John Knox

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den John Knox

Den John Knox, gebuer 1513 zu Haddington a gestuerwen de 24. November 1572, war ee schottesche Geeschtlechen a protestantesche Reformator.

Liewen a Wierk

Den John Knox, deem säi Papp Bauer war, huet op der Universitéit vu Glasgow Droit an Theologie studéiert. Hie gouf vum George Wishart zum Protestantissem bekéiert an huet dunn eng Zäit op der Universitéit vu Saint Andrews gewierkt, bis de Primat vu Schottland, den Äerzbëschof a Kardinol David Beaton, hie vun do verjot huet. Am Kontext vum Muerd vum Kardinol Beaton, an deem sengem Schlass vu St Andrews, gouf den John Knox 1548 vun de Fransousen, déi a Schottland stationéiert waren, fir d'Monarchie ze schützen, festgeholl an op d'Galéien zu Rouen geschéckt. Den George Wishart, sengersäits, war scho 1446 als Kompliz verbrannt ginn. No engem Joer gouf den John Knox fräigelooss, an hien huet sech eng Zäit als Priedeger an England opgehalen. Wéi awer d'Mary I., och als "Bloody Mary" bekannt, op den engleschen Troun koum, ass hien iwwer Dieppe a Frankräich op Genf geflücht, wou e Bekanntschaft mam Jean Calvin a mat deem senger Léier gemaach huet. 1559 ass den John Knox, deen eng Zäitchen an der englescher Kierch zu Frankfurt gepriedegt hat, zréck a Schottland gaangen a gouf do de Chef vun de Presbyterianer, de schottesche Calvinisten. Hien huet laang mat der kathoulescher Kinnigin vu Schottland Mary Stewart wéinst reliéisen a politesche Froe gestridden. D'schottesch Monarchie, déi traditionell kathoulesch war, huet sech vis-à-vis vun den engleschen Ambitiounen ëmmer nees op d'Allianz mat Frankräich a mam Poopst beruff. A Schottland huet sech d'Reformatioun deemno net nëmme géint d'réimesch-kathoulesch Kierch, mä och géint d'Monarchie entwéckelt.

Dat Schottescht Bekenntnes ass vum John Knox, deen sech d'Saach allerdéngs während 55 Joer duerch de Kapp goe gelooss hat, an nëmme véier Deeg op Pabeier bruecht, a kuerz duerno, ouni iergend eng Ännerung, vum schottesche Parlament ugeholl ginn. Nëmmen de Primat vu Schottland an zwee Bescheef, déi keng Zäit hate fir den Text ze liesen, a 5 weltlech Hären (Lords), déi weiderhin "wéi hir Virfahre wollte gleewen", hu refuséiert z'ënnerschreiwen. Déi nei Kierch stäipt sech op dat Bekenntnes, ergänzt duerch d'Book of Common Order , e Wierk, dat praktesch onverännert dem John Knox säi Liturgiebuch iwwerhëllt, dat en zu Genf, an de Jore 1555-1559, preparéiert hat. Global gesinn ass d'Schottesch Kierch, so wéi den John Knox se opgebaut huet, eng Zort calvinistesch Kierch; mä si ass virun allem radikal anti - réimesch-kathoulesch.

Zwou vum John Knox senge Schrëfte si besonnesch wichteg: 1° The First Blast of the Trumpet Against the Monstrous Regiment of Women (1558), wou en déi kathoulesch Herrscherinnen oder Regentinnen Mary Tudor, Marie vu Loutrengen a Catherine vu Medici ugräift - wat him d'Feindschaft vun der anglikanescher Kinnigin Elizabeth I. vun England awer net erspuert huet - , an 2° seng History of the Reformation in Scotland (1586), déi voller Saaft a Kraaft ass.

Nom John Knox sengem Doud gouf den John Melville, e presbyterianeschen Extremist, den neie Chef vun der Schottescher Kierch.

Literatur

  • Andreas Pecar, Macht der Schrift - Politischer Biblizismus in Schottland und England zwischen Reformation und Bürgerkrieg (1534-1642) ; Oldenbourg Verlag, Veröffentlichungen des Deutschen Historischen Instituts London, Bd. 69, 2011; X + 487 S. (ill.). ISBN 978-3-486-70101-2