Fortis
| Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Fortis-Grupp ass eng belsch-hollännesch Finanz-an Assurancenentreprise. Et ass eng Aktiegesellschaft mat Haaptsëtzer zu Utrecht an Holland an zu Bréissel an der Belsch. Si hat an der Zäit iwwer 85.000 Mataarbechter.
D'Grupp war 1990 aus der Fusioun vun zwou hollänneschen Entreprisen entstanen, der Assurancegesellschaft N.V. AMEV an der VSB Bank.
Am Joer 2000 huet si d'Banque Générale du Luxembourg (BGL) iwwerholl.
Den 11. Abrëll 2005 huet si 83 Prozent vun der siwegréisster tierkescher Bank, der Disbank vum Dougan Group ofkaaft. De 4. Oktober 2005 keeft d'Fortis vun der Entreprise Prudential Financial d'Dryden Wealth Management. 2007 bedeelegt d'Fortis sech un der bis dohinner gréisster Bankfusioun vun der Welt: Fir 71,8 Milliarden Euro keeft de Konzern zesumme mat der Royal Bank of Scotland an der spuenescher Santander Bank (BSCH) déi hollännesch Bank ABN AMRO.
Ee Joer drop war se um Enn: den 28. September 2008 hunn déi belsch, hollännesch a lëtzebuergesch Regierungen d'Grupp duerch Participatioune vun 11,2 Milliarden Euro (Belsch mat 4,7 Milliarden Euro, Holland mat 4 Milliarden a Lëtzebuerg mat 2,5 Milliarden) virun der Faillite gerett an d'Grupp gouf demanteléiert.
De 5. Oktober 2008 iwwerhëlt déi franséisch BNP Paribas Bank déi belsch an déi lëtzebuergesch Filialen an investéiert 14,5 Milliarden Euro. D'Fortis Banque Luxembourg, vun där de Lëtzebuerger Staat no där Operatioun een Drëttel hält, nennt sech duerno BGL BNP Paribas.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Fortis – Biller, Videoen oder Audiodateien |