Schottland

Vu Wikipedia


Scotland (Englesch / Scots)
Alba (Schottesch-Gällesch)

Schottesche Fändel

Schottesche Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Englesch (de facto), Schottesch-Gälesch, Scots
Haaptstad: Edinburgh
Staatsform: Deel vu Groussbritannien
 • Kinnek: Charles III.
 • Éischte Minister: Humza Yousaf
Fläch: 78 772[1] km²
Bevëlkerung: 5 062 011[2]
 • Bevëlkerungsdicht: 64,3/km²
Wärung: Pond Sterling (£, GBP)
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .uk
Internationalen
Telefonsprefix
:
+44

Schottland (Englesch / Scots: Scotland, Schottesch-Gälesch: Alba) ass eent vun de véier Länner vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland. Schottland zitt sech iwwer dat ganzt nërdlecht Drëttel vun der Insel Groussbritannien a grenzt am Süden un England.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Ben Nevis

Schottland gëtt an dräi geographesch Regiounen agedeelt. Et sinn dat vun Norden no Süden: d'Highlands, de Central Belt an d'Southern Uplands.

De Central Belt an d'Southern Uplands ginn dacks ënner dem Begrëff Lowlands zesummegegraff. Lowlands ass keng strikt topographesch Kategorie, mä éischter en historesch-kulturellen Terme mat deem gemenkerhand alles gemengt gëtt wat net zu den Highlands gehéiert. Déi südlech geleeën, méi liicht zougänglech Lowlands hu vis-à-vis vum traditionelle gäleschen Héichland méi en englesche Cachet. Dat erkläert och munnech kulturell Ënnerscheeder tëscht den zwou schottesche Regiounen.[3]

Mat sengen 1.344 Meter ass de Ben Nevis bei Fort William net nëmmen den héchste Bierg vu Schottland, mä och vun de britteschen Inselen iwwerhaapt. Hie gehéiert zu de sougenannte Munrobierger.

Zu Schottland gehéieren och ronn 800 Inselen (130 dovu si bewunnt). Déi gréisst Inselgruppe sinn d'bannenzeg an d'bausseg Hebriden nordwestlech vun der schottescher Küst an d'Orkneyinselen am Norden. Nordëstlech vun Orkney an nëmmen 280 km vun de Faröer ewech, leien d'Shetlandinseln, den nërdlechsten Deel vum Vereenegte Kinnekräich.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Schotte stamen, ethnesch gesinn, vun den Angelsachsen, Kelten a Skandinavier of. Déi meescht schwätzen Englesch oder Lowland. Eng Minoritéit, haaptsächlech op de westlechen Inselen zu Irland zou, schwätzt nach schottesch Gälesch. Virun der Vereenegung mat England am Joer 1707 gouf Lowland Scots um Gericht an am schottesche Parlament geschwat.

Gutt zwee Drëttel vun de Schotte wunnen am Central Belt, d'Géigend tëscht de Groussstied Edinburgh a Glasgow.

Schottesch Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Vgl. John Knox!

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Wärung[änneren | Quelltext änneren]

A Schottland gëllt d'brittescht Pond. D'Bank of Scotland, d'Royal Bank of Scotland, béid zu Edinburgh, an d'Clydesdale Bank zu Glasgow, ginn eege schottesch Schäiner eraus. Et gëtt Schwieregkeeten, fir déi 1-Pond-Schäiner an England lass ze ginn, well et do keng 1-Pond-Schäiner gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schottland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell: scotland.org (Juni 2008)
  2. Zuele vun der leschter Vollekszielung 2001
    Quell: scrol.gov.uk (SCROL, Scotland's Census Results OnLine)
  3. Op Schottesch-Gälesch heeschen d'Lowlands a' Ghalldachd wat een op Lëtzebuergesch mat "net-gälesch Regioun" iwwersetze kann. Dat wat zum Lowland gerechent gëtt oder och net, variéiert jee no Kontext.