Ancien Régime

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Ancien Régime nennt een a Frankräich d'Period vum François I. (1515) bis zu der Franséischer Revolutioun.

Politesch Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Legitimitéit vun de franséische Kinneken[änneren | Quelltext änneren]

Historesch gesinn[änneren | Quelltext änneren]

D'Leit follegen dem Kinnek, well hien de Jong vun engem Kinnek ass, dee fir säin Tour erëm de Jong vun engem Kinnek war etc. D'Legitimitéit kënnt also aus der Traditioun. Fir Kinnek ze ginn, muss ee bestëmmte Kritèren erfëllen. Et ass een den eelste legitime Jong vun engem Kinnek, well a Frankräich nëmmen d'männlech Linn d'Kinnekswürd weiderleede kann. Eng Kinnigin, sou wéi et se a Groussbritannie gëtt, ass a Frankräich net méiglech. Falls keen direkte Nokommen do ass, geet d'Kroun un den nächste männleche Verwandten, also e Brudder, e Cousin... .

A Frankräich gëtt et dann och nach dräi ongeschriwwe Gesetzer déi zu gläicher Zäit d'Muecht vum Kinnek begrënnen, an och limitéieren. D'Salescht Gesetz seet wie Kinnek ka ginn, a kann als "konstitutionnell" Limite vun der kinneklecher Muecht ugesi ginn. Den Domaine royal ka weder verkaaft nach verlount ginn. Am 16. Joerhonnert kënnt d'Iddi op, datt de Kinnek muss kathoulesch sinn, e Problem dee mam Henri IV. opgedaucht ass, dee jo eigentlech Protestant war. Dës Gesetzer sollen awer net als Konstitutioun verstane ginn, d'Konstitutioun gëtt et eréischt säit der Franséischer Revolutioun, als Akt vum Wëlle vum Vollek.

Reliéisen Aspekt[änneren | Quelltext änneren]

De Kinnek vu Frankräich ass Kinnek duerch de Wëlle vu Gott. Weltlech gesinn ass de Kinnek de Lieutenant de Dieu sur Terre. Dat gëtt him natierlech eng aussergewéinlech Muecht, well domat ass hien och nëmme viru Gott responsabel. Hie muss sech theoretesch weder viru senge Sujeten, nach viru Roum rechtfertegen.

De Kinnek ënnerstëtzt eng bestëmmt Tendenz wann et em d'Kierch geet, nämlech de Gallicanismus, eng besonnesch Eegeschaft vun der franséischer Kierch. Obwuel si sech streng un d'Dogme vun der Réimesch-Kathoulescher Kierch hält, sou ass si dach onofhängeg vu Roum.

De Kierper vum franséische Kinnek ass geweit. Éier en neie Kinnek säin Amt unhëllt, kënnt et zum sougenannte Sacre an der Kathedral vu Reims, wou de Kinnek viru Gott a senge Vëlker schwiert, nom Gesetz ze regéieren, e gudde Katholik a gerecht ze sinn. Dës Zeremonie gëtt dem Kinnek d'Kraaft, Krankheeten ze heelen. Je te touche, Dieu te guérit.

Prerogative vum Kinnek vu Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

De franséische Kinnek besëtzt all d'Prerogativen (Gesetzer festsetzen an duerchsetzen, judiciaire Pouvoir) an all droits régaliens (Steieren erhiewen, Krich ufänken a Fridde schléissen). Am Ancien Régime gëtt et keng Tripartitioun oder e Gläichgewiicht an de Pouvoiren.

De Kinnek ass d'Quell vun all Justiz. Am Laf vum 15. a 16. Joerhonnert huet sech eng komplex Administratioun vun der Justiz opgebaut, déi fir de Kinnek an am Numm vum Kinnek d'judiciair Chargen iwwerhëlt.

De Kinnek ass d'Gesetz. Keen aneren Organismus huet d'Recht Gesetzer ze verfaassen ausser de Kinnek selwer, wat natierlech e grousse Pouvoir duerstellt. All legislativen Text ass ënnerschriwwe mat de Wieder car tel est notre bon plaisir. Plaisir ass awer hei am Sënn vu Wëllen ze verstoen, an huet näischt Arbitraires. D'Wuert "Gesetz" gëtt et am Ancien Régime allerdéngs net. D'legislativ Texter loosse sech opdeelen an Ordonnancen, Edikter an Arrêts du Conseil. De Kinnek gëtt heibäi vun zwou Instanzen ënnerstëtzt, den États généraux an de Parlamenter.

Am Prinzip gouvernéiert de Kinnek eleng, ass also quasi säin egene "Premier Minister" sou wéi dat beim François Ier, Henri IV. a Louis XIV. de Fall war. Natierlech kann de Kinnek och een als säi principal ministre designéieren, sou wéi de Richelieu ënner dem Louis XIII. oder och nach den Turgot ënner dem Louis XVI. A Fäll vu Minoritéit vum Kinnek kënnt et zu sougenannte Régenceen, déi beim Vollek ëmmer ganz schlecht ugesi waren.

Administrativ Strukturen[änneren | Quelltext änneren]

D'Administratioun vun de Steieren ass en extrem wichtegt Element fir de Fonctionnement vun der Monarchie. Am Ancien Régime gëtt et verschidde Steieren, direkter an indirekter, déi d'Keess vun der Monarchie fëllen.

De globale Montant vun der Taille gëtt vum Conseil du Roi festgesaat. D'direkt Steiere gi vu Fonctionnairë vun der Monarchie agesammelt. Bei den indirekte Steiere wir dëst z'opwänneg an deier, dofir gëtt op d'Ferme zréckgeraff. Dës Organisatiounen (den Numm kënnt vun affermer, huet also näischt mat engem Baurenhaff ze dinn) këmmere sech ëm d'Asammele vun den indirekte Steieren.

De kinnekleche Pouvoir ass op lokalem Niveau duerch déi sougenannt Intendante vertrueden.

Chronologie vun de franséische Kinneke vum Ancien Régime[änneren | Quelltext änneren]

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Ancien Régime ass gezeechent vun demographesche Krisen. All 10-15 Joer kënnt op e Neits eng Kris op, wou d'Mortalitéit sech vervéierfacht, an d'Gebuerten zréckginn. Dës Krisen daueren deelweis nëmme 6 Méint, deelweis haen se awer och bis zu zwee Joer un, jee no Regioun.

Et gëtt verschidde Grënn fir dës Krisen. Engersäits, bei enger schlechter Recolte, feelt et u Liewensmëttel. Schlecht ernährte Leit si méi ufälleg fir Krankheeten, a sou verbreede sech d'Epidemien. Am 17. Joerhonnert kënnt et zu enger schlëmmer Kris an de Joren 1692-94, déi ëm déi zwou Milliounen Affer fuerdert. Am 18. Joerhonnert loossen d'Krisen awer lues a lues no, a 1720 ass déi lescht grouss Peschtepidemie zu Marseille. Dëst bréngt mat sech, datt am 18. Joerhonnert d'Bevëlkerung a Frankräich, wéi och an Europa allegemeng an d'Luucht geet. Am Joer 1700 gëtt et eng ronn 100-120 Milliounen Awunner, 1790 sinn et der 140 Milliounen. Déi spektalurärsten Hausse huet Groussbritannien opweises, wou sech d'Bevëlkerung quasi verduebelt vu 6 Milliounen op 11-12 Milliounen Awunner.

Demographesch gekuckt ass Frankräich am Ancien Régime e Ris. Ee vu véier Europäer ass Fransous. Dat erkläert dann natierlech och d'militäresch Kraaft vum Land am 18. Joerhonnert a wisou Frankräich während der Revolutioun a während de Napoleonesche Kricher soulaang resistéiere konnt.

Gesellschaft[änneren | Quelltext änneren]

Traditionell ass d'Gesellschaft am Ancien Régime an dräi gedeelt. Et ass eng ongläich Gesellschaft mä dës Uerdnung gëtt bis zur Revolutioun net a Fro gestallt, et ass eng vu Gott gewollten Uerdnung. Allerdéngs gëtt et eng grouss sozial Mobilitéit tëscht deenen dräi Stänn. D'Adelegung ass zum Beispill ganz heefeg an déi gëtt et scho säit dem Mëttelalter.

Fir déi dräi Stänn, kuckt w.e.g. déi respektiv Artikele Klerus, Aristokratie an Tiers État.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]