Diskussioun:John Knox

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bonjouer léiwe Wikipedianer, deen oh ganz zoufälleg (!) grad un enger Säit piddelt, déi nach keng 24 Stonnen al ass, a wou een, dee vläit wiirklech eppes dovunner kennt, nach seriö dru schafft. D'Bild vum Knox ass jo ganz schéin ('t ass schonn dat zweet an e puer Stonnen!), mee kee normale Mënsch versteet, datt sougenannt "Ännerungskonflikter" provozéiert ginn. Produzéiert nei Säiten amplaz de gudde Wëlle vu Fräiwëllege Mataarbechter z'ënnergruewen. An deem Sënn, Salut! R.D. (PS: Spuert iech är üblech penibel Kommentaren, ech ginn se net liesen)

Moien léiw IP,
Et gëtt do e ganzt einfacht Mëttel. Setzt déi heite Schabloun {{EnCours}} iwwer den Artikel deen Dir amgaange sidd ze schreiwen. Duerno Späicheren an da weiderfuere mat Änneren. Da geet kee Mënsch un den Artikel kniwwelen an där Zäit wou dir amggange sidd drun ze schaffen. Et ka jo kee Mënsch dreemen op Dir fäerdeg sidd mat änneren oder net.
Dir krut och um 14:29 Moie gesot, a vläicht schonn e puermol ënner aneren IP-Adressen. Op där Säit gëtt et Hiweiser wéi ee ka matschaffen, a wéi Artikele sollen ugeluecht ginn. Et wier vläicht net schlecht sech dat alles mol eng Kéier unzekucken. Et wier och net schlecht sech e Benotzernumm zouzeleeën. Wa permanent aner IPen um Artikel schreiwen gëtt relativ séier nom Artikel gekuckt an eventuell Ännerunge gemaach. Wann dann d'Schëld EnCours net driwwer steet sinn Ännerungskonflikter gären op der Dagesuerdnung.
Les Meloures 15:19, 29. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Hei huet elo grad nees eng IP-Aktioun misse wéinst engem flasche Link annuléiert ginn. Dobäi gouf vun der IP de richtege Link erausgeholl an duerch e falschen ersat. Wann Der mengt et géif Spaass maachen ëmmer nees d'Botzfra ze spillen dann iert de Iech fatzeg. Dat war schonn an en etlech aneren Artikelen mat Verbesserunge vun IPen de Fall, mä anscheinend si mer sou iwwerhieflech a vun ons ageholl datt mer dat net wëlle bekäppen. Mä et ass anscheinend méi liicht iwwer aner Benotzer hierzefalen, wéi selwer nëmmen eng kleng Grëtz opzepassen. Les Meloures 20:06, 29. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Haut um 09:50 gouf déi selwecht Aktioun nach eng Kéier ënnerholl. Den Artikel gëtt elo gespaart fir IPen et geet duer. Les Meloures 09:50, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Bei d'Literatur zum John Knox dobäisetzen:

  • Andreas Pecar, Macht der Schrift - Politischer Biblizismus in Schottland und England zwischen Reformation und Bürgerkrieg (1534-1642) ; Oldenbourg Verlag, Veröffentlichungen des Deutschen Historischen Instituts London, Bd. 69, 2011; X + 487 S. (ill.). ISBN 978-3-486-70101-2

Wann d'Säit net gespaart wier...

Salut, R.D.

Ech hunn dat elo an den Artikel gesat. Dee war wuel gespoart gi well wärend enger Zäitche Vandale sech do drugehalen hu wéi de Geck un de Bengel. Et kéinzt een natierlech iwwerleeë fir en elo nees opzeman. --Otets♣ 12:23, 2. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]