1952
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1947 | 1948 | 1949 | 1950 | 1951 | 1952 | 1953 | 1954 | 1955 | 1956 | 1957
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1952.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- D'Elizabeth II. gëtt Kinnigin vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland.
- 26. Mee: Konventioun vu Bonn: D'Bundesrepublik kritt eng gewësse Souveränitéit zréck.
- 27. Mee: Den Traité vu Paräis gëtt vun de 6 CECA-Länner ënnerschriwwen, deen d'Europäesch Verdeedegungsgemeinschaft schafe soll.
- 22. Juli: D'Volleksrepublik Polen kritt eng nei Verfassung.
- 14. August: De Mátyás Rákosi gëtt Premierminster vun der Volleksrepublik Ungarn.
- 10. September : D'Gemeinsam Assemblée vun der CECA (de Virleefer vum haidegen Europäesche Parlament) kënnt eng éischte Kéier zu Stroossbuerg zesummen.
- 24. September: Rumänien kritt eng nei Verfassung an nennt sech ewell Volleksrepublik Rumänien]].
- 5.-14. Oktober : XIX. Kongress vun der KPSU, deen éischten zënter 1939.
- 27. November: Bei Schauprozesser ginn d'Haaptleit vun der KPCS zum Doud veruerteelt.
Lëtzebuerg
- 10. August: D'Héich Autoritéit vun CECA fänkt hir Aarbecht an der Stad Lëtzebuerg, hirem provisoresche Sëtz, un.
- 8. September: Den éischte Ministerrot vun der CECA ass am Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg.
- 10. September: De west-däitsche Kanzler Konrad Adenauer an den israeleschen Ausseminister Moshe Sharett ënnerschreiwen am Stater Stadhaus d'Ofkommes iwwer Ëntschiedegungen tëscht Israel an Däitschland, och Lëtzebuerger Ofkommes genannt.
- 10. Dezember: De Geriichtshaff vun der CECA gëtt investéiert.
Afrika [änneren]
- August-September: Mau-Mau-Revolt a Kenya.
- 15. September : Eritrea gëtt duerch eng UNO Decisioun un Ethiopien ugeschloss.
- Onrouen an Tunesien géint déi franséisch Autoritéiten (1952-1954).
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 31. Oktober: D'USA sprengen déi éischt Waasserstoffbomm, (Operation Ivy).
- 4. November : Den Dwight David Eisenhower (R) gëtt mat 55,1% vun de Stëmme géint den Adlai S. Stevenson (D) (44,4%) zum President vun de Vereenegte Staate gewielt.
Zentral- a Südamerika [änneren]
- 10. Mäerz: Op Kuba putscht sech de Fulgencio Batistaun d'Muecht.
- 9. Abrëll: Staatsstreech vum Víctor Paz Estenssoro a Bolivien.
- 16. August: Den Diktator Héctor Trujillo kënnt an der Dominikanescher Republik un d'Muecht (bis 1960).
- 1. September: De Velasco Ibarra gëtt Psident an Ecuador (bis 1956).
- 3. November: De Carlos Ibáñez del Campo gëtt zum President vun Chile gewielt (1958).
- 1. Dezember: Den Adolfo Ruiz Cortines gëtt President vu Mexiko.
- 2. Dezember: Den Diktator vu Venezuela, de Marcos Pérez Jiménez annuléiert d'Walen, organiséiert e Plebiszit an erkläert, op onbestëmmten Zäit a sengem Amt wëllen ze bleiwen (Enn: 1958).
Asien [änneren]
- 18. Februar: D'Tierkei gëtt Member vun der NATO.
- 22. Februar: Bengali Language Movement zu Dhâkâ. Ost-Pakistan (de spéidere Bangladesh) reklaméiert d'Aautonomie.
- 13. Mee: Ouverture vun der éischter Sessioun vum Rajya Sabhadem Staate-Rot, der 2. Chamber vum indesche Parlament.
- 23. Juni : D'USA bombardéieren Nordkorea.
- 5. bis 10. Oktober: Am Koreakrich gi bei der Schluecht vun Arrow Head chinesesch Ugrëffer gestoppt.
- 30. Oktober: Opération Lorraine am Indochinakrich: 30 000 frnséisch Zaldoten gräifen d'Ravitaillementer vum Viêt-minh un.
- 2. Dezember: Néierlag vum Việt Minh bei der Schluecht vun Na San.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Arabesch Welt [änneren]
- 25. Januar : Eng 50 Doudeger bei Zesummestéiss tëscht egyptesche Polizisten an der bitescher Arméi zu Kairo.
- 27. Februar : De Kinek Faruk I. vun Egypten entléisst Parlament a Regierung an iwwehëlt nees d'Muecht.
- 22.-23. Juli: De Generol Mohammed Naguib, un der Spëtzt vum Revolutiounstot, iwwerhëlt nom Stuerz vun der Monarchie d'Muecht an Egypten.
- 27. Juli: De Faruk trëtt zu Goschte vu sengem Jong Fouad zréck a verléisst d'Land.
- 12. August: den Hussein gëtt Kinnek vu Jordanien.
- 24. August: Britesch Truppen zéie sech vum Suezkanal zréck.
- 19. September: Am Libanon trëtt de Staatschef Béchara el-Khoury zréck; de Camille Chamoun gëtt den 22. September säin Nofolger.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 23. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg géint Schwäiz 2:2. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de François Muller geschoss.[1]
- 6. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Vic Nurenberg a Jos Roller geschoss.[2]
- 20. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[3]
- 22. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Stroossbuerg 0:7 géint Frankräich.[4]
- 15. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Sedan 1:1 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Vic Nurenberg geschoss.[5]
- 29. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Merzig 6:1 géint Saar. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jules Gales, Jos Hansen (2) a François Muller (3) geschoss.[6]
- 16. Juli: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt op den Olympesche Summerspiller zu Lahti 5:3 géint Groussbritannien. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jos Roller (3), Léon Letsch a Jules Gales geschoss.[7]
- 20. Juli: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert op den Olympesche Summerspiller zu Kotka 1:2 géint Brasilien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[8]
- 26. Juli: De Josy Barthel gewënnt d'Goldmedail am 1500-Meter-Laf op den Olympesche Summerspiller zu Helsinki.
- 19. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss.[9]
- 16. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Frankräich.[10]
- 26. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Bréissel 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss.[11]
Gebuer [änneren]
- 3. Januar: Gianfranco Fini, italienesche Politiker.
- 2. Februar: Park Geun-hye, südkoreanesch Politikerin.
- 5. Februar: Daniel Balavoine,franséische Sänger.
- 6. Februar: Charles Goerens, lëtzebuergesche Politiker.
- 7. Februar: Didi Senft, däitsche Vëlosdesigner, an als Däiwel verkleete Supporter op de grousse Vëlostier vertrueden.
- 9. Februar: Marie-Josée Kerschen, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 9. Februar: Bert Theis, lëtzebuergesche Konschschafenden.
- 9. Februar: Jeannot Belling, lëtzebuergesche Politiker.
- 13. Februar: Serge Urbany, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 15. Februar: Tomislav Nikolić, serbesche Politiker.
- 8. Mäerz: Paul Hammelmann, lëtzebuergesche Versécherungsfachmann a Politiker.
- 11. Mäerz: Douglas Adams, britesche Schrëftsteller.
- 23. Mäerz: François Maroldt, lëtzeburgeschen Enseignant a Politiker.
- 27. Mäerz: Maria Schneider, franséisch Schauspillerin.
- 29. Mäerz: Lucien Faber, lëtzebeurgesche Liichtathlet.
- 29. Mäerz: Teófilo Stevenson, kubanesche Boxer.
- 2. Abrëll: Thierry Le Luron, franséische Komiker.
- 4. Abrëll: Gary Moore, britesche Museker.
- 12. Abrëll: Marie-Josée Frank, lëtzebuergesch Infirmière a Politikerin.
- 15. Abrëll: Hubert Wurth, lëtzebuergesche Diplomat a Moler.
- 16. Abrëll: Roland Jacoby, lëtzebuergesche Schéisser.
- 20. Abrëll: Viviane Ecker, lëtzebuergesch Juristin a Member vum Staatsrot.
- 22. Abrëll: Kamla Persad-Bissessar, Politikerin aus Trinidad an Tobago.
- 24. Abrëll: Jean-Paul Gaultier, franséische Couturier.
- 30. Abrëll: Jacques Audiard, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 4. Mee: Antony Hamilton, englesche Filmschauspiller.
- 11. Mee: Renaud, franséische Sänger.
- 14. Mee: David Byrne, US-amerikanesche Sänger.
- 18. Mee: Fred Serres, lëtzebuergesche Boxer.
- 21. Mee: Mr. T, US-amerikanesche Schauspiller a Ringer.
- 4. Juni: Bronisław Komorowski, polnesche Politiker a Staatspresident.
- 7. Juni: Liam Neeson, iresche Schauspiller.
- 7. Juni: Orhan Pamuk, tierkesche Schrëftsteller.
- 16. Juni: Giorgos Andrea Papandreou, griichesche Politiker.
- 20. Juni: John Goodman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Juni: Mars Di Bartolomeo, lëtzebuergesche Politiker.
- 2. Juli: Monique Kieffer, lëtzebuergesch Historikerin.
- 6. Juli: Mehmet Ali Talât, tierkesch-zypresche Politiker.
- 9. Juli: François Diederich, lëtzebuergesche Chemiker.
- 11. Juli: Guy Weis, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. Juli: Armand Dousemont, lëtzebuergesche Sportschéisser an Olympionik.
- 17. Juli: David Hasselhoff, US-amerikanesche Schauspiller.
- 18. Juli: Christine Doerner, lëtzebuergesch Juristin a Politikerin.
- 21. Juli: Robin Williams, US-amerikanesche Schauspiller.
- 28. Juli: Monique van de Ven,, hollännesch Schauspillerin a Regisseurin.
- 1. August: Zoran Đinđić, serbesche Politiker.
- 9. August: Jean-Louis Margue, lëtzebuergesche Foussballnationalspiller.
- 14. August: Nelson Piquet, brasilianeschen Autopilot.
- 14. August: Guillermo Vilas, argentineschen Tennisspiller.
- 21. August: Claude Bicheler, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 18. August: Patrick Swayze, Us-amerikanesche Schauspiller.
- 1. September: Josiane Peiffer, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 12. September: Roger Philippi, lëtzebuergesche Foussballschiidsriichteren.
- 25. September: Christopher Reeve, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. September: André Viger, kanadesche Rennrollstullfuerer.
- 27. September: Jean Zuang, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. Oktober: Vanderlei Luxemburgo, brasilianesche Fussballtrainer.
- 7. Oktober: Wladimir Wladimirowitsch Putin, russesche Politiker, President vun der Russescher Federatioun.
- 19. Oktober: Nico Loes, lëtzebuergesche Politiker.
- 27. Oktober: Roberto Benigni, italienesche Schauspiller a Regisseur.
- 27. Oktober: Francis Fukuyama, amerikanesche Philosoph, Economiste a Politikwëssenschaftler.
- 30. Oktober: Gollo Steffen, lëtzebuergesche Museker, Schrëftsteller an Editeur.
- 8. November: Théo Adam, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 11. November: Kama Sywor Kamanda, Schrëftsteller aus der Demokratescher Republik Kongo.
- 15. November: Frank Wagener, lëtzebuergesche Jurist.
- 17. November: Hubert von Goisern, éisträichesche Liedermacher a Museker.
- 22. November: Lydie Polfer, lëtzebuergesch Politikerin.
- 23. November: Nico Rohmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. November: Thierry Lhermitte, franséische Schauspiller.
- 13. Dezember: Léon Mond, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. Dezember: Allan Simonsen, dänesche Foussballspiller an -Trainer.
- 17. Dezember: Jang Linster, lëtzebuergesche Musek- a Videoproduzent.
- 18. Dezember: Albert Rodesch, lëtzebuergeschen Affekot a Member vum Staatsrot.
- 28. Dezember: François Alesch, lëtzebuergeschen Neurochirurg.
Gestuerwen [änneren]
- 4. Januar: Constant Permeke belsche Moler a Sculpteur.
- 8. Januar: Antonia Maury, US-amerikanesch Astronomin.
- 11. Januar: Jean de Lattre de Tassigny Maréchal de France.
- 25. Januar: Sveinn Björnsson, 1. President vun der Republik Island.
- 6. Februar: George VI, Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich.
- 25. Mäerz: Léon Kauffman, lëtzebuergesche Politiker.
- 2. Abrëll: Bernard Ferdinand Lyot, franséischen Astronom.
- 3. Abrëll: André Thyes, lëtzebuergesche Moler.
- 21. Abrëll: Leslie Banks, britesche Schauspiller.
- 3. Mee: Aloyse Meyer, lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager.
- 6. Mee: Maria Montessori, italienesch Pedagogin.
- 13. Juni: Emma Eames, US-amerikanesch Sopranistin a Gesankspädagogin.
- 2. Juli: Henriëtte Hilda Bosmans, hollännesch Komponistin.
- 26. Juli: Eva Perón, argentinesch Politikerin.
- 20. August: Kurt Schumacher, däitsche Politiker.
- 12. September: Charles Becker, lëtzebuergeschen Enseignant an Auteur.
- 9. November: Chaim Weizmann, 1. President vun Israel.
- 18. November: Eugène Grindel, genannt Paul Éluard, franséischen Dichter.
- 3. Dezember: Joseph Hansen, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- Henri-Paul Pellaprat, franséische Kach.
| Commons: 1952 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz 23. Mäerz 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch de 6. Abrëll 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Bundesrepublik Däitschland den 20. Abrëll 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 22. Mee 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 15. Juni 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Saar-Lëtzebuerg den 29. Juni 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Groussbritannien-Lëtzebuerg den 20. Juli 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Groussbritannien-Lëtzebuerg de 16. Juli 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 19. Oktober 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 16. November 1952 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 26. November 1952 um Site European Football