Tripartite
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dës Säit beschäftegt sech mat dem Comité fir wirtschaftlech a sozial Froen Tripartite. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Tripartite (Homonymie). |
Eng Tripartite ass eng Zort Comité, un deem dräi verschidde Parteie bedeelegt sinn.
Am Lëtzebuerger Kontext bezitt sech den Ausdrock meeschtens op Verhandlungen, bei deenen d'Regierung, d'Patronat an d'Gewerkschaften un engem Dësch sëtzen.
Esou Verhandlungen tëscht de Sozialpartner ginn et och an anere Länner, wéi z. B. an Holland oder an Irland.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Eng éischte Kéier gouf d'Tripartite an d'Liewe geruff, wéi am Kader vun der Stolkris an den 1970er-1980er Joren den deemolege Stolkonzern Arbed engersäits huet misse seng Produktioun erofschrauwen, anerersäits massiv investéieren, a gläichzäiteg eng Léisung huet misse fonnt gi fir déi Dausende vun Aarbechtsplazen, déi ofgebaut hu misse ginn.
Duerch d'Gesetz vum 26. Juli 1975 dat et dem Staat erlaabt huet, Mesuren ze huelen, fir Entloossungen wéinst konjunkturelle Problemer ze verhënneren an Aarbechtsplazen ze erhalen, gouf e sougenannte Konjunkturcomité (Comité de conjoncture) an d'Liewe geruff, dee sech aus deenen dräi Sozialpartner zesummegesat huet. Dëse sollt d'Regierung regelméisseg iwwer d'wirtschaftlech Entwécklung informéieren.[1]
Well d'Situation sech verschlechtert huet, koum an der zweeter Hallschecht vun 1977 eng "Stoltripartite" zesummen, déi duerch d'Gesetz vum 24. Dezember 1977 als Comité de coordination tripartite e legale Kader krut.[2].
Am Mäerz 1979 ass d'Stoltripartite (Conférence tripartite Sidérurgie) zu engem Accord komm iwwer d'Restrukturéierung an d'Moderniséierung vun der Siderurgie zu Lëtzebuerg.
D'Tripartite als Institutioun besteet virun a gëtt bei schwierege Verhandlungen zu wirtschaftlechen a sozialen Themen ageruff. Bis ewell fir d'lescht koum d'Tripartite am Mäerz an Abrëll 2010 zesummen; d'Verhandlunge solle bis Enn Abrëll daueren an et solle Weeër fonnt ginn, wéi de Staat bis 2014 all Joer 400 Milliounen Euro aspuere kann. D'Tripartite besteet aus 17 Persounen: 6 Ministeren, dorënner de Premierminister, 3 Gewerkschaftsvertrieder an 8 Patronatsvertrieder.
Kritik um Lëtzebuerger Modell [änneren]
D'Haaptkritik un dësem Modell ass, datt den eigentleche Legislateur am Land, d'Chamber, bausse vir steet, an am Fong just ofseene kann (fir net ze soe muss), wat - meeschtens hanner zouenen Dieren - ausverhandelt gouf.
Literatur [änneren]
- Adrien Thomas, Patrick Thill (2010): "Le 'modèle social luxembourgeois': Tendances historiques et nouveaux défis." In: forum Nr.294, Mäerz 2010, S...
- Mario Hirsch: "Le 'modèle luxembourgeois': Une illustration du néo-corporatisme et de ses limites". In: forum Nr. 143 (Äbrëll 1993), S. ..
Referenzen [änneren]
- ↑ Statec: Portrait économique et social du Luxembourg. Mäerz 2003.
- ↑ Loi du 24 décembre 1977 institutionnalisant un « Comité de coordination tripartite »