Mäerz

Vu Wikipedia
1 2 3
4 5 6 7 8 9 10
11 12 13 14 15 16 17
18 19 20 21 22 23 24
25 26 27 28 29 30 31
Duerstellung vum Mäerz am Les Très Riches Heures du duc de Berry

De Mäerz (Aussenzäit oder Lenzmount) ass den drëtte Mount am Gregorianesche Kalenner. Ausserdeem ass et den éischte Mount vum Fréijoer.

Den Numm kënnt aus dem laténgesche martius an de Mount war zu Éiere vum réimesche Krichsgott Mars benannt.

Bei den Hellenen huet de Mäerz Anthesterion geheescht.

D'Bezeechnung Aussenzäit am ale lëtzebuergesche Kalenner kënnt dohier datt mam Fréijoer d'Béischten erëm eraus op d'Wise kënnen an een och d'Baueren nees de ganzen Dag dobausse schaffe gesäit. Lenzmount dogéint geet op dat Aldäitscht Lenzing zeréck, mat "lenz" - "laang" an "ing" - "Dag", also deem Mount wou d'Deeg nees méi laang ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien
Méint
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember