Lausanne

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lausanne
Coat of Arms of Lausanne.svg
Land Flag of Switzerland.svg Schwäiz
Kanton: Wappen Waadt matt.svg Vaud (VD)
District: Lausanne
Koordinaten: 46° 31' 00" N
6° 38' 00" O
Fläch: 41,37 km²
Awunner: 129.273 (31.12.2007)
les Lausannois
Sprooch: franséisch
Bevëlkerungsdicht: 3 125 / km²
Héicht: 375 - 900 m.i.M
Buergermeeschter: Daniel Brélaz (GPS)
Karte Gemeinde Lausanne.png
Lausanne ëm 1900
D'Kathedral

Lausanne ass eng Universitéitsstad an der franséischsproocheger (welscher) Schwäiz an d'Haaptstad vum Kanton Vaud (de: Waadt). Ausserdeem ass et d'Haaptstad vum Distrikt Lausanne an eng politesch Gemeng. Dee fréieren däitschen Numm „Losanen“ gëtt haut net méi gebraucht. Den italieneschen an de rätoromaneschen Numm ass „Losanna“. D'Stad läit um Genferséi. Et ass déi véiertgréisst Stad vun der Schwäiz no Zürich, Genf a Basel. Lausanne ass e wichtegen Wirtschafts- Kultur- a Bildungszentrum grad wéi eng bedeitend Verkéiersdréischeif an der Westschwäiz. Ausserdeem ass Lausanne och de Sëtz vum Internationalen Olympesche Comité (IOC).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Lausanne (Zentrum) läit op 495 m Héicht am Waadtländer Mëttelland um nërdlechen Uwänner vum Genferséi (fr: lac Léman). Am Stadzentrum fléissen d'Baachen, déi haut gréisstendeels iwwerdeckt sinn, „Louve“ an „Flon“ zesummen. Doduerch ass d'Stad an 3 Koppen ënnerdeelt: „Cité“, „Le Bourg“ an „Saint-Laurent“.

Den héchste Punkt, 929 m, läit um Bierg Jorat, wou och d'Waasserscheed tëscht dem Rhône an dem Rhäin verleeft.

Vun der Gemengefläch (= 41.4 km²) waren 1997 42.9 % besiidelt, 39.6 % Bësch, 17.3 % Landwirtschaft an 0.2 % Broochland.

Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

Den Zentrum vu Lausanne besteet aus de Quartieren La Cité, Le Bourg, La Palud, Saint-Laurent a Le Pont. Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert war dat déi eigentlech Stad Lausanne. Duerno ass d'Stad ëmmer méi gewuess, an d'Dierfer ronderëm goufen incorporéiert. Et sinn dat: Ouchy, Vidy, Cour, Malley, La Blécherette, Bellevaux, Chailly, La Sallaz, Vennes, Rovéréaz, Montblesson, Vers-chez-les-Blancs, La Vulliette, Chalet-à-Gobet, Montheron, La Râpe, La Bérallaz, Chalet Marin, Vernand-Dessus, Vernand-Dessous a Le Boulard.

Stadquartieren[änneren | Quelltext änneren]

Quartier Nr. BFS-Code
Centre-Ville 1 5586001
Maupas - Valency 2 5586002
Sébeillon - Malley 3 5586003
Montoie - Bourdonette 4 5586004
Montriond - Cour 5 5586005
Sous-Gare - Ouchy 6 5586006
Montchoisi 7 5586007
Florimont - Chissiez 8 5586008
Mousquines - Bellevue 9 5586009
Vallon - Béthusy 10 5586010
Chailly - Rovéréaz 11 5586011
Sallaz - Vennes - Séchaud 12 5586012
Sauvabelin 13 5586013
Borde - Bellevaux 14 5586014
Vinet - Pontaise 15 5586015
Bossons - Blécherette 16 5586016
Beaulieu - Grey - Boisy 17 5586017

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerungsentwécklung
Joer Awunner
1798 008.000
1813 013.000
1850 017.108
1900 046.732
1910 064.446
1930 075.915
1950 106.807
1960 126.328
1970 137.383
1980 127.349
1990 128.112
2000 124.914
2007 129.273

Vun den Awunner sinn 78.8 % franséischsproocheg, 4.3 % däitschsproocheg a 4.0 % italieneschsproocheg (Stand 2000). D'Auslänner hunn 2002 36.2 % ausgemaach. Zu deene gréissten auslännesche Gruppe gehéieren d'Italiener, d'Spuenier an d'Portugisen.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Universitéit

Nieft Genf ass Lausanne dee bedeitendste Wirtschafts- a Verwaltungszentrum vun der Westschwäiz. Ronn 83 % vun der aktiver Population ass am Déngschtleeschtungssecteur beschäftegt, 17 % am sekundäre Secteur, a manner wéi 1 % am primäre Secteur.

Am 20. Joerhonnert ass de Wäibau praktesch komplett verschwonnen. Op den Héichte vum Jorat gëtt haut Véizuucht a Mëllechwirtschaft bedriwwen. Wéinst de grousse Bëscher spillt d'Forstwirtschaft och eng bestëmmte Roll.

D'Industrie konzentréiert sech haut haaptsächlech op d'Bauen, op d'Metall-, d'Alimentatiouns- an Tubaksindustrie, op Precisiounsmechanik, Elektronik, Optik, graphesch Betriber an Dréckerei- a Verlagswiesen.

Den Déngschtleeschtungssecteur ass op de Commerce, den Tourismus, d'Banken- an Assurancewiesen an och op den Transport an de Verkéier ausgeriicht. Lausanne ass de Sëtz vu verschiddenen international a national bedeitenden Intitutiounen. Zanter 1874 besteet d'Schwäizer Bundesgericht zu Lausanne. Donieft hunn och munnech Konsulater an d'Sekretariat vun dem Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen (UNEP) hire Sëtz do. Aner wichteg Fuerschungsariichtunge sinn: de „Centre de Recherches européennes – Fondation Jean Monnet pour l'Europe“, de „Centre de recherches sur les lettres romandes“, den „Institut Benjamin Constant“ an d'„Schweizerische Institut für Kunstwissenschaften“.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Stadpresidenten
Joren Persoun Partei
1938–1945 Jules-Henri Addor FDP
1946–1949 Pierre Graber SP
1950–1957 Jean Peitrequin FDP
1958–1973 Georges-André Chevallaz FDP
1974–1980 Jean-Pascal Delamuraz FDP
1981–1989 Paul-René Martin FDP
1990–1998 Yvette Jaggi SP
1998–2002 Jean-Jacques Schilt SP
2002– Daniel Brélaz GPS
Den Daniel Brélaz, Stadpresident

D'Gemengeverwaltung huet hire Sëtz zanter dem 16. Joerhonnert am Stadhaus vu La Palud. De Gemengerot besteet aus 100 Memberen déi all véier Joer vun de Bierger gewielt ginn. De Stadrot setzt sech aus siwe sougenannte Magistraten (Conseillers municipaux) zesummen, déi bis 1981 vum Gemengerot, zanterhier awer och vum Vollek gewielt ginn. Stadpresident (Syndic) ass den Daniel Brélaz vun der Grénger Partei.

Educatioun[änneren | Quelltext änneren]

Lausanne huet eng wichteg Funktioun als Bildungszentrum vun der Westschwäiz z'erfëllen. Zu deene bedeitensten Institutiounen zielen d'Universitéit vu Lausanne, déi 1890 gegrënnt gouf, an d'Ecole Polytechnique Fédérale de Lausanne (EPFL). Déi lescht ass 1946 entstanen wéi d'Ingenieursschoul, déi virdrun zur Universitéit gehéiert huet, mat enger neier Architekteschoul zesummegeluecht gouf.

Donieft gëtt et nach verschidde Beruffsschoulen, wéi d'Hotelschoul vu Lausanne, D'Ingenieursschoul vum Kanton Vaud, d'Haute École de Gestion du Canton de Vaud, d'Infirmiersschoul vum Schwäizer Roude Kräiz, d'Konschthéichschoul, e Conservatoire an den „International Institute for Management Development“.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Olympische Musée
Haaptsëtz vum IOC

Den IOC huet säin Haaptsëtz zu Lausanne an zanter 1993 ass do och den Olympische Musée. Donieft sëtzen zu Lausanne

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

Haapttuerm vun der Kathedral

Duerch déi schéi Lag um Genferséi an déi pittoresk Alstad, duerch déi vill Muséeën a kulturell Ariichtungen, komme vill Touristen op Lausanne.

Kulturell Ariichtungen an Organisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Stadtheater;
  • Théatre de Beaulieu;
  • Théatre Vidy-Lausanne;
  • Cinémathèque suisse,
  • Festival de la Cité (zanter 1968);
  • Prix de Lausanne (zanter 1973);
  • Comptoir Suisse.

Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

  • Konschtmusée (zanter 1841);
  • Kantonale Musée fir Archeologie a Geschicht (zanter 1852);
  • Musée de l'Elysée (Fotografie);
  • Musée Olymique;
  • Fondation de l'Hermitage.

Erhuelung[änneren | Quelltext änneren]

Praktesch dee ganze Séiuwänner um Gebitt vu Lausanne gëllt als Erhuelungszon mat Fräizäit- a Sportanlagen, Schwämmen, Bootshafen, Campingsplaz a Spillwisen. Heibäi handelt et sech ëm deen Terrain, deen 1964 fir d'Schwäizer Landesausstellung „Expo 64“ benotzt gouf an duerno nei amenagéiert gouf. Donieft gëtt et verschidde Parkanlagen a Gäert, déi d'Stadgebitt oplackeren.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Lausanne ëm 1900

Lausanne ass e bedeitende Verkéiersknuet am westschwäizer Mëttelland. Et läit un der aler Handelsstrooss vu Genf op Bern. Aner wichteg Verbindungen, déi schonn a fréieren Zäite bestanen hunn, hu laanscht de Séi op Vevey a Montreux, souwéi an nërdlecher Richtung op Cossonay, Orbe an Yverdon-les-Bains gefouert.

1964 gouf d'Autobunn A1 (Genf – Lausanne) a Betrib geholl.

Vun der SBB-Gare vu Lausanne si bal all Regioune vun der Schwäiz mat Schnellzich z'erreechen, souwéi Paräis mam TGV.

Den ëffentleche Persouneverkéier gëtt zu Lausanne vun den „Transports publics de la région Lausannoise“ ofgewéckelt. Dës Gesellschaft bedreift Trolley- an Autobuslinnen um Stadgebitt a ronderëm. Dobäi komme nach d'Zännradbunn Lausanne-Ouchy (bis 22. Januar 2006) an eng S-Bunnstreck vu Lausanne iwwer Ecublens op Renens.

Duerch de Schëffsverkéier ass Lausanne mat den anere Stied, déi um Genferséi leien, verbonnen.

Um Héichplateau vu Blécherette, iwwer dem Stadzentrum, gëtt et zanter 1911 e klenge Fluchhafe fir d'zivil Aviatioun.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schwäizer Bundesgeriicht
Chouer vun der Kathedral

D'Stadgebitt vu Lausanne war schonn am 4. Joerdausend viru Christus besiidelt. D'Réimer hunn zu Vidy, do wou eng keltesch Siidlung stoung, e Militärlager opgeriicht, dat se „Lousanna“ genannt hunn. Am 1. Joerhonnert huet sech do, wou d'Wuere vun Handelsschëffer op Päerdsween ëmgeluede goufen, e réimesche Vicus entwéckelt. Et gëtt ugeholl datt deen 1,2 Km laang an 250 Meter breet war. Am Laf vum 3. Joerhonnert gouf déi Réimersiidlung duerch d'Alemannen zerstéiert.

Op dem Hiwwel, op deem d'Kathedral steet, huet sech dunn eng kleng Handwierkersiidlung entwéckelt, déi den Numm vun der fréierer Réimersiidlung iwwerholl huet. Am 6. Joerhonnert gouf op deem Hiwwel déi éischt Kierch opgeriicht, an dem hl. Thyrsus geweit. De Bëschof Marius vun Avanches huet an der zweeter Hallschent vum 6. Joerhonnert säi Sëtz vun Avenches op Lausanne verluecht an domat de Bistum Lausanne gegrënnt.

Déi deemools nach relativ kleng Uertschaft huet vun 888 bis 1032 zum Kinnekräich Héichburgund gehéiert. Am 12. an 13. Joerhonnert ass Lausanne opgeblitt. D'Bierger vun der Stad, déi sech 1234 hir éischt politesch Rechter erkämpft haten, sinn an de Joerhonnerten duerno ëmmer erëm vun de Grofe vu Savoyen géint d'Herrschaft vun de Bëscheef ënnerstëtzt ginn. 1476 gouf d'Stad vu burgundeschen Truppen ënner dem Karel de Kéngen besat a no der Schluecht vu Granson vun den Eidgenosse geplëmmt.

1536 huet en neit Kapitel an der Geschicht vun der Stad ugefaangen, wéi d'Berner d'Waadtland eruewert hunn. D'Awunner hunn d'Aféierung vun der Reformatioun begréisst, an den deemolege Bëschof Sebastien vu Montfaucon huet missen no Savoyen flüchten. Doduerch huet Lausanne säi Status als Bëschofssëtz verluer (de Bistum Lausanne, Genf a Fribourg hat säi Sëtz zanter 1613 zu Fribourg. D'Bevëlkerung vu Lausanne war awer net zefridde mat der Aart a Weis wéi d'Berner mat hinne verfuer sinn. Et goufen dofir verschidde Rebellioune géint d'Berner Virherrschaft, ënner anerem 1588 d'Verschwörung vum Isbrand Daux, deen d'Waadtland an d'Hänn vu Savoyen spille wollt, an d'Resistenz ënner dem Jean Daniel Abraham Davel am Joer 1723.

Nom Zesummebroch vum Ancien Régime an no der waadtlänner Revolutioun gouf Lausanne 1798 Haaptuert vum „Canton du Léman“, dee bis 1803 bestannen huet an uschléissend duerch de Mediatiounsakt, als Kanton Waadt (Vaud) gegrënnt gouf. Domat gouf Lausanne d'Haaptstad vum neigeschafene Kanton. Als wichtege Verwaltungssëtz huet d'Stad am Laf vum 19. Joerhonnert duerch d'Industrialiséierung e staarke wirtschaftlechen Opschwonk erlieft.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Schlass Saint-Maire
  • Kathedral Notre-Dame
  • Schlass Saint-Maire. Et ass e massive véiereckege Bau dee vu 4 Tierm flankéiert ass. D'Schlass gouf ufanks vum 15. Joerhonnert gebaut an huet als Bëschofssëtz gedéngt
  • Jacquemard-Tuerm 13601380
  • Haus Gaudart 1670
  • Fréier Akademie 15791587
  • Bâtiment du Grand Conseil 18031806
  • Hôtel de Ville 16721675
  • Maison de Seigneux 1732
  • Haus Crusaz
  • Palais de Rumine
  • Kierch Saint-François
  • Tour de l'Ale

Perséinlechkeete mat Bezuch zu Lausanne[änneren | Quelltext änneren]

Schwäizer[änneren | Quelltext änneren]

Auslänner[änneren | Quelltext änneren]

Modern Skulptur

Quellen[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lausanne – Biller, Videoen oder Audiodateien