Bréissel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dësen Artikel befaasst sech mat Bréissel, der Haaptstad vun der Belsch. Fir d'Regioun kuckt w.e.g. Haaptstadregioun Bréissel.

Bruxelles / Brussel
Bréissel
Wopen
Bréissel (Belsch)
Bréissel
Land: Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun: Flag Belgium brussels.svg Haaptstadregioun Bréissel
Communautéit: Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Flag of Flanders.svg Flämesch Communautéit
Arrondissement: Bruxelles-Capitale
Koordinaten: 50° 49' 59" N
04° 19' 59" E
Fläch: 32,61 km²
Awunner: 163.210 (1. Jan. 2011)
Bevëlkerungsdicht: 5.005 Aw./km²
Héicht: 70 m
Telefonszon: 02
Postcode: 1000, 1020, 1120, 1130
Lag vun der Gemeng (rout) an der Haaptstadregioun (hellgro)
Lag vun der Gemeng (rout)
an der Haaptstadregioun (hellgro)

Bréissel (fr: Bruxelles, nl: Brussel) ass d'Haaptstad vun der Belsch. Am metaphoresche Sënn steet Bréissel och fir eng vun den EU-Institutiounen, meeschtens de Ministeschconseil ("Bréissel huet decidéiert...").

D'Gemeng Bréissel huet eng Fläch vun 32,61 km². Mat 157.673 Awunner (1. Januar 2010) ass et déi gréisst vun den 19 Gemenge vun der Haaptstadregioun (déi ronn 1.133.000 Awunner huet).

Politesch Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Fait, datt Bréissel d'Haaptstad vum belsche Kinnekräich ass, ass et och de Sëtz vun der NATO an enger etlechen Institutioune vun der Europäescher Unioun (EU), wéi der Europäescher Kommissioun, dem Conseil vun der Europäescher Unioun, dem Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité an dem Comité vun de Regiounen (Kuckt och d'Fro vum Sëtz vun den Europäeschen Institutiounen). Bréissel ass weiderhin de Sëtz vun der zweesproocheger Haaptstadregioun Bréissel. Zu gudder Lescht ass Bréissel och nach de Sëtz vun deenen zwou grousse Sproochcommunautéite vun der Belsch, der flämesch-sproocheger Communautéit (Vlaamse Gemeenschap) an der franséisch-sproocheger Communautéit Wallounien-Bréissel (Communauté française Wallonie-Bruxelles), souwéi der Regioun Flandern (nl.: Vlaanderen, fr: Flandre).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Bréissel geet wahrscheinlech zréck op Bruoc sella - Siidlung am Mouer. Bréissel, dat vum 7. Joerhonnert un nozewiesen ass, war am Mëttelalter, gënschdeg geleeën um Wee tëscht Gent a Köln, en Handelsposte vun de burgundeschen Nidderlanden. Zanter 1477 gehéiert Bréissel zum Habsburgerräich, 1795-1815 zu Frankräich, bis 1830 zu den Nidderlanden a gëtt 1830 Haaptstad vun der Belsch, wéi déi sech vun den Nidderlanden ofgespléckt huet.

De Kinnekspalais zu Bréissel

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Stadhaus vu Bréissel op der Grand-Place

De mëttelalterleche Stadkär ass vu flämesche Biergerhaiser dominéiert. Besonnech d'Grand-Place (nl.: Grote Markt), déi op der Unescos-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft steet, stécht duerch hir eenheetlech Bauweis am flämesche Barock (ëm 1700) ervir.

Weidert Kuckeswäertes sinn d'spéit gotesch Kathedral St. Michel-Ste. Gudule (Sint Michiels-Sint Gudula), de Cinquantenaires-Park mat sengem Triumphbou, dem Kinnek säi Palais, e puer iwwerdaacht neo-klassizistesch Akafsgalerien an den Atomium, dee fir d'Weltausstellung vun 1958 gebaut gouf. Dat ass e Gebai, dat aus néng Bulle besteet, déi ënnerenee verbonne sinn an déi en Eisemoleküll an 165.000.000-facher Vergréisserung duerstellen. Si sinn zesummen 102 Meter héich an 2400 Tonne schwéier. Och de Sprangbur "Manneken Pis", eng 60 Zentimeter héich Bronzefigur an der Alstad, ass wäit bekannt. Hien huet eng Garderob vun iwwer 500 verschiddene Kostümer, déi an engem eegene Musée ausgestallt sinn. Ausserdeem gëllt Bréissel als eng Haaptstad vu Gastronomie a guddem Iessen.

Bréissel ass och déi heemlech Haaptstad vun der Bande dessinée. Et gëtt e Musée, deen dëser Konscht dédiéiert ass, an uechter d'Stad gëtt et eng etlech Haisergiewelen, déi mat bekanntene gemoolte Personnagen dekoréiert sinn.

Leider gouf zu Bréissel och vill historesch Bausubstanz zerstéiert. Beim Iwwerdeckele vum Floss Senne (nl.: Zenne), der Interconnectioun vun der Nord- an der Süd-Gare, der Installatioun vun den EU-Institutiounen an engem megalomane Bauprojet ronderëm d'Nord-Gare goufe ganz Quartierë komplett ofgerappt, Dausende vu Leit sinn expropriéiert ginn, an nach haut sinn déi urbanistesch 'Wonnen' net ganz verheelt. An der Architektur gëtt et souguer en en Ausdrock dofir ("Bruxellisatioun"), deen dës Ëmstänn, als ofschreckend Beispill, beschreift.

Bekannt Bréisseler[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschtere vu Bréissel[änneren | Quelltext änneren]

Nicolas-Jean Rouppe 1830 - 1838
Guillaume Van Volxen 1838 - 1841
Jean-François Wyns de Raucour 1841 - 1848
André-Napoléon Fontainas 1860 - 1863
Jules Victor Anspach 1863 - 1879
Félix Vanderstraeten 1879 - 1881
Charles Buls 1881 - 1899
Émile De Mot 1899 - 1909
Adolphe Max 1909 - 1939
Frédéric-Joseph Van de Meulebroeck1 1939 - 1956
Lucien Georges Cooremans 1956 - 1975
Pierre Van Halteren 1975 - 1983
Hervé Brouhon 1983 - 1993
Michel Demaret 1993 - 1994
Freddy Thielemans 1994
François-Xavier de Donnéa 1995 - 2001
Marion Lemesre 2000 - 2001
Freddy Thielemans 2001 - ?

Foussnote 1: De Van de Meulebroeck war den 1. Juli 1941 vun der däitscher Besatzung ofgesat ginn. A seng Plaz koum de Jules Coelst, dee sengersäits vum Jan Grauls den 28. September 1942 no der Grënnung vu Gross Brüssel ersat gouf. Eng Ursaach fir seng Ofléisung war haaptsächlech well e refuséiert hat Badgë mat Juddekräizer auszedeelen. De 4.September 1944 koum de Van de Meulebroeck nees op d'Buergermeeschtesplaz zréck.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bréissel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikitravel.png WikiTravel: Bréissel (en)