Gotik
| Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Gotik (v. ital. gotico friem, barbaresch) ass eng Stilzäit vum Mëttelalter. Den Numm bezitt sech op de Germanestamm vun de Goten. Se dauert vun ongeféier 1200 bis ongeféier 1500. Déi Stilepoch virdrun ass d'Romanik, dono koum d'Renaissance.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Architektur
Eent vun den bekanntesten Elementer vun der gotescher Architektur ass de spatze Bou, mee vill méi wichteg ewéi dësen u sech sinn déi Saachen déi duerch de Gebrauch dervu méiglech ginn. Wann iwwert enger quadratescher Fläch 2 ronn Béi iwwert Diagonal stinn (mat engem gemeinsame Mëttelsteen) kennen op de Säite 4 Spatzbéi stoen. Dësen Ensembel, Kräizrëppeverwëllef genannt, ass vu sech aus stabil a brauch keng weider Maueren, am Géigesaz zu dem Tonneverwëllef aus der Romanik. Esou kënnt et datt an der gotescher Architektur riseg Fënstere méiglech sinn well praktesch keng Dromauere méi gebraucht goufen.
Vill kierchlech Gebaier sinn aus der gotescher Stilepoch, z.B.:
- d'Kathedral vu Paräis
- den Doum vu Köln
- d' Kathedral vu Metz
awer och zivil Gebaier, z. B.:
[änneren] Gotesch Kierchen zu Lëtzebuerg
[änneren] Am Éislek
[änneren] Am Guttland
Et sinn eppes iwwer honnert gotesch Skulpture bekannt, déi am Land stinn. Meeschtens sinn et Retabelen, Kräizigungsgruppen a Griewer. Meeschtendeels stame se aus Ateliere vun Tréier oder aus Loutrengen.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Gothic architecture – Biller, Videoen oder Audiodateien |