Pierre Viret

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Pierre Viret

De Pierre Viret, gebuer 1511 zu Orbe, am spéidere Kanton Vaud, a gestuerwen de 4. Mee 1571 zu Orthez am Béarn, haut am Departement Pyrénées-Atlantiques (Frankräich), war e Schwäizer protestantesche Paschtouer, Theolog, reliéisen Auteur a Beroder vu verschidde Prënzen.

De Pierre Viret, dee vill publizéiert huet (ronn fofzeg Bicher), an deementspriechend ee grousse Succès am Europa vum 16. Joerhonnert hat, war deen eenzege Reformator aus der romanescher Schwäiz (pays romand).

Hien huet eng Zäit als Beroder um Haff vun der Jeanne d'Albret gelieft. D'Jeanne d'Albret, Kinnigin vun Navarra, war d'Mamm vum Henri, spéidere Kinnek vun Navarra, Chef vun den Hugenotten an - mat senger Bekéierung zum Katholizismus - éischte Kinnek vu Frankräich aus dem Haus Bourbon.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Disputations chrestiennes... ; Genf (Jean Girard), 1544.
  • De la vertu et usage du ministère de la Parole de Dieu et des sacrements dépendants d'icelle ; Genf, 1548; 337 Säiten.
  • Instruction chrestienne en la doctrine de la loi et de l'Evangile... ; Genf (Jean Rivery), 1564. I. Band -> 91 Säiten.
  • De l'Estat de la conférence, de l'authorité, puissance... ; Lyon (Senneton), 1565.
  • Discipline ecclésiastique en Béarn ;

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • G. Bavaud, Le Réformateur Pierre Viret, sa théologie ; Genf (Labor & Fides; Collection "Histoire & société", n° 10), 1986.
  • Henri Vuilleumier, Notre Pierre Viret ; Lausanne (Librairie Payot & Cie), 1911; 263 Säiten.
  • F.V. Massias, Essai historique sur Pierre Viret ; Cahors (Impr. Auguste Coueslant), 1900; 102 Säiten.
  • J. Cart, Pierre Viret le réformateur vaudois - Biographie populaire ; Lausanne (Libr. Ls Meyer, éditeur), 1864.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]