31. Mäerz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 31. Mäerz ass den 90. Dag vum Joer (91. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Feb – Mäerz – Abr | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1084: De Géigepoopst Clemens III. kréint den Heinrich IV. zum Réimesch-däitsche Keeser.
- 1814: Paräis ergëtt sech den Alliéierten.
- 1889: Zu Paräis gëtt den Eiffeltuerm ageweit.
- 1905: Éischt Marokkokris wéi den däitsche Keeser Wilhelm II. fuerdert, a Marokko kënnen e Wuert matzeschwätzen.
- 1930: An den USA trëtt den Hays Code fir amerikanesch Filmer a Kraaft.
- 1939: Groussbritannien garantéiert de Polen hir Hëllef am Fall vun engem Ugrëff duerch däitsch Truppen.
- 1940: Zu New York gëtt de modernste Fluchhafen vun der Welt, de La Guardia Airport opgemeet.
- 1964: Mat Hëllef vum US-Geheimdéngscht CIA kënnt et zu engem Militärputsch géint de brasilianesche President João Goulart. D'Militär bleift bis 1985 un der Muecht.
- 1991: De Warschauer Pakt gëtt opgeléist.
Sport [änneren]
- 1940: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Rotterdam 5:4 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp (2), Ernest Mengel, Paul Feller an Emile Everard geschoss.[1]
- 1968: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Emile Antony geschoss.[2]
- 1973: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Genua, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:5 géint Italien.[3]
- 1997: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:3 géint Israel.[4]
- 1999: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2000, 0:2 géint Bulgarien.[5]
- 2004: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Bosnien-Herzegowina. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.[6]
Gebuer [änneren]
- 1519: Henri II., franséische Kinnek.
- 1596: René Descartes, franséische Philosoph.
- 1732: Joseph Haydn, éisträichesche Komponist.
- 1880: Sean O'Casey, iresche Schrëftsteller.
- 1893: Clemens Krauss, éisträicheschen Dirigent.
- 1903: Willy Schütz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1907: Jean Meylender, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1908: Philip Keenan, US-amerikaneschen Astronom.
- 1915: Léon Bollendorff, lëtzebuergesche Politiker.
- 1927: Joseph Noerden, lëtzebuergesche Schauspiller an Dichter.
- 1927: Yola Reding, lëtzebuergesch Molerin.
- 1932: Fred Karen, lëtzebuergesche Militärhistoriker.
- 1933: Hedwig Bilgram, däitsch Organistin an Cembalistin.
- 1936: Henri Damme, lëtzebuergesche Foussballspiller
- 1937: Raymond Schummer, lëtzebuergesche Ringer.
- 1939: Volker Schlöndorff, däitsche Regisseur.
- 1948: Al Gore, US-amerikanesche Politiker.
- 1970: Alenka Bratušek, slowenesch Politikerin.
- 1971: Ewan McGregor, schottesche Schauspiller.
- 1972: Alejandro Amenábar, chilenesche Filmregisseur.
- 1974: Claude D. Conter, lëtzebuergesche Literaturwëssenschafter.
- 1987: Humpy Koneru, indesch Schachgroussmeeschterin.
- 1987: Sammy Wagner, lëtzebuergesche Politiker.
- 1989: Gilles Bettmer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1990: Tom Thill, lëtzebuergesche Vëlossportler
Gestuerwen [änneren]
- 1328: Charles IV., Kinnek vu Frankräich.
- 1547: Charles I., Kinnek vu Frankräich.
- 1727: Isaac Newton, britesche Philosoph a Mathematiker.
- 1765: Constantia von Cosel Maîtress vum August dem Starken
- 1776: John Bird, briteschen Astronom a Fabrikant vu wëssenschaftlechen Instrumenter.
- 1855: Charlotte Brontë, britesch Schrëftstellerin.
- 1867: Jean-Baptiste Fresez, Lëtzebuerger Moler.
- 1948: Egon Erwin Kisch, Journalist a Reporter.
- 1980: Jesse Owens, US-amerikanesche Liichtathlet.
- 1991: Édouard Widung, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 1994: Léon Degrelle, belsche Politiker a Collaborateur.
- 1997: Lyman Spitzer, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 2008: Jules Dassin, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 2009: Raúl Alfonsín, argentinesche Politiker a Staatspresident.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 31. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 31. Mäerz 1940 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräcih den 31. Mäerz 1968 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 31. Mäerz 1973 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Israel den 31. Mäerz 1997 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien den 31. Mäerz 1999 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 31. Mäerz 2004 um Site European Football.info