Jacques Poos
De Jacques F. Poos, gebuer den 3. Juni 1935 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker.
No senger Première am Kolléisch huet de Jacques Poos Commerce an Economie op der HEC vu Lausanne studéiert.
1959 ass hien an de Staatsdingscht agetrueden. 1964 gouf en Direkter vum Tageblatt. 1974 gouf hie fir d'éischte Kéier, als Deputéierte vun der LSAP, an d'Chamber gewielt. 1976 gouf en zum Finanzminister an der Regierung Thorn-Berg ernannt.
No de Chamberwale vum 10. Juni 1979 war d'LSAP net méi un der Regierung bedeelegt; de Jacques Poos ass Deputéierten an der Chamber bliwwen. Hie gouf Direkter vun der Banque Continentale an duerno vun der Banque Paribas.
1984 koum et no de Chamberwalen zu enger Koalitiounsregierung vun CSV an LSAP ënnert dem Jacques Santer als Premierminister; de Jacques Poos gouf Vizepremier an Ausseminister. Dës Koalitioun gouf 1989 an 1994 verlängert; de Jacques Poos huet seng Ministerposten bäibehalen.
1999 war de Jacques Poos net méi Spëtzekandidat vu senger Partei; hie gouf als Deputéierten am Europäesche Parlament gewielt.
2004 huet hie sech aus dem aktive Politkliewen zréckgezunn, hien ass am Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Zentralbank, vun der BNP Paribas (Luxembourg) s.a. a vun der Bank of China (Luxembourg) s.a.[1].
De Jacques Poos ass bestuet an huet dräi Kanner.
Kuckt och [änneren]
- Regierung Santer-Poos I
- Regierung Santer-Poos II
- Regierung Santer-Poos III
- Regierung Juncker-Poos
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Europadeputéierten