Zoran Đinđić

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zoran Đinđić
Zoran Đinđić

De Zoran Đinđić (Зоран Ђинђић), och nach dacks Zoran Djindjic geschriwwen, gouf den 1. August 1952 zu Bosanski Samac am haitege Bosnien gebuer an ass den 12. Mäerz 2003 zu Belgrad bei engem hannerhältegen Attentat verscheet. Hie war serbesche Premierminister a fréiere Laangzäitoppositionellen, dee wéi keen aneren den Demokratiséierungsprozess a Jugoslawien symboliséiert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Zoran Djindjic huet zu Belgrad e Philosophiestudium ugefaangen. Well e mat nach aneren eng oppositionell Studentegrupp gegrënnt hat, gouf en zu e puer Méint Prisong veruerteelt. Duerno huet en an Däitschland weiderstudéiert, fir d'éischt zu Frankfurt am Main ënner dem Jürgen Habermas a spéider zu Konstanz, wou en 1979 seng Dokteraarbecht an der Philosophie geschriwwen huet.

1989 goung e schliisslech a Jugoslawien zréck, fir eng Plaz op der Universitéit vun Novi Sad unzehuelen. Do huet e mat anere serbeschen Dissidenten d'Demokratesch Partei gegrënnt. 1990 gouf en an d'serbescht Parlament gewielt. 1996 ass en als Oppositionellen zum Buergermeeschter vu Belgrad gewielt ginn, wat d'Regierung awer eréischt no massive Protester aus der Bevëlkerung unerkannt huet. E Joer drop gouf en an där Funktioun awer schonn nees ofgewielt, dëst wéinst Konflikter mat sengem Koalitiounspartner.

Bäi den NATO-Bombardementer 1999 huet den Djindjic sech eng Zäit laang am Montenegro verstoppt, well e gefaart huet vum serbesche Geheimdéngscht am allgemenge Chaos besäitegt ze ginn.

Spéider war en du bei de jugoslawesche Presidenten- a Parlamentswalen am September 2000 de Walkampfleeder vun enger Allianz vun 18 Parteien, déi sech Demokratesch Oppositioun vu Serbien (DOS) genannt huet. Nom Stuerz vum Milosevic-Regime huet en fir d'éischt am Dezember 2000 d'Allianz zur Victoire bei de Parlamentswale gefouert, fir da selwer am Januar 2001 zum neie serbesche Premierminister gewielt ze ginn.

Den Djindjic hat eng Visioun vun engem reforméierten, liberalen a westlech orientéierte Jugoslawien, wouduerch en a stännegem Konflikt mat den ale Kommunisten wéi och mat den Nationaliste stoung (mat deenen en awer zesummegeschafft huet). Géigner huet e sech och gemaach duerch säi Kampf géint Korruptioun an d'organiséiert Verbriechen.

Attentat[änneren | Quelltext änneren]

Den 12. Mäerz 2003, nodeem hien zu Belgrad eng Entrevue mat der schwedescher Ausseministesch Anna Lindh hat (déi spéider och d'Liewe bäi engem Attentat verluer huet, wat heizou awer net a Rapport stoung), gëtt den Zoran Djindjic vun enger Scharfschützekugel an d'Häerz getraff. Obwuel d'Ambulanzen hie séier an d'Urgence bruecht hunn, ass hien nach um Wee gestuerwen a gouf eng Stonn nom Attentat fir dout erkläert.

Direkt duerno ass a Serbien den Ausnamezoustand ausgeruff ginn, fir der Exekutiv méi Méiglechkeeten ze ginn, déi Schëlleg ze fannen, déi am Entourage vum Milosevic an dem sougenannten Zemun-Clan verdächtegt goufen. Am Ganze goufe 7.000 Persoune verhaft, vun deenen der 2.000 fir länger Zäit festgehale goufen.

Als Mäerder gouf de Zvezdan Jovanović ausgemaach a festgeholl, e Member vun enger Spezialunitéit vum Inneministère. Den 2. Mee 2004 huet sech de Kapp vum Attentat gestallt, de Milorad "Legija" Luković, de Chef vun där Spezialunitéit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zoran Đinđić – Biller, Videoen oder Audiodateien