16. Juni
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 16. Juni ass den 167. Dag vum Joer (168. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Mee – Juni – Jul | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1684: D'franséisch Truppe vum Louis XIV. huelen ënnert dem Vauban d'Stad Lëtzebuerg an, nodeems de Prënz vu Chimay kapituléiert huet.
- 1815: Bei der Schluecht bei Ligny, an der Belsch, huet den Napoleon seng lescht Victoire iwwert d'Preisen, 2 Deeg virun der Schluecht vu Waterloo.
- 1972: Am Watergate-Hotel zu Washington gi 5 Abriecher am Walkampfbüro vun der Demokratescher Partei gepëtzt.
- 1976: Zu Soweto a Südafrika gi bei enger Manifestatioun vu Schüler a Studenten 566 Kanner a jonk Leit vun der Police an Arméi doutgemaach.
- 1977: De Leonid Breschnew gëtt Staatschef vun der Sowjetunioun.
- 1990: Zu Schengen ënnerschreiwen Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Staaten d'Schengener Conventioun, déi regelt, wéi d'Schengener Ofkommes ëmzesetze wier, fir datt Persounen a Wueren fräi zirkuléiere kënnen, an d'Baussegrenze verstäerkt géifen.
[änneren] Gebuer
- 1878: Eugène Forman, lëtzebuergeschen Affekot an Auteur.
- 1870: Jean-Pierre Huberty, lëtzebuergesche Moler.
- 1890: Stan Laurel, englesche Komiker a Filmschauspiller (Den Décken an den Dënnen).
- 1890: Michel Ungeheuer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1917: Irving Penn, US-amerikanesche Fotograf.
- 1924: Fernand Lorang, lëtzebuergeschen Auteur a Lokalhistoriker.
- 1933: René Kohn, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 1937: Simeon Sakskoburggotski, bulgaresche Politiker.
- 1952: Giorgos Andrea Papandreou, griichesche Politiker.
- 1964: Iva Mrázková, tschechesch Molerin.
- 1967: Jürgen Klopp, däitsche Foussballtrainer.
- 1977: Sascha Wagener, lëtzebuergesche Politiker.
[änneren] Gestuerwen
- 1607: Jean Bertels, Abbé vu den Abteien Neimënster an Iechternach, éischte Lëtzebuerger Historiker.
- 1722: John Churchill, 1. Herzog vu Marlborough, englesche Feldhär.
- 1884: Michel Jonas, lëtzebuergesche Politiker.
- 1892: Victor Tesch, lëtzebuergesch-belsche Jurist, Industriellen, Journalist a Politiker.
- 1958: Imre Nagy, ungaresche Politiker.
- 1977: Wernher von Braun, däitsch-US-amerikanesche Rakéitentechniker.
- 1983: Jean Majerus, lëtzebuergesche Vëlosportler.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 16. Juni – Biller, Videoen oder Audiodateien |