Méchelskierch (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Méchelskierch
an der Stad Lëtzebuerg
D'Méchelskierch um Fëschmaart
Uertschaft Stad Lëtzebuerg
Par Lëtzebuerg
St. Michel
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Konsekratiounsjoer -
Parverband Lëtzebuerg
Notre-Dame
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen
Westenfelder-Uergel

D'Méchelskierch zu Lëtzebuerg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par St. Michel Lëtzebuerg, zum Parverband Lëtzebuerg Notre-Dame, zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg, zum Dekanat Lëtzebuerg-Ost an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Henri Hamus.

De Patréiner vun der Kierch ass den Hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt.

Se steet an der Uewerstad an der rue Sigefroi um Fëschmaart an ass dat eelst reliéist Gebai dat an der Stad Lëtzebuerg erhalen ass.

D'Kierch[änneren | Quelltext änneren]

D'Méchelskierch steet haut op där Plaz, wou 987 d'Buergkapell vun de Lëtzebuerger Grofe stoung. Am Laf vun der Zäit gouf d'Kierch ëmmer nees zerstéiert an erëm opgebaut. D'Ausgesi vun haut huet d'Kierch zanter 1688. Duerch dat villerlee Ëmbaue sinn haut Elementer vu romanescher, gotescher a barocker Architektur dran ze fannen.

D'Kierch ass bekannt wéinst hirer aussergewéinlech gudder Akustik an hirer Westenfelder-Uergel.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel gouf 1609 fir d'Franziskaner-Klouschter um Knuedler gebaut a krut géint 1660 eent vun deene schéinsten Uergel-Gehaiser aus dem Land. Den 11. Dezember 2002 gouf d'Uergel op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen. D'Kierch selwer war schonn de 27. Mee 1963 duer opgeholl ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1964. L'église Saint-Michel à Luxembourg 987-1964. Die Sankt-Michaelskirche in Luxemburg. Dréckerei Saint-Paul. 67 S. (An der Broschür ass keen Editeur genannt). Cote BNL LB 17719
    • Schaus, Lambert: L'église Saint-Michel à Luxembourg. S. 5-10.
    • Reuter, Joseph: Aus der tausendjährigen Geschichte der St. Michaelskirche. S. 11-22.
    • Staud, Richard. M.: Die Restaurierung der St. Michaelskirche. S. 23-34.
    • Schmitt, Georges: St. Michael am Fischmarkt. Ein Hort christlicher Kunst. S. 35-58.
    • Schmitt, Georges: Erläuterungen zum Fensterbildschmuck. S. 59-67.
  • Lascombes, François, 1987. Chronique de l'église et de la paroisse Saint-Michel. In: 1000 Joer St. Méchel zu Lëtzebuerg. (S. 14-28). Erausgi vun der Entente Fëschmaart-Alstad. Dréckerei Victor Buck, Lëtzebuerg. Cote BNL: LB 2927.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Méchelskierch (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]