2008
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
2003 | 2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009 | 2010 | 2011 | 2012 | 2013
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2008.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
[änneren] Europa
- 1. Januar: Malta an Zypern trieden der Euro-Zon bäi a féieren den Euro als Währung an.
- 5. Januar: De Micheil Saakaschwili gëtt bei virgezunnene Presidentschaftswalen a Georgien erëmgewielt.
- 3. Februar: De Boris Tadić gëtt beim 2. Tour zu de Presidentschaftswalen a Serbien erëmgewielt.
- 15. Februar: De Václav Klaus gëtt zum President vun der Tschechescher Republik erëmgewielt.
- 17. Februar: De Kosovo declaréiert seng Onofhängegkeet vu Serbien.
- 20. Februar: D'Lëtzebuerger Chamber stëmmt e Gesetz, dat déi aktiv Stierfhëllef (Euthanasie) ënner bestëmmte Conditioune legaliséiert.
- 24. Februar: Den Demetris Christofias gewënnt beim Zweeten Tour fir d'Presidentschaftswalen an Zypern.
- 9. Mäerz: Zu Malta gewënnt d'Nationalistesch Partei vum Premier Lawrence Gonzi d'Parlamentswlen.
- 9. Mäerz: D'Spuenesch Sozialistesch Aarbechterpartei (PSOE) gewënnt d'Parlamentswalen a Spuenien.
- 20. Mäerz: Den Yves Leterme gëtt Premierminister an der Belsch.
- 14. Abrëll: D'Wal-Alliance Popolo de la Libertà, mat un hirer Spëtzt dem Silvio Berlusconi, gewënnt d'Parlamentswalen an Italien.
- 7. Mee: De Brian Cowen gëtt nom Récktrëtt vum Bertie Ahern Taoiseach (Premierminister) vun Irland.
- 7. Mee: De Silvio Berlusconi gëtt Premierminister vun Italien.
- 7. Mee: Den Dmitri Anatoljewitsch Medwedew gëtt 3. President vun der Russescher Federatioun.
- 8. Mee: De fréiere President Wladimir Putin gëtt Premierminister a Russland.
- 11. Mee: Parlamentswalen a Serbien.
- 1. Juni: Parlamentswalen a Mazedonien.
- 12. Juni: D'Ire soen an engem Referendum majoritär Neen zum Traité vu Lissabon.
- 17. Juni: Lëtzebuerg, d'Belsch an Holland ënnerschreiwen en neie Benelux-Traité.
- 7. August: Ufank vum Südossetien-Krich (2008), andeems Georgien a Russland, no deeglaangem Gestëppels tëscht deenen zwou Säiten, eng militäresch Offensiv an der separatistescher Regioun Südossetien ufänken.
- 20. August: De Spanair-Fluch JK 5022 verongléckt beim Start um Fluchhafe vu Madrid-Barajas, 153 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 26. August: Russland erkennt Südossetien an Abchasien als onofhängeg un.
- 22. September: D'Sozialdemokraten (SD) mat un der Spëtzt dem Borut Pahor gewannen d'Parlamentswalen a Slowenien.
- 28. September: Bei de Parlamentswalen ("Nationalratswahlen") an Éisträich verléieren d'SPÖ an d'ÖVP, déi virdrun eng grouss Koalitioun gestalt hunn, 10, resp. 15 Sëtzer, a kommen op hirer 58, resp. 51, iwwerdeems d'FPÖ an d'BZÖ op zesumme 55 Sëtzer kommen (2006: 28). Déi Gréng kréien 19 Sëtzer.
- 6. Oktober: D'Cité judiciaire an der Stad Lëtzebuerg gëtt ageweit.
- 25. November: Grönland stëmmt an engem Referendum mat 75% Majoritéit fir eng méi grouss Autonomie vun Dänemark.
- 27. November: Den Andrius Kubilius gëtt Ministerpresident a Litauen.
- 2. Dezember: An Éisträich gëtt d'Regierung vum Werner Faymann, eng Grouss Kolitioun tëscht SPÖ an ÖVP, vereedegt.
- 22. Dezember: De Emil Boc gëtt Premierminister a Rumänien.
- 30. Dezember: Den Herman Van Rompuy gëtt belsche Premierminister, nodeems den Yves Leterme zeréckgetruede war.
[änneren] Afrika
- 15. September: No Verhandlungen ginn de Robert Mugabe an de Morgan Tsvangirai eens, d'Muecht a Zimbabwe ze deelen; de Mugabe bleift President, den Tsvangirai gëtt Premierminister.
- 25. September: De Kgalema Motlanthe gëtt neie Staatspresident vu Südafrika.
- 28. Dezember: Den John Atta-Mills gëtt am 2. Tour zum President vu Ghana gewielt.
[änneren] Amerika
[änneren] USA
- 4. November: Den Demokrat Barack Obama gewënnt d'Wale fir d'Amt vum 44. President vun den USA géint de Republikaner John McCain.
[änneren] Mëttel- a Südamerika
- 24. Februar: De Raúl Castro gëtt neie Staatspresident a Kuba, nodeems säi Brudder Fidel den 19. Februar zréckgetrueden ass.
- 15. Dezember: D'Hollännesch Antillen ginn ofgeléist. Curaçao a Sint Maarten kréien e "besonnesche Status" bannent dem hollännesche Kinnekräich; Bonaire, Saba a Sint Eustatius ginn hollännesch Gemengen.
[änneren] Asien
- 4. Mee: Den Zyklon Nargis mécht bis zu 100.000 Doudeger am Myanmar.
- 12. Mee: Bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 7.9Mw an Zentralchina, no bei Schengdu, komme ronn 90.000 Leit ëm d'Liewen.
- 19. Juli: Éischt Presidentschaftswalen an der Geschicht vum Nepal.
- 15. August: De Pushpa Kamal Dahal (besser bekannt als Prachanda) gëtt, nodeems am Mee d'Monarchie ofgeschaf gi war, éischte Premierminister vun Nepal.
- 18. August: De pakistanesche President Pervez Musharraf trëtt zeréck.
- 6. September: Den Ali Zardari gëtt neie President a Pakistan.
- 24. September: Den Taro Aso gëtt Premierminister a Japan.
- 26. November: Bei Attacken ë.a. op Hoteler, e Maart, e Spidol an eng Gare zu Mumbai duerch eng Grupp vun op d'manst 10 Terroristen komme méi wéi 173 Mënschen ëm d'Liewen.
[änneren] Ozeanien & Pazifik
- 13. Februar: Den australesche Premierminister an den Oppositiounsleader entschëllege sech ëffentlech virum Parlament fir d'Onrecht, dat d'Aborigenes 200 Joer laang hu missen erleiden.
- 1. August: De Kinnek George Tupou V. gëtt zum neie Kinnek vun Tonga gekréint.
- 19. November: Den John Key gëtt Premierminister an Neiséiland.
[änneren] Arabesch Welt
- 27. Dezember: Ufank vun der Operatioun Bläigoss, bei där, no e puer Deeg Loftattacken, d'israelesch Arméi an d'Gaza-Sträif amarschéiert ass, fir d'Hamas fir Rakéitebeschëss ze 'bestrofen'.
[änneren] Konscht & Kultur
- Liverpool gëtt zesumme mat Stavanger Europäesch Kulturhaaptstad.
[änneren] Molerei
[änneren] Literatur
- Lëtzebuerg
- 1. Präis am Concours littéraire national 2008 fir der Carine Krecké hire Retour au point de non-retour.
- Servais-Präis fir der Anise Koltz hire L'ailleurs des mots.
- Batty-Weber-Präis fir den Nico Helminger.
- De Lëtzebuerger Staat keeft de Codex Mariendalensis.
[änneren] Musek
[änneren] Film
- 22. Februar: La Graine et le Mulet vum Abdellatif Kechiche kritt den César fir de beschte Film.
- 24. Februar: No Country for Old Men vum Ethan a Joel Coen kritt den Oscar fir de beschte Film.
- 25. Mee: Entre les murs vum Laurent Cantet kritt d'Gëlle Palm um Filmfestival vu Cannes.
- Lëtzebuerg
- Weilerbach vum Yann Tonnar.
- Léif Lëtzebuerger... vum Ray Tostevin.
- Inthierryview vum Andy Bausch.
[änneren] Economie
- D'Joer iwwer: Finanzkris 2007/2008.
- 2. Januar: Op der Termäinbourse zu New York gëtt d'Faass réie Pëtrol fir d'éischte Kéier iwwer 100 US-Dollar gehandelt.
- 7. September: D'US-Regierung iwwerhëlt d'Biergschaft fir d'Krediter vun den zwou Hypothéikebanken Freddie Mac a Fannie Mae.
- 14. September: D'amerikanesch Bank Lehman Brothers geet faillite.
- 16. September: D'US-amerikanesch Regierung nationaliséiert d'Assurance-Gesellschaft American International Group, fir ze verhënneren, datt se faillite geet.
- 18. September: Merrill Lynch gëtt vun der Bank of America iwwerholl.
- 28. September: Fir d'Bank- ann Assurancegrupp Fortis virun enger méiglecher Faillite ze retten, huelen déi belsch, hollännesch a lëtzebuergesch Regierungen eng 49%eg Participatioun an de jeweilege Filiale vum Grupp: D'Belsch mat 4,7 Milliarden Euro, d'Hollänner mat 4 Milliarden a Lëtzebuerg mat 2,5 Milliarden.
- 29. September: Fir d' Bank- an Assurancegrupp Dexia virun enger méiglecher Faillite ze retten, huelen d'Belsch federal a regional Regierungen eng Participatioun vun zesummen 3 Milliarden Euro, de Franséische Staat, via d'Caisse de Dépôts et de Consignations, eng vun och 3 Milliarden an d'Lëtzebuergesch Regierung eng vun 376 Milliounen Euro.
- 4. Oktober: D'hollännesch Regierung iwwerhëlt fir 16,8 Mrd. Euro de Rescht vun den Aktie vu Fortis.
- 6. Oktober: Déi franséisch BNP Paribas iwwerhëlt fir 14,5 Mrd. Euro 75 Prozent vum Grupp Fortis.
- 9. Oktober: An Island iwwerhëlt d'Finanzopsiichtsautoritéit d'Kontroll iwwer déi dräi gréisste Banken aus dem Land (Kaupthing Bank, Landsbanki a Glitnir).
[änneren] Wëssenschaft & Technik
- 10. September: An der Schwäiz gëtt de Large Hadron Collider eng éischte Kéier a Betrib geholl.
[änneren] Sport
- Vëlossport 2008
- 7. - 29. Juni: Foussball-Europameeschterschaft 2008 an Éisträich an an der Schwäiz.
- 8. - 24. August: Olympesch Summerspiller zu Peking.
- 10. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Zürich géint d'Schwäiz a gewënnt 1:2 [1]
[änneren] Gebuer
[änneren] Gestuerwen
- 10. Januar: Marcel Lamboray, Direkter vun der Bourse zu Lëtzebuerg
- 11. Januar: Edmund Hillary, neiséilänneschen Alpinist.
- 17. Januar: Yvan-Chrysostome Dolto, genannt Carlos, franséische Sänger.
- 17. Januar: Bobby Fischer, US-amerikanesche Schachweltmeeschter.
- 22. Januar: Heath Ledger, australesche Schauspiller.
- 27. Januar: Suharto, indonesesche Generol a Staatschef.
- 29. Januar: Marcelle Lentz-Cornette, lëtzebuergesch Politikerin.
- 4. Februar: José Ensch, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 7. Februar: Andrew Bertie, Groussmeeschter vum Malteseruerden.
- 8. Februar: Eva Dahlbeck, schwedesch Schauspillerin a Schrëftstellerin.
- 9. Februar: Walter Bitterlich, éisträichesche Forstingenieur a Wëssenschaftler.
- 9. Februar: Baba Amte, indesche Mënscherechtler
- 10. Februar: Inga Nielsen, dänesch Sopranistin.
- 10. Februar: Roy Scheider, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Februar: Peter Marginter, éisträichesche Schrëftsteller.
- 11. Februar: Tom Lantos, amerikanesche Politiker
- 13. Februar: Henri Salvador, franséische Sänger.
- 18. Februar: Alain Robbe-Grillet, franséische Schrëftsteller a Filmregisseur.
- 15. Februar: Steve Fossett, US-amerikaneschen Aventurier (offiziell fir dout declaréiert; hie gouf zënter dem 3. September 2007 vermësst).
- 23. Februar: Janez Drnovšek, slowenesche Politiker a President.
- 27. Februar: Ivan Rebroff, däitsche Sänger.
- 18. Mäerz: Anthony Minghella, britesche Filmregisseur.
- 19. Mäerz: Arthur C. Clarke, briteschen Science-fiction-Auteur.
- 19. Mäerz: Hugo Claus, belsche Schrëftsteller.
- 31. Mäerz: Jules Dassin, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 2. Abrëll: Jacques Berthier, franséische Schauspiller.
- 5. Abrëll: Charlton Heston, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Abrëll: Johnny Flick, lëtzebuergesche Geowëssenschaftler a Sänger.
- 15. Abrëll: Benoît Lamy, belsche Filmregisseur.
- 17. Abrëll: Aimé Césaire, franséische Schrëftsteller.
- 29. Abrëll: Albert Hofmann, Schwäizer Chemiker.
- 3. Mee: Leopoldo Calvo Sotelo, spuenesche Politiker.
- 10. Mee: John Paul Wild, australeschen Astronom a Wëssenschaftsmanager.
- 12. Mee: Robert Rauschenberg, US-amerikanesche Konschtschafenden.
- 26. Mee: Sydney Pollack, US-amerikanesche Regisseur a Schauspiller.
- 1. Juni: Yves Saint Laurent, franséische Couturier.
- 2. Juni: Bo Diddley, US-amerikanesche Museker.
- 2. Juni: François Fejtö, franséischen Intellektuellen.
- 7. Juni: Dino Risi, italienesche Filmregisseur.
- 10. Juni: Tschingis Aitmatow, kirgisischen Auteur an Diplomat.
- 18. Juni: Jean Delannoy, franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 22. Juni: George Carlin, US-amerikanesche Schauspiller a Komiker.
- 27. Juni: Alex Bonn, lëtzebuergesche Jurist.
- 1. Juli: Jhemp Bertrand, lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.
- 9. Juli: Joseph Grosbusch, lëtzebuergesche Moler.
- 13. Juli: Juliette Faber, franséisch Actrice mat Lëtzebuerger Origine.
- 13. Juli: Bronislaw Geremek, polnesche Politiker.
- 17. Juli: Johny Fonck, lëtzebuergesche Foussballspiller, Liichtathlet an Olympionik.
- 22. Juli: Paul Katow, lëtzebuergesche Journalist an Auteur.
- 23. Juli: Clay T. Whitehead, US-amerikanesche Geschäftsmann a Conseiller am Satellitewiesen.
- 26. Juli: Armando Bausch, lëtzebuergeschen Auteur, Journalist a Schlagersänger.
- 27. Juli: Youssef Chahine, egyptesche Filmregisseur.
- 3. August: Alexander Soljenizyn, russchesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 7. August: Andrea Pininfarina, italieneschen Ingenieur.
- 8. August: Liliane Thorn-Petit, lëtzebuergesch Journalistin a Publizistin.
- 8. August: Fernand Meyssonnier, leschte franséische Schaarfriichter.
- 10. August: Isaac Hayes, US-amerikanesche Museker.
- 11. August: Fred Sinowatz, éisträichesche Politiker.
- 14. August: Roger Molitor, lëtzebuergesche Moler.
- 21. August: Henry Gelhausen, lëtzebeurgeschen Auteur vu Satiren a Glossen.
- 1. September: Don LaFontaine, US-amerikanesche Stëmm-Schauspiller.
- 10. September: Rolph Ketter, lëtzebuergeschen Auteur a Journalist.
- 26. September: Paul Newman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 5. Oktober: Leopoldo Elia, italienesche Riichter a Politiker.
- 6. Oktober: Léopold Hoffmann, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 11. Oktober: Jörg Haider, éisträichesche Politiker.
- 13. Oktober: Guillaume Depardieu, franséische Schauspiller.
- 20. Oktober: Marie-Madeleine Cinquin (Soeur Emmanuelle), belsch Uerdensfra an Auteur.
- 25. Oktober: André Biren, lëtzebuergesche Galerist an Editeur.
- 1. November: Jacques Piccard, schwäizer Erfinder a Mieresfuerscher.
- 4. November: Michael Crichton, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 10. November: Miriam Makeba, südafrikanesch Sängerin.
- 11. November: Alessandro Maggiolini, italienesche Geeschtlechen a Bëschof.
- 13. November: Mitch Mitchell, englesche Batteur.
- 14. November: Zwetanka Christowa, bulgaresch Liichtathletin.
- 15. November: Fons Bastijns, belsche Fussballspiller.
- 17. November: Denise Bindschedler-Robert, schwäizer Juristin.
- 25. November: Edwin Salpeter, éisträicheschen Astronom an Astrophysiker.
- 26. November: Christian Fechner, franséische Filmproduzent.
- 12. Dezember: Tassos Papadopoulos, zypriotesche Politiker.
- 13. Dezember: Horst Tappert, däitsche Schauspiller.
- 24. Dezember: Samuel Phillips Huntington, amerikanesche Politikwëssenschaftler
- 24. Dezember: Harold Pinter, engleschen Auteur a Literatur-Nobelpräisdréier 2005.
- 25. Dezember: Eartha Kitt, US-amerikanesch Jazzsängerin.
- 29. Dezember: Jupp Wagner, lëtzebuergesche Paschtouer.
| Commons: 2008 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen