1996
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1991 | 1992 | 1993 | 1994 | 1995 | 1996 | 1997 | 1998 | 1999 | 2000 | 2001
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1996.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 1. Januar: D'Tierkei trëtt engem Douanesofkommes mat der EU bäi.
- 9. Mäerz: De Jorge Sampaio gëtt Staatspresident a Portugal.
- 27. Mäerz: D'Europäesch Unioun verbitt den Import vu Rëndfleesch aus Groussbritanien.
- 5. Mee: De José María Aznar gëtt Ministerpresident a Spuenien.
- 5. Juli: D'Schof Dolly, dat éischt gekloont Déier gëtt a Schottland gebuer.
- 27. Oktober: De Petar Stojanovs gëtt President a Bulgarien.
Afrika [änneren]
- 27. Januar: Militärputsch vum Colonel Baré am Niger.
- 7. Februar: De Letsie III. gëtt als Staatspresident vu Lesotho vereedegt.
- 18. Mäerz: De Mathieu Kérékou gëtt Staatspresident am Benin.
- 29. Mäerz: Den Ahmad Tejan Kabbah gëtt Staatspresident a Sierra Leone.
- 25. Juli: Militärputsch duerch de Majouer Pierre Buyoya aBurundi.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 16. August: De Leonel Fernández gëtt Staatspresident an der Dominikanesch Republik.
Asien [änneren]
- 27. September: De fréieren afghanesche Staatschef Mohammed Nadschibullah gëtt vun Taliban-
Memberen zu Kabul higeriicht.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
- 11. Mäerz: De John Howard gëtt Regierungschef an Australien.
- 12. Oktober: Parlamentswalen an Neiséiland.
Arabesch Welt [änneren]
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Servais-Präis: Lex Jacoby fir Wasserzeichen.
- Batty-Weber-Präis fir d'Anise Koltz.
Musek [änneren]
- 18. Mee: Den Eimear Quinn gewënnt fir Irland mam Lidd The Voice den 41. Eurovision Song Contest zu Oslo.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- 7. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Rabat 0:2 géint Marokko.[1]
- 13. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Manuel Cardoni geschoss.[2]
- 8. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 1:2 géint Bulgarien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Roby Langers geschoss.[3]
- 10. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:4 géint Russland.[4]
- 15. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Ramat Gan, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:1 géint Israel.[5]
Gebuer [änneren]
Gestuerwen [änneren]
- René Spielmann, lëtzebuergesche Moler.
- Leonhard Drach, däitsche Procureur zu Lëtzebuerg, am Zweete Weltkrich.
- 8. Januar: François Mitterrand, franséische Politiker, a Staatspresident (1981-1995)
- 10. Januar: Léon Noesen, lëtzebuergeschen Auteur an Enseignant.
- 21. Januar: Gerry Mulligan, US-amerikanesche Jazzmuseker a Komponist.
- 28. Januar: Jerry Siegel, US-amerikaneschen Auteur a Mat-Createur vum Superman.
- 28. Januar: Joseph Brodsky, Russesch-US-amerikaneschen Dichter a Literaturnobelpräisdréier.
- 2. Februar: Gene Kelly, US-amerikanesche Schauspiller an Dänzer.
- 3. Februar: Guy Gilles, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 10. Februar: Fred Junck, Grënner an Direkter vun der Cinémathèque vun der Stad Lëtzebuerg.
- 13. Februar: Martin Balsam, US-amerikanesche Schauspiller.
- 17. Februar: Hervé Bazin, franséische Schrëftsteller
- 3. Mäerz: Marguerite Duras, franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchauteur a Filmregisseurin.
- 4. Mäerz: Minnie Pearl, US-amerikanesch Country-Sängerin.
- 13. Mäerz: Krzysztof Kieślowski, polnesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 15. Mäerz: Wolfgang Koeppen, däitsche Schrëftsteller.
- 17. Mäerz: René Clément, franséische Filmregisseur.
- 20. Abrëll: Christopher Milne, engleschen Auteur.
- 21. Abrëll: Jean Gremling, lëtzebuergesche Politiker.
- 22. Abrëll: Jean-Pierre Thilmany, lëtzebuergesche Moler.
- 27. Abrëll: Gilles Grangier, franséische Filmregisseur.
- 29. Mee: Antonín Mrkos, tschecheschen Astronom.
- 31. Mee: Timothy Leary, US-amerikanesche Psycholog an Auteur (* 1920)
- 15. Juni: Ella Fitzgerald, US-amerikanesch Jazz-Sängerin (* 1917)
- 30. Juni: Franz Haupert, lëtzebuergeschen Turner.
- 2. Juli: Margaux Hemingway, US-amerikanesch Schauspillerin a Mannequin (* 1955)
- 12. Juli: Gottfried von Einem, éisträichesche Komponist.
- 13. Juli: Käte van Tricht, däitsch Organistin, Pianistin, Cembalistin a Musikpädagogin.
- 2. August: Michel Debré, franséische Politiker.
- 12. August: Viktor Hambarzumjan, armeneschen Astrophysiker an Astronom.
- 13. August: António de Spínola, portugisesche Generol a Politiker.
- 18. September: Annabella (Suzanne Georgette Charpentier), franséisch Schauspillerin.
- 27. September: Mohammed Nadschibullah, afghanesche Staatspresident.
- 30. September: Sylvester William Treinen, US-amerikanesche Bëschof.
- 4. Oktober: Masaki Kobayashi, japanesche Filmregisseur.
- 10. Oktober: Emile Weber, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 12. Oktober: Michel Breithoff, lëtzebuergesche Moler.
- 31. Oktober: Marcel Carné, franséische Regisseur.
- 3. November: Jean-Bédel Bokassa, President a Keeser vun der Zentralafrikanescher Republik
- 22. November: Maria Casarès, franséisch Schauspillerin.
- 3. Dezember: Georges Duby, franséische Mëttelalter-Historiker.
- 9. Dezember: Alain Poher, franséische Politiker.
- 19. Dezember: Marcello Mastroianni, italienesche Filmschauspiller.
- 20. Dezember: Carl Sagan, US-amerikaneschen Astronom, Astrophysiker, Exobiolog, Visionär, Schrëftsteller an Telemoderator
| Commons: 1996 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Lännermatch Marokko-Lëtzebuerg de 7. Februar 1996 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Lännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 13. Mäerz 1996 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Lännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien den 8. Oktober 1996 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Lännermatch Lëtzebuerg-Russland den 10. November 1996 um Site European Football.info]
- ↑ D'Detailer vum Lännermatch Israel-Lëtzebuerg de 15. Dezember 1996 um Site European Football.info]