Giorgos Andrea Papandreou
De Giorgos Andrea Papandreou (gr: Γιώργος Ανδρέα Παπανδρέου), gebuer de 16. Juni 1952 zu St. Paul, Minnesota, ass e griichesche Politiker.
Hie war vun 1985 bis 1987 Staatssekretär fir Kultur a vun 1988 bis 1989 Minister fir Educatioun a Kultus. Vun 1996 bis 1999 war hien Delegéierten Ausseminister a vun 1999 bis 2004 Ausseminister vu Griicheland. Zënter Februar 2004 ass e President vun der PASOK-Partei.
Am Oktober 2009 huet seng Partei virgezunnene Parlamentswale gewonnen, an esou huet de Papandreou de Kostas Karamanlis als Ministerpresident vu Griicheland ofgeléist a gouf zousätzlech Ausseminister. Am November 2011 ass e wéinst Protester géint seng Austeritéitspolitik, am Kader vun der Staatsscholde-Kris, zeréckgetrueden.
De Papandreou ass den Enkel vum Georgios Papandreou an de Jong vum Andreas Papandreou, déi allebéid e puer Mol un der Spëtzt vun der griichescher Regierung waren.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Giorgos Andrea Papandreou – Biller, Videoen oder Audiodateien |