Louis XIV. vu Frankräich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Louis XIV.
5. September 1638 – 1. September 1715
Louis14-1.jpg
Kinnek vu Frankräich an Navarra
Amtszäit 1643–1715
Virgänger Louis XIII.
Nofolger Louis XV.
Papp Louis XIII.
Mamm Anna vun Éisträich

De Louis XIV. den Sonnenkinnek, gebuer de 5. September 1638 zu Saint-Germain-en-Laye, a gestuerwen den 1. September 1715 zu Versailles, war zanter 1643 Kinnek vu Frankräich an Navarra.

Mat enger Regentschaft vun 72 Joer war hien deen Herrscher aus der Neizäit deen am längsten um Troun souz. De Louis XIV. gëllt als klassesche Vertrieder vum Absolutismus. Hien huet d'Muecht vun der Kroun duerch en Ausbau vun der Administratioun, d'Bekämpfung vun der Oppositioun am Land an d'Fërderung vun der franséischer Wirtschaft gefestegt. D'Kultur vum Haff gouf ganz un d'Persoun vum Herrscher ugepasst. Säi pompéisen Optrëtt gouf zum Symbol fir seng Plaz. De Sonnekinnek huet sech och fir d'Konscht a fir d'Wëssenschaft interesséiert, an d'franséisch Kultur ass opgebléit. D'Aussepolitik vum Louis XIV. war aggressiv, a Frankräich konnt ënner dem Sonnekinnek seng Hegemonie iwwer Europa ausbauen.

Louis XIV. (Portrait vum H. Rigaud) 1701

D'Gebuert vum Louis XIV. zu Saint-Germain-en-Laye war fir vill Leit e glécklecht Evenement, well 23 Joer laang war d'Bestietnes vu sengen Elteren Louis XIII. an Anna vun Éisträich ouni Nokomme bliwwen. Duerch seng Gebuert gouf de Jean-Baptiste Gaston vun Orléans vun der Trounfolleg ausgeschloss. Aus Dankbarkeet krut de Kinnek dee frësch op d'Welt komm war de Bäinumm Dieudonné. Säi Brudder, de Philippe vun Orléans koum 1640 op d'Welt.

Am Alter vu 4 Joer koum de Louis de 14. Mee 1643 nom Doud vu sengem Papp op den Troun. Bis zu senger Majoritéit (am deemolege Frankräich mat 13 Joer) 1651 huet seng Mamm d'Regence iwwerholl. D'tatsächlech Muecht hat awer de Minister a Kardinol Mazarin. De Mazarin huet de Louis op seng Roll als absolutisteschen Herrscher virbereet; de jonke Kinnek gouf lues a lues un der Muecht bedeelegt an huet sech schliisslech d'Verantwortung mam Mazarin gedeelt. Duerch d'aussepolitesch Succèse vum Richelieu a Mazarin politesch gestäerkt, huet de Louis d'absolutistescht Kinnegtum mat barockem Afloss a Frankräich weider ausgebaut, an dat mat engem Liewen um Haff wat ganz op d'Persoun vum Herrscher zougeschnidde war. Nom Fridde vu Westfalen um Enn vum Drëssegjärege Krich 1648 an dem Traité vun de Pyrenäe mat Spuenien 1659 war Frankräich déi politesch a militäresch Virmuecht an Europa. Ënnerstëtzt vu Ministere wéi dem Colbert, Louvois, Hugues de Lionne a Pomponne huet hien de staatleche Muechtapparat konzentréiert, an d'militäresch, institutionnell a materiell Grondlage vun der Muecht vun der franséischer Monarchie erweidert. D'Verfolgung vun den Hugenotten, säi Sträit mam Poopst an de Spueneschen Ierffollegkrich hu sech negativ op seng Herrschaft ausgewierkt. De Spueneschen Ierffollegkrich huet duerch d'Häert vun de Kämpf 1713 bal zu engem Staatsbankrott gefouert, deen nëmmen duerch eng Finanzreform a massiivt Spuere konnt verhënnert ginn.

1660 huet de Louis d'Infantin Maria Theresia vu Spuenien bestuet. No hirem Doud am Joer 1683 huet hie sech mat der Madame de Maintenon bestuet. De Louis huet säi Jong a säin eelsten Enkel iwwerlieft, an ass den 1. September 1715 gestuerwen. Säin Urenkel koum ënner dem Titel Louis XV. op den Troun. Begruewe gouf de Louis XIV. an der Krypta vun de Bourbonen an der Basilika Saint-Denis. 1793 gouf säi Kierper mat dem vun den anere Kinneke "profanéiert" an an e Gruef gehäit. D'abalsaméiert Häerz gouf an d'Jesuitekierch vun der Rue St. Antoine zu Paräis bruecht, an nieft d'Häerz vu sengem Papp gestallt. Während der Restauratioun sinn all d'Häerzer vum Kinnekshaus op Saint Denis an d'Krypta bruecht ginn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Mémoires pour l'instruction du Dauphin.
  • Manière de montrer les jardins de Versailles.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

De Louis a seng Famill

Mat der Maria Theresia vu Spuenien:

  • Louis (* 1. November 1661; † 1711)
  • Anne Elisabeth (* 18. November 1662; † 1662)
  • Marie Anne (* 16. November 1664; † 1664)
  • Marie Thérèse (* 1667; † 1672)
  • Philippe Charles (* 1668; † 1671), Herzog vun Anjou (1668–1671)
  • Louis François (* 1672; † 1672), Herzog vun Anjou (1672)

Onehelech Kanner:

Mat der Louise de La Vallière:

Mat der Madame de Montespan:

Mat der Marie-Angélique de Fontanges:

  • Ee Bouf (*† 1679)

Genealogie[änneren | Quelltext änneren]

┌──> Antoine de Bourbon (15181562)
│ Herzog vu Bourbon, Vendôme a Beaumont
│
┌──> Henri IV. (15531610)
│ Kinnek vun Navarra a Frankräich
│ │
│ └──> Jeanne d'Albret (15291572), Jeanne III.
│ Kinnigin vun Navarra
│
┌──> Louis XIII. (16011643), le Juste
│ Kinnek vu Frankräich an Navarra
│ │
│ │ ┌──> Francesco I. (15411587),
│ │ │ Groussherzog vun der Toskana
│ │ │
│ └──> Maria vu Medici (15751642)
│ Regentin vu Frankräich
│ │
│ └──> Jeanne (15461578)
│ Äerzherzogin Éisträich, Prinzessin vun Ungarn a Béimen
│
Louis XIV. (16381715), le Roi Soleil
Kinnek vu Frankräich an Navarra
│
│ ┌──> Felipe II. (15271598),
│ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich
│ │
│ ┌──> Felipe III. (15781621)
│ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich
│ │ │
│ │ └──> Anna (15491580),
│ │ Äerzherzogin vun Éisträich
│ │
└──> Anne (16011666), Regentin vu Frankräich,
Infantin vu Spuenien a Portugal, Äerzherzogin vun Éisträich
│
│ ┌──> Karl II. (15401590)
│ │ Äerzherzog vun Éisträich, Herzog vun der Steiermark, Prënz vun Ungarn a Béimen
│ │
└──> Margarete (15841611),
Äerzherzogin vun Éisträich
│
└──> Maria vu Bayern (15511608)
...

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

Biographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Antoine, Louis XIV', Paräis, Fayard, 2001
  • Olivier Bernier, Ludwig XIV: die Biographie. Düsseldorf, Albatross, 2003, ISBN 3-491-96085-1
  • Francois Bluche, Louis XIV. Paräis, Fayard, 1993
  • Philippe Erlanger, Ludwig XIV. Das Leben eines Sonnenkönigs. Frankfurt am Main, 1996
  • Pierre Gaxotte, Ludwig XIV. Frankreichs Aufstieg in Europa., München 1951
  • Geoffrey R. Treasure, Louis XIV. Harlow, Longman, 2001
  • W. H. Lewis, Ludwig XIV. Der Sonnenkönig. Tübingen 1989
  • Bernd-Rüdiger Schwesig, Ludwig XIV. mit Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Hamburg 1998

Politik an Zäit vum Louis XIV.[änneren | Quelltext änneren]

De Louis XIV. op engem Écu vu 1712
  • Peter Burke, Ludwig XIV. Die Inszenierung des Sonnenkönig. Frankfurt am Main, 1996, ISBN 3-8031-2412-3
  • Joel Cornette, Chronique du Règne de Louis XIV. Paräis 1997
  • Pierre Goubert, Ludwig XIV. und zwanzig Millionen Franzosen. Berlin 1973
  • Ragnhild Hatton, Europe in the Age of Louis XIV. London 1996
  • Andrew Lossky, Louis XIV. and the French Monarchy. London 1992
  • Wolfgang Mager, Frankreich vom Ancien Régime zur Moderne 1630–1830, Stuttgart 1980
  • Klaus Malettke, Ludwig XIV. von Frankreich, Leben, Politik und Leistung. Göttingen 1998, ISBN 3-7881-0143-1
  • Leopold von Ranke, Französische Geschichte vornehmlich im XVI. und XVII. Jahrhundert. Stuttgart 1954
  • Voltaire, Le siècle de Louis XIV. Paräis, Union, 1962

Konscht an Architektur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre-André Lablaude, Die Gärten von Versailles. Worms 1995
  • Vincent Maroteaux, Marly – L'autre Palais du Soleil, Paräis 2002
  • Alain Mérot, La peinture française au XVIIe siècle. Paräis 1994
  • Érik Orsenna, Andrè Le Nôtre – Der Gärtner von Versailles, München 2001
  • Jean-Marie Pérouse de Montclos, Versailles. Köln 1996
  • Jean-Marie Pérouse de Montclos, Vaux-le-Vicomte. London 1997
  • Orest Ranum, Paris in the Age of Absolutism. Pennsylvania 2002
  • Andrew Trout, City on the Seine – Paris in the Time of Richelieu and Louis XIV., New York 1996

Militär a Kricher[änneren | Quelltext änneren]

  • Daniel Dessert, La Royale – Vaisseaux et marins du Roi-Soleil, Paräis 1996
  • John A. Lynn, Giant of the Grand Siècle – The French Army 1610–1715, New York 1997
  • John A. Lynn, The French Wars 1667–1714, The Sun King at War, Oxford 2002
  • John A. Lynn, The Wars of Louis XIV. 1667–1714, London 1999. ISBN 0-582-05629-2
  • Paul Sonnino, Louis XIV. and the origins of the Dutch War. Cambridge 1988

Historesch Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Elisabeth Charlotte vun der Pfalz, Herzogin vun Orléans, Madame: Die Briefe der Liselotte, München 1979
  • Kardinol vu Retz, Aus den Memoiren. Frankfurt 1964
  • Louis Herzog vu Saint-Simon, Der Hof Ludwig XIV. Nach den Denkwürdigkeiten des Herzogs von Saint-Simon. München 1999
  • Ézéchiel Spanheim, Relation de la Cour de France. Paräis 1973
  • Primi Visconti, Mémoires sur la cour de Louis XIV.. Paräis 1981

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis XIV. – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Louis XIII.
Kinnek vu Frankräich
1643 - 1715
Nofolger:
Louis XV.