch Regisseurin.
- 26. Juni: Henri Luja, lëtzebuergesche Landschaftsarchitekt an Urbanist.
- 2. Juli: Vladimir Nabokov, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 26. Juli: Charles vu Lëtzebuerg, fils de.
- 27. Juli: Lee Miller, US-amerikanesch Fotografin.
- 16. August: Elvis Presley, US-amerikanesche Museker (King of Rock'n'Roll).
- 17. August: Delmer Daves, Filmregisseur.
- 19. August: Groucho Marx, US-amerikanesche Schauspiller a Komiker.
- 28. August: Peter Altmeier, däitsche Politiker.
- 30. August: Bernhard Sticker, däitschen Astronom a Wëssenschaftshistoriker.
- 5. September: Marcel Thiry, belsche Schrëftsteller.
- 6. September: Charles Lehrmann, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 12. September: Steve Biko, südafrikanesche Biergerrechtler.
- 16. September: Maria Callas, griichesch-US-amerikanesch Operesängerin.
- 20. September: André-Marie Charue, belsche Geeschtlechen a Bëschof vun Namouer.
- 20. Oktober: Tun Deutsch, lëtzebuergesche Kabarettist, Schauspiller a Regisseur.
- 14. Oktober: Bing Crosby, US-amerikanesche Sänger.
- 18. Oktober: Hanns-Martin Schleyer, däitsche Jurist (Arbeitgeberpräsident).
- 18. Oktober: Andreas Baader, Grënnungsmember vun der RAF.
- 18. Oktober: Gudrun Ensslin, Grënnungsmember vun der RAF.
- 18. Oktober: Jan-Carl Raspe, Member vun der Kommune 2 a West-Berlin a vum SDS.
- 25. Oktober: Félix Gouin, franséische Politiker.
- 26. Oktober: Elisabeth Flickenschildt, däitsch Schauspillerin.
- 5. November: René Goscinny, franséischen Auteur a Comic-Auteur.
- 13. November: Jean-Pierre Erpelding, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 11. Dezember: Luis Humberto Salgado, ecuadorianesche Komponist a Pianist.
- 19. Dezember: Jacques Tourneur, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 20. Dezember: Walter Drechsel, däitsche Politiker.
- 25. Dezember: Charlie Chaplin, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. Dezember: Adolf Weis, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: 1977 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch England-Lëtzebuerg den 30. Mäerz 1977 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1977 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 26. Mee 1977 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 21. September 1977 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England den 12. Oktober 1977 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Italien-Lëtzebuerg den 3. Dezember 1977 um Site European Football