1995
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994 | 1995 | 1996 | 1997 | 1998 | 1999 | 2000
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1995.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1. Januar: Éisträich, Schweden a Finnland trieden der EU bäi.
- 20. Januar: De Jacques Santer iwwerhëlt Successioun vum Jacques Delors als EU-Kommissiounsprésident.
- 10. Mäerz: De Konstantinos Stefanopoulos gëtt Staatspresident a Griicheland.
- 26. Mäerz: D'Schengener Ofkommes trëtt a Kraaft.
- 7. Mee: De Jacques Chirac gëtt Staatspresident vu Frankräich.
- 25. Juli: 7 Doudeger zu Paräis bei enger Bommenattack am Metro.
- 11. Juli: Massaker vu Srebrenica.
- 24. August: Georgien gëtt sech eng nei (demokratesch) Verfassung.
- 19. November: Den Aleksander Kwasniewski gëtt Staatspresident a Polen.
- 13. Dezember: Ratifizéierung vun der Douanes-Unioun tëscht der EU an der Tierkei.
- 14. Dezember: Daytoner Friddensofkommes fir Bosnien an Herzegowina.
- 15. Dezember / 16. Dezember: D'Staats- a Regierungscheffe vun der EU eenege sech op den Euro als gemeinsam Währung. Den 1. Januar 1999 gëtt als Datum fir en anzeféiere festgeluecht.
Lëtzebuerg [änneren]
- 1. Januar - 31. Dezember: Lëtzebuerg ass Kulturhaaptstad vun Europa.
- 20. September: Éischte Sommet vun der Groussregioun zu Munneref.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 19. Abrëll: Bei engem Bommenattentat zu Oklahoma City kommen 168 Mënschen ëm d'Liewen.
Südamerika [änneren]
- De Fernando Henrique Cardoso gëtt Staatspresident a Brasilien.
Asien [änneren]
- 17. Januar: Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 7,2 bei Kobe, a Japan; iwwer 5.500 Mënsche stierwen, iwwer 400.000 ginn der blesséiert. Héich Materialschied.
- 20. Mäerz: D'japanesch Aum-Sekt mécht eng Attack mam gëftege Gas Sarin op d'Tokioer Metro.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Noen Osten an Arabesch Welt [änneren]
- 4. November: Den israelesche Premier Yitzhak Rabin gëtt vun engem extrem-rietse Fanatiker zu Jerusalem no enger Manifestatioun fir de Fridden erschoss.
Konscht & Kultur [änneren]
Kino [änneren]
- César fir de beschte Film: Les Roseaux Sauvages vum André Techiné.
- Oscar fir de beschte Film: Braveheart vum Mel Gibson.
- Gëlle Palm vu Cannes: Underground vum Emir Kusturica.
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Servais-Präis: Joseph Kohnen fir seng Fuerschungsaarbechten.
Musek [änneren]
- 13. Mee: D'Grupp Secret Garden gewënnt fir Norwegen mam Lidd Nocturne de 40. Eurovision Song Contest zu Dublin.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Economie [änneren]
- 1. Januar: D'Welthandelsorganisatioun fänkt hir Aktivitéite mat 77 Memberstaaten un.
Sport [änneren]
- 14. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Ashdod 2:4 géint Israel. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Roby Langers geschoss. De Marc Birsens huet e Selbstgol geschoss.[1]
- 22. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Ta`Qali, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 1:0 géint Malta. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Manuel Cardoni geschoss.[2]
- 29. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:2 géint Norwegen.[3]
- 26. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Oslo, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:5 géint Norwegen.[4]
- 7. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 1:0 géint déi Tschech Republik. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.[5]
- 6. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 1:0 géint Malta. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Luc Holtz geschoss.[6]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:0 géint Wäissrussland.[7]
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Prag, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996, 0:3 géint déi Tschech Republik.[8]
Gebuer [änneren]
- 10. September: Sophie Karbjinski, däitsch Schauspillerin.
Gestuerwen [änneren]
- Jean Tardieu, franséische Schrëftsteller.
- 18. Januar: Roger Gilson, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 24. Januar: Chris Baldo, lëtzebuergesche Schlagersänger.
- 31. Januar: George Abbott, US-amerikanesche Regisseur a Schauspiller.
- 2. Februar: André Frossard, franséische Journalist an Essayist.
- 2. Februar: Donald Pleasance, US-amerikanesche Schauspiller.
- 4. Februar: Patricia Highsmith, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 3. Mäerz: Marcel Simon, lëtzebuergesche Fonctionnaire a Schrëftsteller.
- 14. Mäerz: William Alfred Fowler, US-amerikaneschen Astro-Physiker a Physik-Nobelpräisdréier.
- 29. Mäerz: Antony Hamilton, englesche Filmschauspiller
- 2. Abrëll: Hannes Alfvén, schwedesche Physiker a Nobelpräisdréier.
- 10. Abrëll: Andrée Wirion, lëtzebuergesch Textilkënschtlerin.
- 25. Abrëll: Ginger Rogers, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2. Mee: Albert Bousser, lëtzebuergeschen Eisebunner, Gewerkschaftler a Politiker.
- 18. Mee: Willi Hahn, däitsche Sculpteur.
- 18. Mee: Sabine Sinjen, däitsch Schauspillerin.
- 18. Mee: Peter van de Kamp, US-amerikaneschen Astronom.
- 19. Mee: Robert S. Dietz, US-amerikaneschem Geophysiker an Ozeanograph.
- 20. Mee: Charles Heirendt, lëtzebuergesche Laangstreckeleefer.
- 24. Mee: Harold Wilson, britesche Politiker a Regierungschef.
- 25. Mee: Dany Robin, franséisch Schauspillerin.
- 12. Juni: Arturo Benedetti Michelangeli, italiéinesche Pianist.
- 14. Juni: Rory Gallagher, iresche Gittarist.
- 15. Juni: John Vincent Atanasoff, US-amerikanesche Physiker a Computer-Pionéier.
- 20. Juni: Émile Michel Cioran, rumänesch-franséischen Zssayist a Kulturkritiker.
- 29. Juni: Sicco Mansholt, hollännesche Politiker.
- 29. Juni: Lana Turner, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 5. Juli: Christian Calmes, lëtzebuergeschen Diplomat, Historiker an Economist.
- 3. August: Ida Lupino, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 18. August: Alex Joffé, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 28. August: Michael Ende, däitsche Schrëftsteller.
- 7. September: Marthe Bigelbach-Fohrmann, lëtzebuergesch Politikerin an Deputéiert.
- 7. September: Henri Klein, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. September: Friedrich Schütter, däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.
- 7. Oktober: Gérard de Vaucouleurs, franséisch-amerikaneschen Astronom.
- 18. Oktober: Claudio Brook, mexikanesche Schauspiller.
- 4. November: Yitzhak Rabin, israelesche Ministerpresident.
- 23. November: Louis Malle, franséische Regisseur.
- 18. Dezember: Konrad Zuse, Ingenieur, Erfinder vum éischte Computer.
- 21. Dezember: Prosper Friob, lëtzebuergesche Moler.
- 25. Dezember: Emmanuel Lévinas, jiddesche franséische Philosoph.
- 25. Dezember: Dean Martin, US-amerikaneschen Entertainer.
| Commons: 1995 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Israel-Lëtzebuerg de 14. Februar 1995 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Malta-Lëtzebuerg den 22. Februar 1995 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen den 29. Mäerz 1995 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen de 26. Abrëll 1995 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschech Republik de 7. Juni 1995 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Malta de 6. September 1995 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wäissrussland den 11. Oktober 1995 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschech Republik-Lëtzebuerg de 15. November1995 um Site European Football